Home > Video, Wired world > iPhone 4.

iPhone 4.

Gesäit aus, wéi wann ech mer dann lo demnächst giff mäin eischten iPhone kafen. Sinn zumools och op deen ‘retina display’ gespaant mat sengen 960-640 Pixelen.

Hier Reklammenvideoen missten just net sou pathetesch sinn … d’Funktiounen usech sinn awer schon cool an nees gutt integréiert.

Wéini ass Juli?

Categories: Video, Wired world
  1. June 7, 2010 at 9:10 pm

    Kritt een deen dann och zu Lëtzebuerg? Wéi weit si mer mam 4G?

  2. June 7, 2010 at 9:30 pm

    Ech huelen un am Juli kréie mer deen och hei?

    An en iPhone 4 kann een jo awer och an engem 3G Netz benotzen, oder?

  3. June 7, 2010 at 10:01 pm

    Ech kann mer virstellen dat en dann iergendwann kennt (obwuel Lëtzebuerg oft Retard huet).
    Jo, 3G geet, mä 4G géif eigentlech vill méi Sënn man.
    An den States sinn och 4G Empfängeren (am Fong just ee Knäppchen, deen een iwwerall mathuelen kann, an deen den 4G Signal an extrem séieren wifi strahlt, also fir all engem seng widgets) immens populär, dat mecht an sou groussen Länner och wierklech Sënn, well een dann iwwerall séieren Internet huet. Mee Europa ass do nach zimlech hannendran, mengen ech.

  4. denjclaude
    June 8, 2010 at 10:12 am

    Hmm, fir déi HD Video Funktioun ze notzen brauch een eng App vun 4,99 Dollar. Nach ëmmer keen SD-Kaarten Support dofir en Akku deen een net wiesselen kann an en wahrscheinlech zouenen net standardiséierten System fir Video Telefonater deen keen Live Streaming kann.

    Och den iPhone wäert vun sengen eegene Kanner gefriess ginn.

  5. June 8, 2010 at 10:26 am

    Nee, du brauchs den iMovie fir iPhone just ze kafen wann s de um iPhone deng Filmer schneiden etc wëlls. Ophuelen geet einfach sou. Kanns de Film jo dann op däin Computer iwwerdroen an do weider verschaffen. Ass jo och méi praktesch!

    Wat mengs de mat Live Streaming beim Video-Telefonat?

    An ech kafen mer awer en iPhone 4🙂

  6. denjclaude
    June 8, 2010 at 10:57 am

    Mach Du😉

    Ech hunn et éischter esou interpretéiert datt een zwar HD ophuelen kann, déi App awer gebraucht gëtt fir et dann ze exportéieren. Kann mech awer do ieren

    Déi aktuell Video-Telefonie Funktioun schéngt just iwwert WLAN ze funktionéieren (leit awer un den Netzbedreiwer) a just vun iPhone 4 ob iPhone 4. Du kanns en zum Beispill elo net huelen an en Live-Video dermat an den Internet iwwerdroen.

    http://www.engadget.com/2010/06/07/iphone-4-vs-the-smartphone-elite-evo-4g-n8-pre-plus-and-hd2/

  7. June 8, 2010 at 11:32 am

    Ech hunn et éischter esou interpretéiert datt een zwar HD ophuelen kann, déi App awer gebraucht gëtt fir et dann ze exportéieren. Kann mech awer do ieren

    Si mer och net sécher. Schéngt mir awer wéi wann den iMovie just fir d’Editéieren néideg wier?

    Du kanns en zum Beispill elo net huelen an en Live-Video dermat an den Internet iwwerdroen.

    Ah ok. Wéi soss mat enger Webcam?

  8. June 8, 2010 at 12:14 pm

    Et ass mir opgefall dat den iPhone 4 guer keen 4G huet. Just een méi seiren 3G, deen gëtt et och zu Lëtzebuerg (besonneg an der Stadt…)

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: