Home > Politik > Oh Mamm.

Oh Mamm.

D’von der Leyen als potentiell däitsch Bundespräsidentin?? Wat fannen se nëmmen un der Quetsch?

Categories: Politik
  1. Matriarchin
    June 2, 2010 at 8:14 am

    W.g.l. kéng esou sexistesch Aussoen.

    Se ass Mamm vu 7 Kanner an engem Elternhaus grouss ginn wou de Papp schonns Politiker wor.

    Si wess wéinstens vu wat se schwätzt wann se vu Famill schwätzt a vun der Arbécht. Liddereg wor si bestömmt net an en Talent fir z’organizéieren, soss hätt dat mat de 7 Kanner net geklappt, an natierlech e Partner de matgezunn huet.

    Mir ginn jo an der Lescht nach bal nömmen vun Zölibatairen a kannerlose Politiker, dorénner och nach villen “homo” och Geschtlech dirigéiert.

    Obschonns ech naischt géint déi Leit hunn déi vum aneren Ufer, mä wann se mer an de familiäre Krom spaitzen oder an d’Relioun an an d’Moud, dann schonns.

    Mir selwer hunn vill ze mann Mammen an der Politik a braichten Plazen mat halwem Kader an der Politik an an der Industrie bis, datt d’Kanner aus dem Gröbsten eraus wiren.

    Et héiert en awer émmer nömmen vun der Industrie an der Politik, datt dat net machbar wir. Alles ass machbar wann de gudde Wöllen do ass.

    An Daitschland schéngt jo do en Emdenken ze kommen, datt d’Mammen vill Talenter hunn, dacks och nach eng immens gudd Ausbildung.

  2. June 2, 2010 at 8:16 am

    Dat woer keng sexistesch Ausso. Ech hu keen Problem mat enger BundespräsidentIN. Ech fannen just d’von der Leyen, vun deem wat ech sou matkritt hunn, eng Quetsch.

  3. June 2, 2010 at 10:06 am

    Generell kéint een sech d’Fro stellen, ob “Quetsch” als Beleidegung sexistesch ass. Bzw. d’Fro stellen, waat fir een Begreff s du geholl häss, wann et ëm een Mann gaangen wier.

    Homosexuell Menschen därfen zwar existéiren, mä solle gefällegst de Baack haalen an politesch net matbestemmen? Wouhier kennt den homophobe Blödsinn dann?

    “Mamm” ze sinn ass nach keng Qualifikatioun per se.

  4. June 2, 2010 at 10:12 am

    Quetsch = Hännes, generell: mir onsympathesch, net mat hieren Iddien d’accord, etc.

    Deen zweeten Deel vun denger Fro ass jo un eis ‘Matriarchin’ geriicht …

    Ginn der Recht: firwat déi Homophobie an Mamm sinn alleng qualifizéiert och net fir villes. Ass jo net sou schwéier Mamm ze ginn!

  5. lapoupeerusse
    June 2, 2010 at 11:05 am

    Mir sinn ze wéineg Mënschen mat rosa Hoer an der Politik. Ech fannen dat sollt sech änneren. (…) Ech mengen wann een bei der Fro no dem nächsten Bundespräsident (oder Bundespräsidentin fir eis empfindlech Leit) dorop kuckt huet een en puer fundamental politesch Zich net matkritt.

  6. June 2, 2010 at 11:06 am

    Ech hunn d’von der Leyen léier als Bundespräsidentin wou se kee reale Pouvoir huet, ewéi als Ministesch ewou se Gesetzer kann opsetzen.

  7. June 2, 2010 at 12:20 pm

    Thierry: dat ass natierlech och en Argument. Mee als Bundespräsidentin kéint sie awer reaktionär schwadronéieren an och sou d’Läit oder d’Meenungen beaflossen?

  8. June 2, 2010 at 1:16 pm

    Dat mécht se dach souwisou elo och schon. Mam Ennerscheed, dass se am Moment reale Pouvouir huet.🙂

  9. June 2, 2010 at 1:17 pm

    Grml. Pouvoir, natirlech.

  10. June 3, 2010 at 11:30 pm

    “Si wess wéinstens vu wat se schwätzt wann se vu Famill schwätzt”. Jo, ganz bestëmmt. Genausou wéi déi duerchschnëttlech Famill 7 Kanner huet, d’Eltere allebéid Mediziner sinn an de Grousspapp pensionéierte Regierungschef.

    “Talent fir z’organizéieren, soss hätt dat mat de 7 Kanner net geklappt”. Wann ee sech d’Karriär vun der #Zensursula ukuckt, da muss se effektiv e grousst Talent am Babysitter-Beschafen hunn.

    Firwat muss sou eng Fra eigentlech nach Imagepflege bedreiwen?

  11. June 4, 2010 at 7:07 am

    Georges: Genau!

    Et ass ëmmer liicht fir 7 Kanner ze hunn, wann een de finanziellen Background and supplementar Hëllef zur Verfügung hunn … ass awer definitiv net Standard!!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: