Archive

Archive for the ‘Artikel’ Category

Nunc est bibendum!

October 1, 2008 3 comments

(fir ofzewiesselen lo mol rem eppes Kulturelles, hehe)

Dat éischt Kapitel vu mengem OU Cours dréit séch em d’Cleopatra. Mat hier als Beispill soll illustréiert ginn, wéi een mat historeschen Figuren emgoen soll a wéi een feststellen kann, wat eigentlech wirklech iwwert se gewosst ass an wat alles am Fong duerno ronderem erfonnt gouff. Déi Problematik ass mir perséinlech zwar net néi (well ech méch jo schon mat den historeschen Aspekter vun der Bibel befaasst hunn), mee d’Kapitel ass awer wirklech interessant well am Fong d’Cleopatra wéi eng Ënn geschielt gët.

Fir d’éischt gët mat hierer Repräsentatioun am Film ugefaang, vum Ufank des 20. Joerhonnerts bis haut. An festgestallt, dass sie natiirlech ëmmer am Kader vun der jeweilegen Gesellschaft, an där hier Astellung zu suwuel der Fra wéi och den Rassen, definéiert gouff a gët.

Beispiller:


Claudette Colbert, 1934


Liz Taylor, 1963


Lyndsey Marshal, 2005

An all den Filmer ginn haaptsächlech dem Cleopatra seng weiblech Reizer prononcéiert an die eigentlech, politesch Machtspiller tëschent hier an den Cäsaren op eng schnulzeg Liebesgeschicht reduzéiert.

Duerno ginn dann aal Texter analyséiert, déi d’Cleopatra erwähnen an 100 bis 200 Joër no den Evenementer geschriwwen gouffen. Natiirlech besteet hei d’Problematik vun der Propaganda an Geschichtsverzerrung, well et ausschliesslech réimesch Quellen sinn (Horace, Cassius Dio, Plutarch). Mee et kënt een dem historeschen Kär awer méi no. Interessant ass och, dass d’Réimer versichen fir den Konflikt als een tëschent Roum an Ägypten duerzestellen, wann et usech am Fong éischter en Konflikt tëschent réimeschen Parteien woer, wou déi eng Säit sech aus strategeschen Grënn mat Ägypten verbünd hat.

An dann geet et nach en Schratt méi no hannen andeems Mënzen an Skulpturen vum Cleopatra ënnersicht ginn. Spéitestens do ass et kloer, dass d’Cleopatra nët déi klassesch Schéinheet woer, als déi se Joerhonnerten méi spéit verklärt gouff, och wann suguer die géigneresch Réimer hier eng gehéireg Portioun Charisma an Energie zougeschwat hunn, déi d’Läit an hiere Bann konnt räissen.

Dat hei woer natiirlech just en extremen Résumé vun all deem, wat een iwwert d’Cleopatra an speziell hier Duerstellung iwwert d’Zäiten soen kéint.

Hei lo nach en Extrait aus dem Horace sengen Oden (1.37), deen mir gefällt well en d’Freed iwwert den Sieg gutt eriwwer brëngt. Et kann een sech richteg virstellen, wéi deen Text do dramatesch rézitéiert gouff:

Now we must drink, now we must
beat the earth with unfettered feet, now,
my friends, is the time to load the couches
of the gods with Salian feasts.

Before this it was a sin to take the Caecuban
down from its ancient racks, while the mad queen
with her contaminated flock of men
diseased by vice, was preparing

the ruin of the Capitol and the destruction
of our power, crazed with hope
unlimited and drunk
with sweet fortune. But her madness

decreased when scarse a ship escaped the flames
and her mind, which had been deranged by Mareotic wine,
was made to face real fears
as she flew from Italy, and Caesar

pressed on the oars (like a hawk
after gentle doves or a swift hunter
after a hare on the snowy plains
of Thrace) to put in chains

this monster sent by fate. But she looked
for a nobler death and did not have a woman’s fear
of the sword, nor did she make
for secret shores with her swift fleet.

Daring to gaze with face serene upon her ruined palace,
and brave enough to take deadly serpents
in her hand, and let her body
drink their black poison,

fiercer she was in the death she chose, as though
she did not wish to cease to be a queen, taken to Rome
on the galleys of savage Liburnians
to be a humble woman in a proud triumph.

Advertisements
Categories: Artikel, Geschicht, Literatur

virulaangerzäit.

February 21, 2008 2 comments

echhatjoschonndësleschteppeszumthemaalmanuskriptergeschriwwenawateesechan
deemkontextoftnetbewosstasseweiderenaspektdeenoftvergiessgëttassdattdidokum
enterdeemoolsausgesinnhuweideentextheikenggroussoderklengschreiwungkengesp
acenakenginterpunktioundatassschwéierfirzeliesenanochschwéierfirfeelerfräizekop
éieren.

Doduerch entstinn natierlech och Situatiounen, wou et net kloer ass, wat da lo gemengt ass. Sou am Genre vun: ‘godisnowhere’. Heescht dat lo ‘God is now here’ oder ‘God is nowhere’? Natierlech hëlleft de Kontext oft fir de Sënn vum Saz ze ermëttelen, mee halt net ëmmer.

Hei sinn zwee Manuskripter fir z’illustréieren, wéi dat sou ausgesinn huet:
ms2649.jpg
en Auszuch aus dem Buch Levitikus (Enn 2.Jht)

ms187.jpg
an aus dem Buch Exodus (4. Jht)

A wann ee sech dann och nach bewosst gëtt, dass dat geschriwwent Hebräëscht nëmmen aus Konsonante besteet, da mierkt een, dass dat Ganzt éischter eppes fir Frënn vu Kreuzworträtselen wéi fir Frënn vu leichter Lektüre ass. An dat erkläert och firwat YWHW mol mat Yahwe mol mat Yehova iwwersat gëtt. D’Vokaler kann ee bëssen asetze wéi ee wëll soulaang et e gewësse Sënn mécht.

Nach méi Fotoen an Détailer vu Manuskripter fënnt een an dëser impressionanter Kollektioun.

Categories: Artikel, Geschicht, Literatur

Spueren aus der Vergaangenheet.

January 24, 2008 7 comments

moon.jpg

Ech brauch heiandsdo net vill fir eppes interessant oder faszinant ze fannen, oder anescht ausgedréckt, ët faszinéiert mëch fir dat Alldeeglecht ze hannerfroen … Sou wuel och am Fall vun eisem Kalenner an eisen Wochendeeg. Deren hier Bezeechnungen jo wäit an d’Vergaangenheet zeréckräichen, definitiv heednesch sinn an die trotz Christianiséirung iwwerliewt hunn. Dat ass lo keng total nei Erkenntnis, mee ech wollt dat mol eng Kéier résuméieren.

Wat den Kalenner ugeht (d’Detailer können jo emmer séier op Wikipedia nogekuckt ginn):

Januar (réimesche Gott Ianus)
Februar (réimescht ‘Reinigungsfest’ Februa, lat. februare=reinigen)
März (réimesche Gott Mars)
April (wahrscheinlech vun lat. aperire = öffnen > Fréijoer)
Mee (réimesche Gott Jupiter Maius oder griescheche Göttin Maia?)
Juni (réimesch Göttin Juno)
Juli (réimeschen Kaiser Julius Caesar)
August (réimeschen Kaiser Augustus)
September (woer den 7ten, lat. septem, Mound vum réimeschen Kalenner)
Oktober (woer den 8ten, lat. octo, Mound vum réimeschen Kalenner)
November (woer den 9ten, lat. novem, Mound vum réimeschen Kalenner)
Dezember (woer den 10ten, lat. decem, Mound vum réimeschen Kalenner)

Allerdengs haten d’Méint jo och laangzäit lokal Nimm (‘Heemount’, etc). Weess een winni an ween die aktuell Nimm als Standard festgeluegt huet? Steht bestemmt och zwousch op Wikipedia, mee sinn lo faul fir ze sichen …

Wat d’Wochendeeg uginn:

– op däitsch
Montag (Tag des Mondes)
Dienstag (Tag des Tyr/Mars)
Mittwoch (Mitte der Woche)
Donnerstag (Tag des Donar/Thor)
Freitag (Tag der Freya/Frigg)
Samstag (soll vun Sabbath hierkommen)
Sonntag (Tag der Sonne)

– op englesch
Monday (day of the moon)
Tuesday (day of Tyr)
Wednesday (day of Wotan)
Thursday (day of Thor)
Friday (day of Freya)
Saturday (day of Saturn)
Sunday (day of the sun)

– op franséisch
Lundi (jour de la lune)
Mardi (jour de Mars)
Mercredi (jour de Mercure)
Jeudi (jour de Jupiter)
Vendredi (jour de Vénus)
Samedi (vun lat. dies sambati = jour du sabbath)
Dimanche (vun lat. dies domenicus = jour du seigneur)

Wat een mierkt ass, dass d’Englänner an die Däitsch sech (natiirlech) un germaneschen Götter orientéiert hunn an d’Fransousen un deenen réimeschen. D’Englänner hunn och iwwerhaapt keng chrëschtlech Uspillung, die däitsch eng (Samsdes) an d’Fransousen zwo (Samsdes an Sonndes).

ps. Dësen Post gouff also geschriwwen um Dag vum germaneschen Gott Thor, dem 24. Dag am Mount vum réimeschen Gott Ianus, am 2008. Gebuertsjoer vum chrëschtlechen Gott Jesus!

(photo)

Ofschräiwen.

January 16, 2008 6 comments

420_escribano.jpg

Mir huelen sou villes als sou normal an selbstverständlech, dass et heiandsdo ‘mind-blowing’ ass, wann een sech drun erennert, oder versicht virzestellen, wéi et fréier war.

Huelen mer Bicher. Am Zäitalter vun PDFen an E-Mailen vergësst een séier, dass Bicher an all Zort vun Text bis virun net all ze laanger Zäit (15. Jht) ALL hunn missten mat der HAND geschriwwen ginn. Wann een eng Kopie vun engem Text oder engem Buch wollt hunn oder engem aneren wollt matginn, dann huet een dat natiirlech missten Wuert fir Wuert oofschräiwen. Wann en wëssen wëll, wéi Zäit intensiv an mühseeleg dat ass, dann kann en jo mol en Harry Potter Roman mat der Hand oofschräiwen!

Et erstaunt also net, dass Bicher usech schon och als eppes Mysteriéises oder Hellëges ugesinn gouffen. Den Opwand se hierzestellen an hier Raritéit hunn hiert dozou bäigedroen. Spéider, wéi och e bëssen méi Läit liesen a schräiwen konnten, haaten se dann zwar oft ganz Arméien vun Scriben, mee trotzdem woer et nach emmer extrem opwänneg an fehlerufälleg bis dann mol den Buchdrock koum, deen villes vereinfacht huet.

Keen Wonner also och, dass z.b. all aal Bibel-Manuskripter sech am Détail ennerscheeden (soit well den Scribe midd woer, net opgepasst huet oder selwer bessen kreativ wollt sinn). Et ginn net zwee déi d’selwecht sinn. Wat awer och net erstaunlech ass, well d’Phänomen ass bessen dat selwecht, wat een virun enger Zäit bei den Kassetten hat. Eng Kopie vun enger Kopie vun enger Kopie. An do kann een souvill oppassen, wéi een wëll. Irgenden Schräiwfehler oder eng Zeil iwwersäit een ëmmer. Gouff jo och nach keng automatesch Spellchecker …

Huelen mer den Auteur vun engem Evangelium. Hien huet also lo endlech seng Geschicht färdeg an op ‘Pabéier’ bruecht. Domadder gët et jo dann mol d’Original. Wann hien awer déi Geschicht lo engem aneren fir an engem aneren Kaff wëll matginn, dann muss hien, oder en aneren, all die Säiten (an et woren der jo net nemmen e puer) nach eng Kéier propper ofschräiwen. Well eng aner Méiglechkeet gët et jo net. An sou fir all Exemplaire. An deen, deen den Text dann kritt an en weider wëll ginn, muss nees eng Kopie oofschräiwen asw, asw, asw. An well dat duerch Mënschen passéiert an net duerch Maschinnen, ass et net verwonnerlech, dass et a. net vill aal Dokumenter ginn an b. net zwou Kopien 100% d’selwecht sinn.

Mee eréischt am 18. Jht hunn verschidden Läit ugefaang, dat ze bemierken an dat woer och den Startschoss fir sérieux Bibelkritik (‘Wann all die aal Manuskripter sech am Détail ennerscheeden an bei verschiddenen suguer ganz Textpassagen, déi méi rezenter awer hunn, fehlen, wéi kann een dann behaapten ze wëssen wat an der ‘original’ Bibel steht oder an enger Bibel ze stoen huet?’). An déi Forschung geht natiirlech bis haut weider. Bei Standford University op iTunes gët et dozou en interessanten Speech vum Bart Ehrmann (“Misquoting Jesus”) falls et een interesséiert.

E puer metaphysesch Gedanken.

December 17, 2007 12 comments

tree.jpg

Verschidden Läit, oder och vill Läit, behaapten, dass eng Ofdréiwung emmer Mord ass. Mee mussen een dann net och, e bessen iwwerspëtzt formuléiert, der Logik no Abstinenz an Verhütung als Mord un zukünftegen Mënschen gesinn?

Generell sinn d’Läit jo fir den Erhalt vun mënschlechem Liewen, an gëint d’Beennegung vun mënschlechem Liewen duerch Force. En Deel vun hinnen wëllen dat och op dat nach ongebuerent Liewen ausdehnen. Wann also eng Ofdréiwung an engem spéiden Stadium dat selwecht wéi Kandsmord ass, gëlt dat dann och fir eng Ofdréiwung e bessen méi fréi, an nach bessen méi fréi, an kuerz do virdrun, asw ? Sou dass een schlussendlech bis zeréck op den Moment vun der Befruchtung selwer kënt.

Wann awer en mënschlecht Liewen schon mat der Befruchtung usech ufänkt, heescht dat dann net och, dass een all Kéiers potentiellen Mënschen d’Méiglechkeet hëlt fir op d’Welt ze kommen, wann een soit protégéierten Sex oder suguer guer keen Sex huet? An dat ass lo keen pro-Vatikan Argument, well Abstinenz wier an deem Sënn jo genausou ‘schlemm’ wéi Sex mat Verhütungsmëttel. Read more…

Ass den Bello en Zombie?

December 10, 2007 8 comments

zora.jpg

Eng Fro, déi mëch emmer schon irgendwéi faszinéiert huet, ass op Déieren sech hierer sëlwer, méi oder manner, bewosst sinn oder op se just am Fong eng Zort raffinnéiert Roboter oder Zombien duerstellen: Maschinnen oder Wiesen, déi drop programméiert sinn, einfach just op hier Emwëlt ze réagéieren (natiirlech kann een sech dat selwecht zum Deel och iwwert den Mënsch froen). En Kapitel aus dem Buch “Ten questions science can’t answer (yet)” zum Thema Déieren an Bewosstsinn huet mech zu dësem Artikel inspiréiert.

An der westlecher Zivilsatioun opmanst hunn, an halen, die meescht Läit generell all Déieren fir eben ‘ganz anescht’ als de Mënsch an dofir och als irgendwéi eppes mannerwärteges mat deem een emgoen kann, wéi een wëll. Schliesslech kann een jo och mat engem Steen oder Stull machen, wat een wëll. Saachen hunn keng Gefiller an Déieren sinn numool näischt aneschters wéi animéiert Saachen. Dat ass natiirlech eng relativ primitiv Astellung, zumol well Déieren jo awer Schmerz empfannen können, mee sie mecht engem, wéi primitiv Astellungen dat sou unsech hunn, d’Liewen méi liicht. Alles ass kloer a schéin schwaarz an wäiss. Mee ass dat wirklech de Fall?

Et ass jo keng Néiegkeet, mee an den 1980er Joeren gouff die éischten Kéier festgestallt, dass och aner Spezies wéi den Mënsch sech sëlwer an engem Spiggel erkennen können. Deen sougenannten Gallup-Test hunn an der Tëschenzäit niewent dem Mënsch och Schimpansen, Bonoboen, Orang-Utanen, Delphiner an Elefanten onbestridden bestanen. Manner kloer ass et bei Gorillaen, Dauwen an enger bestemmter Zort Ieselen. Kanner enner 2 Joer an z.b. Hënn a Katzen bestinn den Test net. Wat awer bei den Hënn och dorunner kéint léien, dass den Gallup-Test zevill visuell ausgeluegt ass an Hënn jo eischter aner Wiesen (an och sech sëlwer?) iwwert den Geroch identifizéieren. Ween wees wat erausgiff kommen, wann eng ‘Gerochsvariant’ vum Spiggeltest giff existéieren? Mir giffen deen sécher net packen. Read more…

Euthanasie (3).

December 1, 2007 4 comments

200_reaper_dm-d.jpgNach eppes zum Thema Euthanasie:

Selon Madame Frank ass jo den Haaptproblem bei den Euthanasie, wann een hier an deem Interview genau nolauschtert, jo dass net hieren Gott décidéiert, winni een stierwt, mee mir sëlwer. Mir setzen eis jo iwwert hieren Gott, maachen deen angeblechen Allmächtegen deen Moment impotent an féieren EISEN Wëllen aus an net säin. Wat emmer säin Wëllen soll sinn …

An winni genau bestëmmt hieren Gott iwwerhaapt, dass een stierwt muss? Ass en déidlechen Autosaccident Pech/Dommheet oder gottgewollt? En Doud duerch Herzinfarkt, Kriibs, Krich, Verhongeren, Verdiischteren, Fliijerofsturz? Domm Zoufäll oder gottgewollt?

Wann all déi Douden net mat der Madame Frank hierem Gott ofgeschwat gouffen, wou ass dann den Riesenproblem, wann een och selwer wëll iwwer säin Doud bestëmmen? Hien schëngt jo dann souwiesou net allzevill domadder ze dinn ze hunn.

Mee dat hei ass e prinzipiellen Problem bei religéisen Läit. Sie denken d’Konsequenzen vun hieren farfeluen Theorien net bis zum Enn duerch. Sie können net béides hunn: fräien Wëllen an e göttlechen Plang, deen net fehlschloen kann. En Gott, deen bestemmt ween winni stierwt an Doudesfäll, déi näischt mat hierem Gott ze dinn hunn.

Wann der Madame Frank hieren Gott fir den Doud zoustänneg ass, dann muss dat jo wuel universal gëllen (oder ass hien just fir déi zoustänneg, wou hien d’Chance dozou kritt???). An dann ass hieren Gott, paradoxerweis, och fir all Ofdréiwung an all Doud duerch Euthanasie verantwortlech.

Mee Paradoxen sinn jo en, gären verdrängten, Bestanddeel vun ALL religéisem Glaawen. An och wann et en Fait ass, dass net alles rational ze erklären ass, heescht dat net, dass een dowéinst all Paradox an all Onméiglechkeet muss als ‘Mysterium’ blann acceptéieren. Religioun ass einfach e Wee fir d’Läit fir sëch sëcher ze fillen, fir manner Angscht ze hunn an enger Welt an engem Liewen, dat keen am Fong richteg versteht. Dat ass jo och ok, SOULAANG net sie hier (imperfekt) Wonschwelten aneren Läit wëllen opzwängen.