Home > Gesellschaft > Limiten vun der Toleranz.

Limiten vun der Toleranz.

Kéint een sech esou eppes an enger islamescher / chrëschtlech-fundamentalistescher / hardcore-kapitalistescher Gesellschaft virstellen?

Ech mengen wuel kaum. Duerfir sinn och Gesellschaften no dësem (däneschen) Modell virzezéien an ech hoffen just, dass dat och an deenen Länner sou bleift well sie hunn jo och deelweis zB en groussen Influx vun moslemeschen Immigranten.

Mir dierfen net aus naiver Toleranz oder falscher politescher Korrektheet eng Diminutioun vun eisen humanisteschen Valeuren riskéieren.

Categories: Gesellschaft
  1. Matriarchin
    June 9, 2010 at 12:52 pm

    D’Press an d’Medien machen alt nes hir Aufgab net richteg an iwwerhuelen Ausdréck vun aneren. Et géing e net méngen, datt mer do lauter studéiert Leit sétzen hätten.
    A ganz Europa ass ken den sech mat Relioun befasst, anscheinend just de Geert Wilders an ech selwer.
    Oder losse mer emol soen, de Mart gött iwwerschwämmt vu Bicher wéi: Der Abschied vom Abendland. Der Abschied vom Himmel. Reflections on the Revolution in Europe. Oder dem Hendryk Broder séng Bicher: Hurra, wir kapitulieren!: Von der Lust am Einknicken. Déi naïv Europäer kennen hir Relioun emol net, se lehnen se awer of a wössen emol net firwat. A Chréschteverfolgung dovun hunn se nach ni eppes héieren.

    Könnt elo en de wess vu wat e schwätzt, gött den als rietspopulistesch diffaméiert. Den Theo Van Gogh ass schonns vergiess, gouf émbruecht mam Segen vu Gott. Natierlech huet de Van Gogh ziemlech krass provozéiert e wor jo awer Hollänner, do ass dat jo normal grad wéi an Dänemark och.
    Elo stousse mer awer op europäesch Anormales, net Gängeges fir Europa. Eppes wat net mat eise Mossstiew ze mossen ass. De Van Gogh hat net dru geduecht dat en sech hei op geféierlechem Terrain bewegt. D’Ayaan Hirsi Ali, déi wosst ganz gene vu wat se géing schwätzen a flang hat se eng Fatwa um Bockel, huet missen énnerdauchen.

    Könnt elo nes e couragéierte Mann den dat “gliddescht Eisen upackt” gött en och nach vun der Press an de Medien diffaméiert als auslännerfeindlech ugesinn.
    Wéini dierf en dann emol vun den Inlännerfeindlechen schwätzen? Déi, déi sech absolut net integréieren wöllen, dacks iwwerhatp naischt schaffen well se kéng anstänneg Ausbildung hunn an och ni eng kréie werten. Wéisou sollen déi sech esou drunn ginn wéi d’ Ayaan Hirsi Ali, déi beweist wéi wait en et brénge kann wann e flaisseg ass an sech assimiliert. Et kann en sech en UNisdiplom erschaffen a sech vun alle Reliounen ofnuebelen. D’Ayaan Hirsi Ali wosst gene firwat. Bei all den aneren ass d’Plack stoe bliwwen: Das Geld kommt vom Amt, de père en fils, losse mer weider un de Méllechkou suckelen.

    Et kann e nömmen de Kapp réselen iwwer dat Wuert “rietspopulitesch an auslännerfeindlech”. D’Press an d’Medien wösse net wat dat ass oder se sinn ze e faul fir méi déif ze goen. Mat de Chréschtdmokraten ass d’Press an d’Medien jo och net all zevill frou. Zevill chréschtlech oder am Fall vun Holland zevill Protestantesch, wat emmer dat hesche soll?. OP wat fir enge Schoulen hunn déi vun der Press an de Medien hir Ausbildung gemach wann se den Ennersched vun enger Demokratie an enger reliéis-politescher Diktatur net kennen. Kefalls vu Reliounspoltik schwätzen, oder schwätzen dierfen.

    De Geert Wilders mat der daitscher NPD glaich ze setzen ass e starkt Stéck! Dorops left et jo schliesslech eraus. An Europa warden der jiddefalls ganz vill drop, datt couragéis Leit ewéi Wilders de “lahmarschegen” grousse Parteien emol weisen wou de Bock d’Lach huet.

    Kucke mir alleguerten no wéi de Sozialstaat ausgesuckelt gött duerch d’Polygamie oder rite mer der Press an de Medien emol den Dix sech emol eng anstänneg Ausdrocksweis zouzeleén an net einfach alles nozebradelen, sech net alles virknaen ze lossen. We géint de Stroum schwömmt ass rietspopulistesch. Wen e gesonden a kritesche Ménscheverstand opweises huet, ass auslännerfeindlech.

    Politeschen Aktivismus könnt souwisou un d’Dageslicht. Et kann en de Bierger net méi mat Schlagwierder fir domm verkafen. Firwat goufen dann aus den Auslänner keng Inlänner? Esou misst dach d’Fro gestalt gin! Firwat brauche mer nach Moscheén wou d’Kathedralen dach schonns eidel stinn? Wöll Europa tatsächlech mat aller Kraft zréck an d’Méttelalter.

    Dann hätte mir all fir naischt geliewt.

  2. June 9, 2010 at 1:01 pm

    D’Chrëschtentum ass just ze erdroen (bei eis) well et keng wierklech Muecht méi huet! Fréier hunn vill Läit ënnert der Kierch gelidden, dat ass eng Tatsaach.

    Radikal Chrëschten sinn genausou schlecht wéi radikal Moslems. Béides wëll ech net. A béides soll net toleréiert ginn. Op alle Fall net an eiser Gesellschaft. Wann sie wëllen beim Hond hannen eng Kommune opman an do virun sech hier piddelen wëllen, vun mir aus. Soulaang keng Mënscherechter dobäi verletzt ginn.

    Ech wëll eng humanistesch Gesellschaft wou d’Läit sech respektéieren an sech géigensäiteg hëllefen. Wann verschidden religéis Léiren dat ënnerstëtzen, gutt. Wa net, da gehéieren se ignoréiert.

  3. G.
    June 10, 2010 at 2:16 pm

    Nujo, wann een dei Wierder auslännerfeindlech oder rietspopulistech heiert, sinn dei Begreffer och meeschtens berechtegt. Bei engem Gert Wilders zum Beispiel ass et jo awer ganz kloer. Ech mengen et muss een jo awer nach ennerscheeden kennen zweschen engem harmlosen Moslem an engem islamistechen Fundamentalist. Rietspopulisten maan och den Geigendeel vun enger Integratiounspolitik. Sie grenzen d’Lait nach mei aus an dat ass schlussendlech kontraproduktiv. Eng Integratioun kann just freiwelleg sinn an muss vun der Politik gefördert ginn, ausserdeem ass e grousse Problem an Awanderungslänner d’Bildung.

    Bon, jiddereen dierf glewen wat en well, mee soubaal Menscherechter verletzt ginn, muss sech d’Justiz aschalten. Weini get schliesslech Toleranz iwwerschratt, ma schlussendlech wann et net mei am Rahmen vun eisen Gesetzer ass.

  4. June 10, 2010 at 2:19 pm

    G:

    Wat fir eng Gesellschaft fënns du dann besser: eis (westlech & humanistesch) oder hier (moslemesch & traditionalistesch)?

  5. June 12, 2010 at 9:16 am

    G?

  6. Matriarchin
    June 12, 2010 at 6:35 pm

    Ne, absolut net,déi Begréffer sinn absolut net berechtegt.
    Wann de Leit d’Argumenter felen ass en direkt auslännerfeindlech oder rietspopulistesch.
    So emol zu engem Afrikaner, dat do get net bei eis, da göss de direkt als rassisstesch oder friemefeindlech ugepöbelt.

    Den Afro-Amerikaner, Journalist Richburg huet Afrika besicht an de Kontinent als de gewaltätegste Kontinent aklassiert.

    Zénter iwwer 10 Joer befassen ech méch mam Problem “Relioun”. Ugefangen huet et, datt ech eppes iwwer den Islam wollt wössen, dunn sinn ech awer emol gewuer ginn wat d’Chréschtentum bedeit, duercht ech jiddefalls.
    Jiddefalls sinn ech do emol a Bibelcouren gewuer ginn, also ke Biedquiselcour éischter en Del vum A.T. politesch a feministesch erfasst, datt Fraenimm an der Bibel zu Männernimm emgeschriwwen goufen. Spéider hunn ech Uta Rnke-Heinemann glies. Dat huet mer do d’Aen opgemat, bestätegt wou ech schonns émmer massiv drun gezweifelt hunn, datt do um Rad gedréint ginn ass.

    Haut sinn ech iwwerzegt, d’Bibel, N.T. muss émgeschriwwe ginn, nes ugepasst ginn wa mir schonns 80 Mio bezuelen de Kanner Reliounsunterrecht baizebréngen. Wann en déi Bibeltexten am Wort liesst, ginn engem d’Ronekenellen aus. We kann mat där Sproch eppes ufänken?

    Wat de Wilders uget, de wess wat Islam ass. De gouf vun Ayaan Hiri Ali beroden.
    Et brauch e nömmen muslimesch Autoren ze liesen oder Europäer déi lang an arabesche Länner geschafft hunn. Et gött der genuch.

    De Wilders huet de Problem richteg erkannt, an huet immens vill Zivilcourage, egal wat déi aner soen. Holland ass kléng a stark besiedelt. 1,5 Mio Leit hunn e gewielt. Déi wössen all, datt an de Moscheén Politik gemacht gött. An déi ass alles aneres wéi Integratiounspoltik. Islam baut Parallelgesellschaft op a betonéiert se fest. Aus dem Islam dierf e net austrieden, esou eppes dierf an Europa net zougeloss ginn. Gewalt huet dach immens zougeholl well jonk Muslim op de Stross liewen, d’Haus gehéiert de Fraen an de Schwésteren.

    Esou komesch et klénge mag, de Wilders setzt sech fir de Muslima hir “universal Ménscherechter” an. Dat verstinn se wahrscheinlech eréischt déi nächst Generatioun.

    Firwat ass de Bichermart voll vun Protestbicher? Et sinn der émmer méi!

    Et gött genuch Vidéo op Youtube ze kucken, datt déi Protestbicher berechtegt sinn.
    Dat ass kéng Integratiounspolitik wann Uweisung gemacht gött vum Imam wéi e Frae schloe soll!
    Oder wann den Erdogan an Daitschléand set, d’Türken dierften sech net integréieren.

    Ech fannen, datt mer brauchen:

    1. Westlech humanistesch Werter fir déi, déi kéng Spiritualitéit wöllen.
    2. Fir déi déi Spiritualitéit brauchen, Gebieder a Ritualen déi de Ménscherechter glaichkommen, d’Glaichwertegket vu Mann a Fra. Sakral Gesäng sinn wonnerbar, a sakral Konscht och. Se soen vill aus op Joerhonnerten, wann en se richteg z’interpretéiere wess.

    Aus de Statuten vun de Ménscherechter muss dat Wuert Reliounsfraihet ewech, well et de Fraifahrtsschain fir Gewalt ass. Patriarchal Reliounen machen net frai a sinn kriegeresch. Et ass de Krich téschent Mann a Fra. Den absolute Gehorsam den Elteren verlangen vun de Kanner an d’Kontroll iwwert de Kanner hir Sexualitéit.

    Reliounen sollen dem Ménsch am Alldag höllefen an e net verdamen, cougenéieren a psychologesch manipuléiren. De Khalil Gibran huet wonnerbar TExter geschriwwen am : Prophet. E ganzt kléngt Bichelchen.

    Elo ass et awer virkomm, datt zu Létzeburg e Konvertit (zum Islam iwwergang) mam Khalil Gibran hauséiere get. Dat ass dout schlömm wa Leit do drop eran falen.

    Reliounen mussen esou ugepasst ginn, datt se d’Glaichwertegket vu Mann a Fra respektéieren, natierlech och d’Rechter vun den homosexuelle Koppelen, d’Kannerrechter an Déiererechter. De Schutz vun der Natur. Dat Wuert Schöpfung stömmt och net. Et gött ke Schöpfergott, héchstens eng Fruchtbarketsgöttin.

    z.B. Déiereschutz, do ass Schächten onhemlech grausam well do anscheinend émmer nogestach muss ginn well déi Oder émmer zouget.

    Et kéint en elo nach Saite voll schreiwen. Leider kucken all eis Politiker no de Petrodollars a kuschen, ginn lichtfankeg eis Demokratie op.

    Relioun intresséiert se net, mä Reliounspolitik sollt se schonns intresséieren wann se mat Araber Geschäfter machen. Am Islam verschmelzen jo Relioun a Politik.

  7. Matriarchin
    June 12, 2010 at 6:53 pm

    Op d’Fro op ech muslimesch-fundamentalistesch géing gudd fannen, stellt sech jo net méi, no méngen villen Aussoen.

    Chréschtlech fundamentalistesch ass och ofzelehnen z.B. wann en Dokter den Ofdreiwungen mécht erschoss gött. Oder wann Kulturdenkmäler an der Eifel zerstéiert ginn wou de Matrounekult duergestallt ass, den och nach vun de Réimer iwwerholl gouf. D’Original stoung awer schonns am Musée, der Göttin sei Dank.

    Et ass einfach horrent wat patriarchal Reliounen an hir Regierungen Geld ausginn fir d’Geschicht ze verfälschen.

    Gott ouni Göttin gött et net an der Natur.
    Wann kéng Göttin, dann och ke Gott.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: