Home > Gesellschaft > Domm Läit.

Domm Läit.

Ass jo och wierklech eng super Iddi fir säin 16jähregt Meedchen alleng op eng Weltemsegelung ze loossen … Am Eescht: wat geet an esou Käpp fir? Zumools och an deenen vun den Elteren? Wahrscheinlech denken se just  un Bicher- an Filmdealen … an dofir sinn se dann och bereet d’Liewen vun hierem Meedchen ze riskéieren.

Bon, sollen se dat halt maachen, wann se dat fir richteg halen, mee mäin Matleed hällt sech a Grenzen, wann hatt dann lo wierklech dobäi dropgoen sollt.

Wier just interessant ze wëssen, wéi d’Meedchen déi Obsessioun entwéckelt huet.

Categories: Gesellschaft
  1. June 11, 2010 at 7:34 am

    Oh, dat hei erkläert schon rem sou muenches:

    “I heard Abby saying that she knows God will totally protect her. She was very serious and meant it. Her family shares her conviction.”

    (source)

    Gott schéngt awer momentan en Tëmmchen ze halen?

    Mee do gesäit een rem wéi geféierlech et ass, wann een iwwerzeegt ass, dass imaginär Wiesen een beschützen an een dofir gewëllt ass enorm Risiken anzegoen.

  2. June 11, 2010 at 8:19 am

    Ah, sie hu nees Kontakt mat him: http://www.msnbc.msn.com/id/37621453/ns/us_news/

    Gutt fir hatt dann! Mee et ass awer fonnt ginn wéinst engem Airbus A330, deen op der Sich no him woer a net wéinst iergendwelchen Gebieder oder engem imaginären Wiesen.

    Ech hoffen just, dass d’Elteren lo fir deen Asaatz do ferme blechen mussen:

    Australian Maritime Safety Authority spokeswoman Carly Lusk said three vessels were sent from the French territory of Reunion Island and an aircraft was dispatched from Perth on a four-hour flight to Abby’s location more than 2,000 miles from both Africa and Australia.

    Qantas airlines said in a statement that an Airbus A330 tasked by the safety authority took off at 7:53 a.m. Friday Perth time (23:53 GMT).

  3. Arlesienne
    June 20, 2010 at 11:29 pm

    Schued, dat et net geklappt huet, trotzdem Bravo, Abby! Et gëtt leider net vill Meedercher vu senger Zort, déi kämpfen fir hiir Dreem ze realiséieren. Déi meescht Meedercher a sengem Alter riskéieren léiwer hiire Knöchel oder wa se Pech hunn d’Halsgenéck ze briechen am Heidi senger Flop Model Maschinerie. Wär ech nach 16, da wär d’Abby meng Heldin an ech wënschen him fir déi näscht Rees Mast und Schotbruch!
    Dem Jessica Watson as et och gelong.

  4. June 21, 2010 at 7:26 am

    Fir eng Solo-Weltemsegelung an dem Heidi seng Show ze vergläichen ass Kabes. D’Risiken sinn jo definitiv komplett verschidden.

    An de Punkt vu mengem Post woer, dass esou en Meedchen sech just op esou eng ridicule a liewensgeféierlech Aventure aléisst well et iwwerzeegt ass, dass säin onsichtbaren Frënd (Gott) op hatt oppasst. Wat natierlech kompletten Kabes ass. D’Entreprise usech fannen ech komplett irresponsabel (an och onnëtz). Ech hoffen och, dass d’Elteren fir all Cent vun der Rettungsaktioun mussen opkommen!

  5. Arlesienne
    June 22, 2010 at 2:49 am

    Mussen et dann ëmmer gestaane Maansbiller mat struppege Bäert an wiedergegerbter Haut sinn, déi sech an sou oder ähnlech Abenteuer stiirzen diirfen? Oder bass Du grondsätzlech géint sou Aventuren? Dat géif mech intresséieren.

  6. June 22, 2010 at 7:33 am

    Ech fannen, dass Teenager (egal op m oder w) sou Aventuren nach net brauchen ze maachen, zumools net just fir en Rekord ze briechen. Kënnen se dat net e puer Joer méi spéit maachen? A wéi steet et mat der Schoul? Ech huelen un, déi ass just zweetrangeg? Menger Meenung no agéieren d’Elteren irresponsabel an sou engem Fall. Giff Dir Äert 16-jähregt Meedchen alleng em d’Welt seegelen loossen?

    Mee bon, wann se et dann trotzdem maachen wëllen, dann sollen awer och déi Persounen selwer, oder an dësem Fall d’Elteren, fir ALL d’Käschten vun enger eventueller Rettungsaktioun opkommen! Et ass net un aneren fir dofir ze bezuelen.

    En plus ass et e gutt Beispill dofir, wéi religéisen Glaawen een verblend a Risiken falsch aschätzen léisst!

  7. Arlesienne
    June 24, 2010 at 2:19 pm

    Wat de religéisen Aspekt & d’Käschte vun den eventuelle Rettungsaktioune betrëfft, do sinn ech absolut Denger Meenung. Ech kann zum Deel awer novollzéien wa jonk Leit hiir Dreem verwiirkleche wëllen a si ginn bestëmmt och net onviirbereet op de Wee.

    De Jordan Romero as mat 13 Joer op de Mount Everest geklomm, d’Samantha Larson huet mat 18 all “seven summits” erklomm, fir just 2 Beispiller ze nennen. Kloer sinn dat Ausnahmeerscheinungen, kloer gi se vun Elteren, Sponseren etc. ënnerstëtzt, mee schlussendlech kënnt et op hiren eegene kierperlechen a moraleschen Asaatz un, fir hiirt Ziel z’erreechen. Et as dat, wat ech respektéieren an och bewonneren. Dat ënnerscheed sech grondsätzlech vun der “no risk no fun” Astellung vu ganz ville Jugendlechen, déi de Kick beim Bungeesprangen, Canyoning etc. sichen an sech de Risiken oft guer net bewosst sinn.

  8. June 24, 2010 at 2:24 pm

    Wann een scho mat 13 op de Mount Everest geklommen ass, wat kann dann nach kommen?

    Bon, soll jidereen maachen wéi e wëll (awer fir eventuell Rettungsaktiounen etc och selwer opkommen!), mee ech fannen et iwwerdriwwen. An ech wéilt och mol gären wëssen wéivill d’Elteren dës Kanner gepusht hunn fir all déi Tricken wëllen ze maachen …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: