Home > Musek > Kann ee mir dat erklären?

Kann ee mir dat erklären?

Ech fannen dat jo ganz ok, dass d’Lena de Grand Prix gewonnen huet mee wéi kann een mengen, dass et eng gutt Iddi wier fir hatt och nächst d’Joër dohinner ze schécken??

Usech kann et jo nëmmen verléieren. An et wäert och, falls et wierklech nees optrieden sollt. Firwat sollten d’Läit dann nach eng Kéier en effet just hatt wielen? Den Sympathie/Newcomer-Bonus ass jo da schon verspillt an den ‘ech sinn anescht wéi die aner’ Effekt ass jo dann och net méi nei.

Verstinn dat wierklech net, well soss ass de Raab jo awer e gudde Stratege. Mee villäicht ass et jo och just nach d’Euphorie déi grad schwätzt?

Categories: Musek
  1. G.
    May 31, 2010 at 4:55 pm

    Kann ech dier nemmen zoustemmen, dat wor och mein eischten Gedanken.

  2. May 31, 2010 at 11:01 pm

    ech fannen dass daat Land waat den ESC ausdreit, also daat Land waat am Joer virdrun gewonnen huet, am Fong souwisou mat zimlech gerengen Chancen an den Wettbewerb geet.
    Mee beim Raab ass et einfach den Wettbewerb deen hien sou faszineiert, an lo huet en Blutt geleckt, an firwaat net eppes packen waat firdrun nach ni een gepackt huet…
    Ech färten just dass daat ganzt extreem wärt un d’Substanz vum Kandidat goen, well sou muss een probeieren d’Lena iwert 1 Joer hin zimlech waarm ze haalen. Oder et mecht een den Geigendeel ooftauchen an 3 Meint virum Contest rem alles vun vir ufänken!

  3. poli
    June 1, 2010 at 2:51 pm

    Salut

    Ass ganz einfach.
    Op den NDR (organisator) kommen d’nächst Joer souvill Käschten weinst der Eurovisioun. Si mussen elo schon spueren an wessen net wei si dat finanzéieren sollen.
    Si mussen ower durch Kontrakter rem een dohin schécken deen si mat Pro7 zesummen gekürt hun.
    Si hun ower net d’Geld fir rem eng Casting Show zemaachen. dat heescht si kéinten elo zesummen mat Pro7 kukn einfach irgendeen zehuelen, mee et ass méi einfach den Gewenner vun desem Joer zeschecken well dat dei mansten Käschten mat sech brengt…

  4. June 1, 2010 at 6:31 pm

    klengt logesch🙂

  5. June 1, 2010 at 6:33 pm

    En effet. Dat wier eng Erklärung. Allerdëngs ‘opferen’ sie d’Lena sou …

  6. Tom
    June 1, 2010 at 6:59 pm

    @poli
    Fir einfach en aaneren Sänger – ouni Castingshow – zehuelen, giff dann och géint déi grouss Kritik eigentlech goen, déi de Raab a co. jo dozou ugedriwwen hunn, dass et iwwerhaapt zu enger Casting Show kennt, fir dass d’Léit d’Méiglechkeet hun, hiere Kandidat kennen zeléieren, dass sie hannert him stinn, an dann hoffentlech, an dat jo super beim Lena geklappt, déi Jonk da schons iwwert den Internet extrem vill Reklamm maachen, an de Video duerch ganz Europa/Welt schecken.
    —-

    Ech hunn nach eng ganz aaner Erklärung (e bessche geklaut vum Jan Feddersen): de Raab probéiert domatter wéider d’Privatliewen vum Lena zeschützen. Well schliesslech glëwt jo jiddereen, dass d’Lena wuel déi beschte Chance hätt, als aktuell Gewennerin, fir de ESC an Däitschland zehaalen, an dowéinst wellen d’„Medien” dann hiere “Star für Oslo an [Berlin/Hannover/Gelsenkierchen/Hamburg etc.] net roose maachen, a respektéieren dann léiwer dem Meedchen séng Privatsphäre, well se soss giffe riskéieren, dass et einfach giff soen, ech haalen op a maachen dat net (méi).
    A wann et dann an e puer Méint giff lues a lues vun der Bühn verschwannen an giff décidéieren studéieren zegoen (et wees jo nach net ob et soll Musek wéider maachen oder net), an en néie “Star” da gesicht gett, geet den Intressi vun der “Presse” u séngem Privatsliewen schnell rem erof.

    Aaner Méiglechkeet ass natiirlech, dass de Raab wirklech dat “Onméiglecht” well méiglech maachen. Hien ass einfach e Spiller – hien huet jo souguer säin 10,000 Euro Gewenn fir “Unser Star für Oslo” ganz op eng Victoire vum Lena verwett. An ob et esou “onméiglech” ass fir nach eng Kéier zegewannen? Hmm… also Lordi hätt vrun e puer Joër, menger Meenung no, den Titel awer locker kéinnte verdeedegen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: