Home > Wired world > Safari Reader.

Safari Reader.

D’Safari Reader Funktioun vum neien Safari 5 gefällt mer nawell ganz gutt. Jo, et gët Readability etc déi ähnleches erméiglegen, mee de Formatage, d’Fonts, etc vum Safari Reader sinn einfach 1A!

Momentan benotzen ech allerdëngs normalerweis de Chrome fir ze browsen. Mol kucken op ech nees zereck switchen.

Categories: Wired world
  1. June 9, 2010 at 12:09 am

    Mir gefällt et virun allem, dass de Reader automatesch erkennt ob en Artikel iwwer e puer Säiten geet, an déi dann alleguerten an engem fortlafenden Text uweist. Spuert engem dat onheemlech nervegt Geklicks a Neilueden all dräi Paragraphen.

    Ech géing et cool fannen, wann den Hannergrond géing komplett ausgeblendt ginn. Mä entweder kënnt do an e puer Deeg wuel eng Extension eraus, oder ech schreiwe mer selwer eng.

  2. June 9, 2010 at 7:08 am

    Mir gefällt et virun allem, dass de Reader automatesch erkennt ob en Artikel iwwer e puer Säiten geet, an déi dann alleguerten an engem fortlafenden Text uweist. Spuert engem dat onheemlech nervegt Geklicks a Neilueden all dräi Paragraphen.

    Jo, sou Klickstrecken nerven. Mee d’Siten man déi jo fir méi Page Impressions ze kréien a méi Reklammen kënnen ze weisen. Den Safari Reader sabotéiert dat natierlech, wat die kommerziell Siten natierlech net immens fréeën wäert …

    Ech géing et cool fannen, wann den Hannergrond géing komplett ausgeblendt ginn. Mä entweder kënnt do an e puer Deeg wuel eng Extension eraus, oder ech schreiwe mer selwer eng.

    Readability mécht dat jo lo schon. Ech fannen awer wéi gesot den Look’n’Feel vum SR besser. Dat mam Hannergrond stéiert mech perséinlech lo net sou. Vu dass ech souwiesou schon Reklammen ausgeblend hunn.

  3. June 9, 2010 at 8:27 am

    Esou eng Reader-Funktioun wier och um iPhone oder iPod Touch cool fir Siten déi net optimiséiert fir mobile devices sinn. Dann kéint een de Contenu vun deenen Säiten awer an enger agreabler Form liesen.

  4. June 9, 2010 at 11:55 am

    Sinn ech ze blöd oder geet dat mat deem Reader-Button bei mir net? Mir weist en nach ëmmer den RSS-Button un.:-/

    Fir den iPhone gëtt et eng Reader-Funktioun. Kuck emol bei Instapaper ganz ënnen, ënner Mobilizer: http://www.instapaper.com/extras

  5. June 9, 2010 at 12:36 pm

    De Knäppchen gët zb net op der Homepage vun spiegel.de gewiesen, just op den jeweilegen Artikelsäiten. Villäicht erkläert dat et bei dir?

    Merci, kucke mer deen Mobilizer mol un!

  6. June 9, 2010 at 3:20 pm

    Ah, dann checken ech dat mol herno. Sinn hei nach mam Safari 4 ennerwee.😉

  7. June 9, 2010 at 8:19 pm

    Et funktionéiert effektiv just op Artikelsäiten. Bei méisäitegen ruled dat nawell.🙂

  8. Grommel
    June 10, 2010 at 7:21 am
  9. June 10, 2010 at 11:04 am

    Georges:

    Mécht jo awer och Sënn, dass et just op Artikelsäiten geht?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: