Home > Sport > Vuvuzela.

Vuvuzela.

Verbuede sollt se ginn. Zerstéiert all Stadionsatmosphäre.

Categories: Sport
  1. Tom
    June 13, 2010 at 12:25 am

    Häh? Firwaat? Sie “zerstéieren” vielleicht déi Stadionatmosphäre déist du (a vill Europäer) gäeren hues a kenns, mee et baut eben eng aaner Stadionatmosphäre ob, eng südafrikanesch Stadionsatmosphäre. Fann déi gudd oder net gudd, mee zesoen, dass se “all Stadionsatmosphäre” zerstéiert ass falsch. A wéi den holländeschen Nationaltrainer zefuerderen dass se solle verbuede ginn, ass jo nach dat beschten Steck ganz nom Motto: “Südafrika, dir kritt endlech d’WM (nodeems der fir déi vun 2006 ferm iwwert den Desch gezu gouwt), *mee* et muss awer alles no “eisen europäeschen” Moosnahme stattfannen.”
    Dat gehéiert a Südafrika (an eigentlech och a Südamerika, ech frëe mech schons op 2014 a Brasilien) dozou. Dat zielt zu hierer Kultur. Sierf op fir déi Kultur. Dat ass dach de Sënn vun enger Weltmeeschterschaft, vu Fussball, vu Sport am Allgemengen. Loos déi Philosophie dach en Deel vun der ginn. Wanns de dann dat Geräich net gudd fenns, ok, mee Vuvuzela’en verbidden well se “all” Stadionsatmosphäre zerstéieren ass falsch, an traureg zu gläich. Dat giff engem sportlechen Imperialismus gläich kommen, an ob der aanerer Säit eben déi sportlech Philosophie ganz staark vermesse loosen.
    Ech fannen d’Vuvuzela jiddefalls megaflott, war schons d’läscht Joër während dem Confed Cup dovun begeeschtert, a fannen et genial, dass och hei am UK eng ganz Partie Fussballfans eng Vuvuzela dëser Deeg emhänken hunn, an dran trooteren.🙂

  2. pa
    June 13, 2010 at 8:27 am

    Hei, extra fir de Grommel: http://www.youtube.com/watch?v=eIGIAh2GTOA

  3. June 13, 2010 at 8:43 am

    Tom:

    En Deel vun hierer Kultur? Villäicht. Awer och réischt säit kuerzem dann (90er Joeren).

    An ech bleiwen dobäi: sie zerstéiert d’Futtballs-/Stadions-atmosphär!

    1. well se zumools d’Gesäng an aner Reaktiounen vun de Fans iwwertéint, et geet also eng wichteg Relatioun tëschent Spill an Zuschauer verluer
    2. well et e saublöd, monotont Geräisch ass wat guer näischt bréngt an guer näischt ausdréckt, mee bon, et ginn wuel och Läit, déi et cool fannen fir sech mat engem Liggestull niewent eng Autubunn ze setzen …

    Amplaz einfach just ze troteren kéinten se zb traditionell Lidder ustëmmen! DAT wier Kultur!

  4. June 13, 2010 at 8:53 am

    Pa:

    Dat hei gefällt mir besser: http://www.youtube.com/watch?v=GNaNxDKK9F4

  5. lapoupeerusse
    June 13, 2010 at 1:34 pm

    Dat do huet zwar elo hei guer näischt verluer, mais ech duecht dat kéint dir gefalen:

    Den Himmel iwwer engem Vulkan.

  6. June 13, 2010 at 2:54 pm

    lpr: Merci, gesäit impressionnant a wonnerschéin aus🙂

  7. June 14, 2010 at 10:34 pm

    Ech hunn haut gekacht, während meng Matbewunner_innen Fußball gekuckt hunn (am selweschten Raum). Ech hunn een Ennerscheed vum Geräisch an verschiddenen Spillsituatiounen festgestallt.
    Et ginn Museksrichtungen an Subkulturen, déi nach keng 10 Joer aal sinn, déi vun soziologesch méi kompetenten Léit wéi dir Grommel als Kultur bezeechent ginn, mä du hells der d’Recht eraus, ze entscheeden, wat südafrikanesch Kultur ass an wat net? Wouhier kennt dat Recht? Wéi gudd kenns du dech mat tradioneller (Fan)Kultur an Südafrika aus?

  8. Grommel
    June 15, 2010 at 6:16 am

    D’Vuvuzela get ereischt zenter 2006 vun den südafrikaneschen Massen agesat. Domadder ass se also alles anescht wei eng historesch a kulturell Traditioun, dei een onbedengt an onkonditionell misst respektéieren (anert Beispill: d’Chinesen rotzen a räpsen oft egal wou, ass och eng Traditioun bei hinnen, mee ass et dofir eng gutt Saach an et däerf een näischt dogéint soen?).

    Hei och d’Geschicht vun der Vuvuzela: http://www.rainersche-post.de/kultuur_popp/vuvuzela-geschichte-geklaert.php

    En plus sinn och die meescht Spiller an Traineren duerch de Kaméidi ferme genervt.

    Firwat kënnen d’Zuschauer net einfach sangen wei dat beim Fussball soss och ass? Zumools d’Afrikaner si jo bekannt fir eng qualitativ héichwäerteg Traditioun vum Sangen ze hunn. Dat wier suwuel mei schein wei och mei kreativ wei just dee monotonen Dauer-Öoooooooooooooo.

    Mee bon, et gewinnt een sech jo u villes an irgendwann filtert d’Gehiir deen Kaméidi aus …

  9. Tom
    June 16, 2010 at 2:05 pm

    En Deel vun hierer Kultur? Villäicht. Awer och réischt säit kuerzem dann (90er Joeren).

    do hues de elo net wirklech déi rassistesch Apartheid a Südafrika als “Argument” géint Vuvuzela geholl??

    Hei och d’Geschicht vun der Vuvuzela: http://www.rainersche-post.de/kultuur_popp/vuvuzela-geschichte-geklaert.php

    Naja, also de “grousse” Link/déi “grouss” Quell ass dat jo och lo net. Mee egal, souguer wann et räischt zenter 2006 giff benotzt ginn, kéinnt een dat schon als Traditioun gesinn, well zenter 2006 ginn et och weltwäit déi grouss “Public Viewings” – an Däitschland dann souguer beim Brandenburger Tor resp. bei der Siegessäule – an domatter ass de ganzen Traffic op der Kopp, an Auto’en a Camion’en mussen en aanere Wee (vielleicht souguer laanscht Kliniken) fueren, da misst dat och ophéieren. E Verbued fir zesummen an der Öffentlechkeet e Sportsevenement zekucken, a well et jo räischt zenter 2006 sou gemaach gett, ass et jo dann och keng Traditioun, an dierft jo dann och roueg verbuede ginn, nee? Oder ass dat okay well déi Traditioun jo dann awer aus Europa kennt?
    Och e Public Viewing soss an enzwouch, also net op enger gespaartener Stroos, bspw. zu Lëtzebuerg a Clausen. Do wunne bestemmt och Léit déi keng Loscht hunn ‘de blöde Fussball’ zeverfollegen a léiwer sou en ‘normalen’ Owend op hierer Terrasse – mat den Hannergrondgeräischer vun den Partyléit aus der Rives de Clausen – wéillten erliewen. Wéi gesoot, laut dénger “Definitioun” wäer et dann ganz an der Réi, esou Saachen *direkt* zeverbidden. Oder sollen déi Léit sech einfach fügen, well et nun emol erem déi Zäit ass, an et jo awer lo schon déi 3. Fussballveranstalltung ass wou et e Public Viewing gett, an dat schons dozou gehéiert?!?

    A wéi de Joël schons richteg seet, ginn et verschidden Téin, déi een op der Vuvuzela ‘spille’ kann. De Problem schéngt mer leider och jhust zesinn, dass jo ganz oft extrem vill “Net-Südafrikaner” an de Stadien sinn, déi d’Vuvuzela net kennen an einfach esou dra bloosen.

  10. June 16, 2010 at 2:17 pm

    Tom:

    do hues de elo net wirklech déi rassistesch Apartheid a Südafrika als “Argument” géint Vuvuzela geholl??

    Uh, nee. Et bezitt sech op den Artikel deen ech duerno verlinkt hunn: “Vor 1998 gab es vermutlich eine einzige Vuvuzela.”

    Naja, also de “grousse” Link/déi “grouss” Quell ass dat jo och lo net.

    Hues du eng besser? Wat ass net credibel un där Quell?

    Oder ass dat okay well déi Traditioun jo dann awer aus Europa kennt?

    Dat ass mir egal well dat keen Afloss op d’SPILL resp. d’ATMOSPHÄRE am Stadion huet.

    Och e Public Viewing soss an enzwouch, also net op enger gespaartener Stroos, bspw. zu Lëtzebuerg a Clausen. Do wunne bestemmt och Léit déi keng Loscht hunn ‘de blöde Fussball’ zeverfollegen a léiwer sou en ‘normalen’ Owend op hierer Terrasse – mat den Hannergrondgeräischer vun den Partyléit aus der Rives de Clausen – wéillten erliewen. Wéi gesoot, laut dénger “Definitioun” wäer et dann ganz an der Réi, esou Saachen *direkt* zeverbidden.

    Wann eng Majoritéit vun de Noperen fir d’Verbidden wier da sollt et op där Plaz verbueden ginn.

    A wéi de Joël schons richteg seet, ginn et verschidden Téin, déi een op der Vuvuzela ‘spille’ kann.

    Hues du Beispiller wou Läit melodesch op enger Vuvuzela spillen?

    De Problem schéngt mer leider och jhust zesinn, dass jo ganz oft extrem vill “Net-Südafrikaner” an de Stadien sinn, déi d’Vuvuzela net kennen an einfach esou dra bloosen.

    Hues du Donnéen fir déi Ausso ze ennermaueren?

    FAKT bleift, dass d’Vuvuzelaen an de Stadien just en STUPID a MONOTONT Hannergrondgeräisch produzéieren, wat, global gesinn, enger Majoritéit vun de Läit ferme op de Wecker geet (Spiller an Trainer inclus), wat d’Stadionsatmosphär zerstéiert an wat usech glad a guer näischt brëngt. Ausser dass een mengt, dass de Match an engem Beiestack giff gespillt ginn.

    D’Vuvuzelaen sinn mat dat Pénibelst wat sou un Fussball-‘Kultur’ erfonnt ginn ass. Firwat kënnen sie net sangen wéi die aner och?

    Bei eis an de Stadien sinn dach déi ‘Gas-Troteren’ och verbueden ginn, oder net?

  11. Arlesienne
    June 22, 2010 at 2:54 am

    Oropax, awer déi original, aus Wachs net déi aus Schaumstoff.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: