Home > Aktuelles, Wired world > Typesch däitsch!

Typesch däitsch!

Deen ganzen Google Street View Theater dee momentan bei hinnen gemaach gët ass jo mol rem typesch däitsch-paranoid.

Lauter Läit déi vun Tuten a Blosen näischt verstinn an awer mengen sie missten hier inkompetent Meenung äusseren. Vun der CSU Ministesch guer net ze schwätzen. Erënnert mech irgendwéi eng gewëss Ministesch bei eis …

Categories: Aktuelles, Wired world
  1. Mike
    August 17, 2010 at 10:53 am

    Ech fannen et gutt, dass se vehemment fir hier Privatsphär protestéieren. Waat fotograféieren vun ëffentleche Stroosen mat privat ze dinn huet, wees ech dann awer net. Et ass jo net wéi wann een normale Passant daat net ging gesinn wann e Live sur place wier.

    D’Leid an Däitschland sollte sech méi géint Internetzensur wieren amplatz géint Google Street View.

  2. August 17, 2010 at 11:22 am

    Genau.

    Déi Street View Polemik hei ass awer just Meckeren ouni Verstand. An dat Bescht ass jo, dass verschiddener vun deenen, déi protestéieren sech fir d’Zeitung virun hierer Wunneg fotografeieren loossen, hahaha🙂

    An eng Rëtsch schéngen och ze mengen, dass dann permanent e Satellit sie giff iwwerwwachen an alles filmen an online setzen *eyesroll*

    Dommheet an Hallefwëssen regéieren mol rem.

  3. August 17, 2010 at 11:23 am
  4. G.
    August 23, 2010 at 7:31 pm

    Typech arroganten Grommel Beitraag geif ech soen.
    Wat geifs du dann soen wann ech lo deng Fotoen vun Facebook geif huelen an dei mol am Internet geif verbreeden? Ech mengen dei Fotoen sinn jo och bestemmt an der Öffentlechkeet gemaach ginn an wann ech als Passant do gewirgt wier hätt ech et live gesinn also ass dat ganzt jo och kee Problem.

  5. August 23, 2010 at 8:39 pm

    G:

    Schéngt wéi wann s du nees net vill verstan häss?

    Bei Google Street View ginn Facaden vun Häiser fotograféiert an online gestallt. Wann Nummereschëlder oder Gesiichter ze gesinn sinn, sou ginn déi an deenen allermeeschten Fäll automatesch zenséiert, an dat ass jo och gutt sou.

    Wou ass also de Problem? An du kanns gären eng Foto vun der Façade vu mengem Haus an den Internet stellen. Et kéint jo och jidereen laanscht fueren an sech d’Façade selwer ukucken. Falls se dann sou interessant wier … ?

  6. G.
    August 23, 2010 at 10:43 pm

    Stemmt, wann ech en Abriecher wier keint ech natierlech perseinlech bei dech laanscht kommen an Fotoen vun dengem Haus maan oder dein Haus perseinlech ausspionneiren. Vu dat awer lo den ganzen Buttik um Internet steet brauch ech dat perseinlech net mei ze maan. Sou ass d’Chance dat een mech perseinlech virun dengem Haus spionneiren geseit gleich null.
    Sou sinn dei Kameraen op denen Autoen och sou ubruecht dat een locker iwwer en Zaun oder eng Heck geseit, wann ech dech lo do fotografeiren geif, wier et scheiss egal ops du verpixelt wiers oder net, et wees jiddereen wien op der Foto ass an bei sou enger Mass vun Daten ass et wahrscheinlech dat do och mol pikant Biller dobai sinn. An och dei ganz automatesch Verpixelung ass net zu 100% secher. Ech hunn mer dat schon selwer ugekuckt, wann een e besschen mam Zoom spillt, kann een vill Lait ganz gudd erkennen bzw. soguer an Heiser erakucken.
    Et kann een sech natierlech och eng parti Froen stellen wisou een iwwerhaapt Privatheiser net direkt verpixelt. Als Tourist intresseiren ech mech fir öffentlech Gebeier, Museen, Monumenter, Kiirchen, etc. mee awer net fir Privatheiser. Wisou zum Beispill Google Street View an Wunnquartieren? Ech gesinn wirklech kee Grond wisou Jenni an Menni mein Haus am Internet soll gesinn, wann et sou intressant ass, sollen se effektiv perseinlech laanscht kommen an et sech ukucken. Souwisou wier et och liicht Persounen ganz verschwannen ze loossen. Ech hunn iwwregens um Google gesinn daste eng nei Facade gebrauche keins, zoufälscherweis hunn ech eng Firma dei dat mescht, ech schecken dier mol e puer Reklammen.
    An jo, wien Google traut ass wuel selwer Schold.

  7. August 24, 2010 at 7:07 am

    G:

    Du bass paranoid.

    Op deene Fotoen gesäit een näischt, wat een net och soss kéint gesinn. En plus sinn die Fotoen jo net live.

    Google Street View kann och fir Privatläit interessant sinn, wann se eng nei Wunneng oder e neit Haus sichen an de Quartier bëssen inspizéieren wëllen.

    Op menger Bréifkëscht steet ‘keng Reklammen wgl’😉

  8. Mike
    August 24, 2010 at 7:43 am

    An deem Punkt muss ech dem Grommel zoustëmmen. Waat gët Google Street View engem Abriecher waat en net sur-place kéint kucken. Momentopnahmen gët et vun allem. Op Facebook gesäit een tonnen Haiser, vun bannen a baussen. Bei e puer Leid kennt ee souguer all Eck vum Haus ierd een iwwerhaapt erageet. Daat ass vill méi geféierlech an deem Sënn ewéi Street View.

    Et muss een awer och soen dass Google en effet keen grousse Frënd vun Anonymitéit am Netz ass. Laut hinnen géing Zukunft vum Internet doranner bestoen dass all Mensch kinnt identifizéierbar sinn an dass Regierungen daat wäerte verlaangen. Daat geet an mengen Aaen zwar a Richtung Polizeistaat, méi ewéi e puer Kameraen, an vill kritesch Stëmmen kéinte potenziel ausgeschalt ginn, mee souwäit ech wees filtert Google daat nie aus Eegeninitiativ mee op Wonsch vun enger Regierung. Do läit et um Vollek fir der Regierung eng op den Deckel ze ginn.

    Schlussendlech, muss een soen dass wann zwielescht Gestalten eppes iwwert dech wëlle wëssen, fannen se et iwwert aaner Weer eraus. Dofir brauche se keen Google. Wisou Leid dann och mengen se wieren esou wichteg dass hier Donnéen der wärt sinn fir ganz genau analyséiert ze ginn verstinn ech net. Et gët alles op ee koup geheit an et gët moyenne gekuckt. Mat Ausnahm vun Werbung, mee doo soot de pa jo “Wann ech schon Werbung kréien, wisou dann net Werbung déi mech wierklech interesséiert”.

  9. September 3, 2010 at 11:54 am

    Nach en interessanten Artikel zum Thema: http://fritten.cc/wie-haben-die-menschen-im-heute-gelebt/

  10. G.
    November 6, 2010 at 10:36 am

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/11/123763/cnpd-stoppt-google-street-view.php

    Ech haat mer lo amfong en “typech Letzebuerg” Artikel gewenscht.😉

  11. November 6, 2010 at 6:51 pm

    Dee wier och ubruecht gewiescht. Mir mengen jo oft mir missten däitsch Idiotien kopéieren …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: