Archive

Archive for the ‘CurrentReading’ Category

Current reading (2)

November 29, 2008 2 comments

Am Lycée gët een jo normalerweis mat Bicher aus dem, oder iwwert den, Zweeten Weltkrich quasi erschloen. Duerfir hung mir perséinlech dat Thema laang Zäit zum Hals eraus.

Duerch Zoufall sinn ech dann desläscht op ‘The boy in the striped pyjamas‘ vum John Boyne gefall, enger ‘Fabel’ zum Thema Holocaust. Well ech och mol rem e bëssen Fiktion (obwuel dat an dësem Kader natiirlech lo bizarre klengt) liesen wollt, hunn ech et kaaft. Zumools ech d’Ausgangsiddi (vir den Holocaust, oder opmanst d’Konfrontatioun domadder, duerch Kanneraan ze erzielen) interessant fonnt hunn, zumools een sou die Absurditéit besonnesch gutt duerstellen kéint.

D’Geschicht ass net ganz schlecht (and d’Intentioun ass gutt), mee definitiv e bëssen lahm an natiirlech extrem onrealistesch (mee d’Uleies vum Auteur woer jo fir eng Allegorie ze schräiwen). E Wuertspill, wat ech suwuel orginell wéi stéierend fonnt hunn, woer dass den Bouff den Hitler ëmmer just als ‘the Fury’ erwähnt huet. Usech eng super Iddi, ausser, dass se natiirlech net mat engem däitschen Jong funktionnéiert, mee bon …

Bei Amazon ginn et eng Rëtsch Kritiken, déi d’Problemer vum Buch an wéi d’Thematik ugepaak ginn ass, beschreiwen sou dass ech dat lo hei net verdéiwen wäert.

Allerdëngs huet d’Buch méch awer nees fir d’Thematik vum Holocaust interesséiert kritt. Nach wesentlech méi poignant sinn natiirlech Aanzéienberichter vun Kanner aus der Zäit … eréischt, wann een sou Texter liest gët engem die ganz Absurditéit, Barbarei an Tragédie wirklech kloer … De Mënsch ass schon en bizarrt Déier. Den Holocaust, Rwanda, Jugoslawien, etc beléen dat jo ouni Zweifel.

Sou Themen mussen och weiderhin an de Schoulen natiirlech behandelt ginn. Awer villäicht man se dat an der Tëschenzäit jo op eng méi efficace Manéier, wéi zu mënger Zäit.

Zeréck zum Buch: ech hat et an ronn 4 Stonnen duerch gelies. Meng Note: 5/10.

Advertisements

Current reading (1).

November 28, 2008 Leave a comment

Ech liesen jo heiandsdo e Buch, duerfir duecht ech mer: firwat se net mat iech deelen? Villäicht schwätzen se jo deen een oder aneren un.

Hei also dat éischt:

Wer bin ich? Und wenn ja, wieviele?” vum Richard David Precht.

Was ist Wahrheit? Woher weiß ich, wer ich bin? Warum soll ich gut sein? Bücher über Philosophie gibt es viele. Doch Richard David Prechts Buch “Wer bin ich?” ist anders als alle anderen Einführungen. Niemand zuvor hat den Leser so kenntnisreich und kompetent und zugleich so spielerisch und elegant an die großen philosophischen Fragen des Lebens herangeführt. Ein einzigartiger Pfad durch die schier unüberschaubare Fülle unseres Wissens über den Menschen. Von der Hirnforschung über die Psychologie zur Philosophie bringt Precht uns dabei auf den allerneusten Stand. Wie ein Puzzle setzt sich das erstaunliche Bild zusammen, das die Wissenschaften heute vom Menschen zeichnen.

D’Buch ass an 3 Deeler opgedeelt. Am éischten gët den aktuellen Stand vun der Gehiirforschung beschriewen an wat een alles sou zum Thema Identitéit wees (oder mengt ze wëssen), deen zweeten ennersicht eng Rëtsch moralesch Froen an zu wat fir Äntwerten ee kommen kann, deen drëtten dann analyséiert Konzepter wéi Hoffnung, Léiwt a Gléck.

Mir perséinlech huet d’Buch ziemlech gutt gefall, och wann ech net ëmmer mat sengen Conclusiounen am zweeten an drëtten Deel d’accord sinn. Generell ass et awer ganz liesbar: d’Sprooch ass relativ einfach gehalen an awer nach sophistikéiert genuch, fir d’Nuancen vun de Problemer ze beschréiwen. Wat ech och gutt fannen ass, dass hien Wëssenschaft a Philosophie mateneen verbënnt an sech net nëmmen op eng Säit konzentréiert. Wat och manner Sënn giff maachen. Well just zesummen kann een zu enger gewësser Erkenntnis kommen.

7/10.