Archive

Archive for the ‘Film’ Category

Sherwood Gladiator.

May 16, 2010 4 comments

Dee neien ‘Robin Hood‘, oder éischter ‘Robin Hood: The Early Years’, ‘Robin Hood – The Prequel’ oder ‘The Robin Longstride Movie’, vum Ridley Scott ass zwar eng Enttäuschung. Zumools vun der Story an hierer Glaafwierdegkeet hier. Jo, ech wees, et ass Fiktioun, mee trotzdem …

An en ass mer virkomm wéi 4 Stonnen!? Gaaaaps.

Categories: Film

Sou gespaant.

May 11, 2010 4 comments
Categories: Film, Video

Kinodacks.

March 13, 2010 4 comments

Fir die Cinéphile ënnert iech (déi zu Lëtzebuerg liewen): ‘De Caligari à Tarantino‘.

Chaque dernier lundi du mois, à partir de 19h, la leçon se déroulera en trois temps : une conférence didactique intégrant des extraits de films emblématiques sera effectuée par un expert; une pause « glass & finger food » sera ensuite organisée afin que le public puisse se retrouver et discuter dans une ambiance conviviale; enfin, un film-phare de la thématique abordée sera projeté pour prolonger et conclure le cours. Tous les dimanches du mois suivant seront projetés des œuvres contextuelles en rapport avec le sujet évoqué. Ainsi, en 10 mois, le public est invité à un tour d’horizon à travers 10 décennies de l’histoire du cinéma. Il se dit que les spectateurs assidus pourraient à la fin être récompensés d’un diplôme de « docteur ès cinéphilie »…

Categories: Film

A serious man can be quite boring.

January 31, 2010 2 comments

Opmanst wann een den läschten Film vun den Coen Bridder als Referenz hëllt.

Hashem, woeren dat laang zwou Stonnen! Do hunn déi puer gutt Momenter och net vill gehollef.

Wéini léieren ech bei a ginn keng Filmer méi vun hinnen kucken? Fargo an Big Lebowski sinn sou ontypesch Coen-Filmer. E richtegen Coen Film ass ziemlech onverständlech, net immens witzeg an drëchen.

Categories: Film

Cormac McCarthy.

January 15, 2010 5 comments

Ech mengen ech ginn definitiv kee Fan vum Cormac McCarthy (oder opmanst net vun de Verfilmungen vu senger Bicher). Ech woer schon vun der Story am ‘No Country For Old Men’ enttäuscht a bei ‘The Road’ ass et mer leider net anescht gaang.

Obwuel béid Filmer cinematographesch an visuell wierklech gutt sinn. Mee d’Geschichten sucken. Zumools de Schluss och jeweils.

*SPOILER ALERT* (ënnert de Biller geet et weider)

The Road hätten kéinten sou ‘perfekt’ ausgoen (de Jong erschéisst sech nom Doud vu sengem Papp), mee dat wier wuel ze radikal an ze nihilistesch gewiescht. Hätt ech awer hei super fonnt (well dat hätt mech wierklech touchéiert). Amplaz dat blöd Gefasels iwwert ‘the fire in you’ an dann op eemol sou Famill, déi hien adoptéiert, ze treffen, deus ex machina. Obwuel en liichten Doute bléiwt: sinn sie en effet der Gudder oder gesinn sie hien just als Snack tëschenduerch (lo wou den Papp doud ass)? Mee villäicht huet die ‘Mamm’ och just schlecht geschauspillert.

An dat permanent ‘going south’, firwat? Gët et irgenden Beweis, dass et do anescht ass? An generell hunn ech geduecht, de Film giff mech vill méi matrappen … wat allerdëngs interessant woer (niewent dem Visuellen usech), ass dass en gewiesen huet wéi dënn eis ‘zivilisatoresch’ Couche ass an wéi haart die menschlech Existenz ouni all eis Bequemlechkeeten ass!

Categories: Film

Inception.

December 23, 2009 2 comments

Gesäit interessant aus.

Mee sinn franséisch Synchronisatiounen ëmmer sou schlecht???

Categories: Film, Video

Avatar.

December 18, 2009 6 comments

Just e puer Remarken zum Film:

  • giff dat normalerweis nie soen, mee gitt eng 3D-Versioun OUNI  Ennertitelen kucken. Déi versch**ssen vill!
  • sinn nach ëmmer net sécher op den 3D et wierklech bréngt, mee villäicht ass en einfach nach ëmmer net gutt genuch (an d’Brëller ze schwéier, en plus maachen se d’Bild méi däischter) … an e puer Szenen, wou Wiesen oder Äschen am Raum schwiewen ass den 3D nach am iwwerzeegensten
  • d’Geschicht ass natierlech mega-kitsch mee bon, Märecher soll een jo net ze streng beurteelen an jo, et ass ‘Dancing with Wolves in Space’.
  • den Öko-Message vum Film gefällt mer (an d’destruktiv Oder vum Mënsch, oder gewëssen Mënschen, ass gutt duergestallt), den Ethno-Kitsch vum pantheisteschen Edlen Wëllen e bëssen manner well ze simplistesch (och wann manner kitschegen Pantheismus mer generell net onsympatesch ass)
  • d’Na’vi sinn graphesch wierklech exzellent, d’Mimik an d’Bewegungen sinn genial, keen uncanny valley méi (ok, sie hunn de liichten Virdeel, dass et keng richteg Mënschen sinn)
  • Pandora ass mat enger blühender Fantasie an onwahrscheinlech vill Léift zum Detail crééiert ginn
  • d’Sigourney Weaver ass gemaach fir an SciFi Filmer ze spillen
  • beim Avatar-Steieren sinn interessant Parallelen zu Läit ze gesinn, déi sech permanent am Second Life oder WoW ronderem dréiwen an hiert virtuellt Liewen do méi interessant fannen wéi hiert richtegt a bestëmmt och tentéiert wieren dat eent géint dat anert anzetauschen

7/10

Categories: Film