Home > Aktuelles, Religion/Philosophy > Ech verstinn dat einfach net.

Ech verstinn dat einfach net.

October 13, 2010 Leave a comment Go to comments

“Gott war mit mir und der Teufel”, sagt Mario Sepúlveda über die Zeit in der Mine. “Ich habe schon viel erlebt, aber noch nichts wie das.” Aber zu keinem Zeitpunkt habe er daran gezweifelt, dass Gott den Männern helfen werde. Sepúlveda nutzte die Gelegenheit auch, um eine Botschaft an die Minenbesitzer des Landes zu übermitteln: “Wir können so nicht weiter machen. Es muss sich etwas ändern.”

Ech verstinn einfach net, wéi een sou denken oder raisonnéieren kann??

Wéi huet ‘Gott’ hinnen gehollef? Ech gesinn just Menschen, déi alles Méigleches gemaach hunn fir sie nees aus dem Bierg ze kréien! Mee keen ‘Gott’? A firwat huet hiere ‘Gott’ dann net verhënnert, dass se iwwerhaapt do stieche bliwwen sinn??

Argh, the stoooopid. It burns.

Mee bon, sinn halt einfach Geeschter (opmanst an deem Punkt), deenen een keen wierklechen Virworf kann man. An trotzdem.

  1. October 13, 2010 at 9:51 am

    Genau sou domm:

    – “God wanted me to stay here, I do not know why. Maybe for me to change.”
    – “God and the Devil. They fought, but GOD won!”.

    Ok, d’Läit sichen ëmmer Erklärungen, mee et ginn Limiten …

  2. CK
    October 13, 2010 at 2:33 pm

    Allerdéngs. Schéinen Nonsense. Déi groussarteg Leeschtung vun de Retter ass hei unzeerkennen an soss naischt. Gewonn huet an desem Fall de menschlechen Geescht, deen esou Rettungsaktiounen iwwerhapt eréischt erméiglecht.

  3. October 17, 2010 at 12:24 pm

    Natirlech sinn si Gott dankbar. Si liewen an enger Kultur an där de Glaawen eng grouss Roll spillt, an si sinn net nëmmen an där Kultur opgewuess, mä si goufen vun där Kultur erzunn – däin Denken ass ëmmer ee Resultat vun denger Emwelt, well du hues just zwou Méiglechkeeten: entweder du akzeptéiers deng Emwelt, oder du leens se of.

    Et gi just 8% Atheisten an Agnostiker an Chile – Südameria ass ëmmerhin en relativ déifgleewegen Kontinent. A wann dee Glaawen net dozou benotzt gëtt, fir deng Rechter z’ënnerdrécken, hues de och kee Grond dee Glaawen a Fro ze stellen.

    Kloër ass et einfach, mat europäescher Arroganz op Chile ze kucken an ze soen: et ass Nonsens u Gott ze gleewen, firwat gesinn déi dat net an? Genau sou gudd kéinnt Chile zu Lëtzebuerg soen: et ass Nonsens mussen fir en Dokter mussen ze bezuelen, firwat gesidd dir dat net an?

  4. Matriarchin
    October 31, 2010 at 2:20 pm

    D’Reliounen sinn nach just eppes fir d’Analphabeten. De moderne Ménsch wess Villes, zwar net alles. Gott ass nach jsut eng Riedensart. Mä Gott opuni Göttin kann et iwwerhapt net ginn.

    We méngt e braicht d’Gebied soll bieden. Dat det kéngem Wéi a berouegt.

    Et könnt natierlech drop un wat e bied. Op e nom Gebied net awer drekt zur Waff graift an op sai Noper lassget, an dem Fall ass d’Gebied en Opruf zum Kampf. An dat wir dann net gudd.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: