Home > Natur > Aral = BP.

Aral = BP.

Bei eis ginn et jo keng BP Tankstellen (mengen ech?). Wann een trotzdem BP wëll boykottéieren sou kann een dat maachen an deem een net méi bei Aral, déi zu BP gehéieren, tanken geet.

Categories: Natur
  1. June 2, 2010 at 3:27 pm

    Mengs du BP mëscht net hiert bescht et gefléckt ze kréien? Si verléieren all Dag Milliounen, dofir kann ech mer schlecht virstellen, dat et hinnen egal ass?

  2. June 2, 2010 at 3:32 pm

    Dach, dat mengen ech schon.

    Mee sie hunn fahrlässeg gehandelt wéi se déi bëlleg Variant gewielt hunn fir ze bueren an gehéieren e bëssen bestrooft dofir …

    Oder mengs du et sollt een se trotzdem ennerstëtzen well se soss op eemol keng Suen méi hätten fir iwwerhaapt nach eppes probéieren ze kënnen?

  3. June 2, 2010 at 3:59 pm

    Ech mengen dat si schonn zimlech vill esou bestrooft ginn. Egal wei muss eben elo probéiert ginn (an ech mengen dat gëtt och gemaach) et zou ze kréien… et geet bis elo keen Planet B.

  4. June 3, 2010 at 1:40 am

    Gei mol eng Kéier op d’Aire de Capellen kucken. Richtung Bréissel steet eng Texaco, an Richtung Staat eng…???? Na ?????🙂

    http://geo.uni.lu/joomla/index.php?option=com_content&task=view&id=1128&Itemid=179
    Bingo!

  5. June 3, 2010 at 10:14 am

    Eng Tankstell boykottéieren geet schlecht. Se verkaafen hiere brennes einfach bei den aanere Tankstellen, an déi huelen et well den Transport dann mi bëlleg ass.

    Di boykott Geschichten vun Tankstellen gin emmer vum Fakt aus dass Tankstellen net ennerteneen kaafen/verkaafen.

  6. Nic
    June 7, 2010 at 2:46 pm

    Zeguer wann Tankstellen boykotteiren geif goen, waat net wierklech meiglech ass, wei den Mike schon seet, wier et nach emmer keng Leisung.

    Ech denken zwar dass BP zeguer no den Mosstäb vun Uelesch-Entreprisen nach zum zimlech Allerleschten gehéiert, well se ganz bewosst, duech hier marod an inkonsequent Secherheetsmoosnahmen, sou Risiken a kaaf huelen. Se haaten jo schon oft Secherheetsproblemer an Raffinerien an sin (anscheinend) bekannt dofier mat veraltetem Material ze schaffen, well et mei belleg ass.

    Trotzdem, dorun Schold ass en relativ klengen Krees un Leit, dei et einfach net färdeg brengen Risiko an Notzen richteg géinteneen oofzeweien. Ech hoffen zwar dass do Stroofen verhaang gin (an ech schwätzen net vun Geld, mais vun Prisong), mais sou wei et ausgesait kann et gudd sin dass BP (weinst verloscht an Sanktiounen) daat do net iwwersteet, an daat ass tragesch.

    Weisou? Well BP bal 100 000 ugestellter huet, wouvunn der vill net ganz vill aaner Meiglechkeeten hun. Dei weinegst vun deenen sin Schold um Desaster. An lo root mol wien vun engem Boykott betraff wier? Genau.

  7. June 7, 2010 at 2:53 pm

    Well BP bal 100 000 ugestellter huet, wouvunn der vill net ganz vill aaner Meiglechkeeten hun. Dei weinegst vun deenen sin Schold um Desaster. An lo root mol wien vun engem Boykott betraff wier? Genau.

    Jo, dat woer mer kuerz nom Posten och schon bewosst ginn.

  8. June 7, 2010 at 2:55 pm

    Ech géif soen, dat falls BP faillite geet ginn déi verschidden Deeler vun aneren Firmen opkaf.

  9. Nic
    June 7, 2010 at 3:17 pm

    Jo natierlech verleirt net jiddereen seng Plaatz. Mais verschiddener schon. An daat tendeiren grad dei Leit ze sin, dei am weinegsten fir iergendeppes kennen an sech am weinegsten hellefen kennen.

    Amplaatz en sennlosen Boykott ze versichen mecht et mei Senn sech iergendwei dofir anzesetzen dass Greenpeace (oder soss een) et packt dei schelleg viru Geriicht ze huelen oder en Don ze maachen un der Leit dei an den USA an Mexico wirtschaflech betraff sin. Oder soueppes.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: