Archive

Archive for the ‘Gehir’ Category

Grostufen.

December 5, 2009 Leave a comment

Woer mer schon beim Thema Faarwen, an zumools der Faarw Schwaarz sinn, hei nach eng impressionant optesch Illusioun mat Grotéin:

Categories: Gehir, Video, Wëssenschaft

Shady.

October 7, 2009 2 comments

Cool optesch Illusioun:

Categories: Design, Gehir, Video, Wëssenschaft

RadioLab.

August 6, 2009 2 comments

Falls een un engem qualitativ héichwärtegen Podcast iwwer wëssenschaftlech an philosophesch Themen interesséiert ass: RadioLab.

Radiolab believes your ears are a portal to another world. Where sound illuminates ideas, and the boundaries blur between science, philosophy, and human experience. Big questions are investigated, tinkered with, and encouraged to grow. Bring your curiosity, and we’ll feed it with possibility.

En ass informativ, interessant, humorvoll an en plus auditiv super gemaach.

Perfekt fir beim (alleng) Trëppelen oder an der Hängematt ze lauschteren!

Verrëckt.

June 25, 2009 Leave a comment

Hei ass eng vun deenen krassesten opteschen Illusiounen, déi ech gesinn hunn …

A ween et net gleewt: Bild ofspäicheren, an engem Viewer opmaachen an erazoomen!

Categories: Gehir, Wëssenschaft

Are we in control?

May 27, 2009 Leave a comment

Nees en faszinanten TEDtalk vum Dan Ariely:

Are we in control of our own decisions?

Behavioral economist Dan Ariely, the author of Predictably Irrational, uses classic visual illusions and his own counterintuitive (and sometimes shocking) research findings to show how we’re not as rational as we think when we make decisions.

Die Illusiounen (net nëmmen die klassesch optesch) sinn wierklech bemierkenswäert …

Op der Zong.

March 3, 2009 14 comments

Ass dat Phänomen, dass engem eppes op der Zong läit, net erstaunlech? Et wees een, dass een eppes wees, mee et wees een net méi, wat genau et ass! Meeschtens bréngt ugestrengt nodenken net direkt eppes an et ass méi heefeg, dass d’Wuert oder de Numm spéider, wann een net méi aktiv drun denkt, op eemol nees ‘optaucht’.

Sou wéi wann een en Bibliothekar am Kapp hätt, deen engem seet: Jo, dat do Buch hu mer. Mee ech wees awer net direkt wou et steet. Ech muss et sichen. Mee stress mech net, dat bréngt näischt. Looss mer bëssen Zäit an da kann ech der et soen.

Wat nees eng Kéier beweist, dass mer net wirklech total den Meeschter am eegenen Haus sinn … D’Ënnerbewosstsinn, mat all deem, wat do als Konsequenz an sou drun hänkt, ass mat dat Spannendst/Faszinanst, wat et gët … opmanst a mengen Aan.

Categories: Gehir
Follow

Get every new post delivered to your Inbox.