Archive

Archive for the ‘Luxembourg’ Category

Spueren.

April 13, 2010 8 comments

Die proposéiert Lëscht mat Spuermoossnahmen vun der Regierung ass zwar méi hefteg wéi ech mer dat vun enger CSV-LSAP Regierung erwaart hat (an déi um RTL Site ass nach méi kleng wéi déi, die ech um Radio héieren hat) … Ech froen mech och, op dat wierklech alles esou néideg ass an op dat net en fermen Impakt op d’Kafkraaft an d’Konsumverhalen hätt. Wat jo och nees net super fir d’Economie wier.

Si mol op weider Erklärungen, Justificatiounen a Reaktiounen gespaant.

[Added:]

Vu, dass jo jiddereen spueren muss ausser de Banken:

Advertisements

Lëtzebuerger Beier.

January 11, 2010 13 comments

Lëtzebuerger Béier ass an der Läscht jo nees an de Nouvellen, duerfir nach eng Kéier deen hei:

Categories: Fun, Luxembourg, Video

E wichtege Mann.

December 21, 2009 5 comments

De Pit Biever an dësem Fall. Op alle Fall muss een zu der Conclusioun kommen, wann een dësen ‘Hollywood Reporter’ op RTL seng immens Geschichten (oft mat sech selwer als op engem Niveau mam jeweilegen ‘Star’) erzielen héiert. Ween hien alles kennt! Wou hien schon alles woer! An en plus ass en Lëtzebuerger Konsul dohannen!

Wow.

Categories: Luxembourg, Medien

De Lëtzebuerger Dram?

December 10, 2009 16 comments

Ech hu festgestallt, dass an der Läscht ëmmer méi vu mengen Frënn, oder och soss Läit, déi ech kennen, wéi ech selwer bei de Staat gewiesselt resp. direkt do ugefaangen hunn. Dat ass sécher keng nei Entwécklung, mee sie ass awer trotzdem frappant.

Geschätzten 3/4 (oder méi) vu mengem Familjen- an Frëndeskrees  missten an der Tëschenzäit soit beim Staat oder an der Edukatioun schaffen. Usech jo och kee Problem, au contraire. Déi Läit hunn jo all, zumools an der Carrière Supérieure, op ‘éiweg’ finanziell ausgesuergt (wann se net iwwert hier Moyen’en liewen) a kënnen sech jo wierklech drop konzentréieren d’Liewen (oder opmanst hier Fräizäit) ze genéissen. Well finanziell an Aarbechtsplaaz-Suergen falen jo mol gréisstendeels ewech. Heiandso erschéngt de Staat mer wierklech wéi eng Zort Luxus-Kommunismus innerhalb vun der Gesellschaft.

Duerfir ass et dann emsou méi krass, wann ech aner Bekannten a Frënn gesinn, déi aus deenen verschiddensten Grënn net beim Staat ënnerkommen kënnen an wéi déi heiandsdo struewelen mussen fir iwwert d’Ronnen ze kommen resp. net sécher sinn, wou si an engem Joer wäerten sinn. Do ass dann näischt mat sech direkt en neien 3er BMW oder eng fäin Wunneg/Haus kafen. Obwuel sie, reng vum Effort, sécher opmanst esou vill schaffen.

An natierlech kann een och am Privaten ferme Suen, a suguer nach méi Suen, verdéngen, wann eng Rëtsch Fakteuren gënschteg zesummenfalen. Mee och bei deenen kéint, reng theoretesch, séier nees eng Kéier domadder Schluss sinn. Ok, ausser sie sinn (Zänn-)Dokter oder sou, déi gi jo ëmmer gebraucht.

Par conter, wann ee beim Staat ass, da misst jo schon d’Welt usech +- ënnergoen, fir a ‘Gefor’ ze kommen. A suguer dann giff et eis wuel nach besser goen, wéi deenen meeschten am Privé.

Duerfir bléiwt beim Staat/Gemeng/Edukatioun-schaffen jo wuel op weideres de Lëtzebuerger Dram?

Och wann dat sech, à la longue, wuel schlecht op d’Land usech auswierken wäert (keng Innovatioun, Kreativitéit, etc déi vun Lëtzebuerger kënt). A wäerte net generell eng Rëtsch vun eisen Lëtzebuerger Illusiounen demnächst platzen, wa  Lëtzebuerg bis all seng Privilégien verléiert, déi et him joerzengtelaang erlaabt hun, wéi d’Made am Speck ze liewen … ?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

Och Kannerlidder mussen upgedate ginn?

December 5, 2009 27 comments

Noodeems Liichtmessdag jo nët méi gesonge gët: ‘Loost die jonk Läit liewen an die al Läit stierwen’, wier et och villäicht elo un der Zäit fir ‘de Schwaarze kritt eis nie’ aus deem engen Kleesercherslidd ze sträichen? An enger Zäit, wou jo a villen Spillschoulsklassen och donkelhäiteg Kanner sinn, ass dat jo villäicht net méi ubruecht. Oder gesinn ech dat ze enk?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

Schwéngsgripp.

November 19, 2009 5 comments

Ass dat Thema nach aktuell? Schéngt roueg ginn ze sinn?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

LuxDSL.

November 17, 2009 6 comments

Freck, Lëtzebuerg ass jo wierklech lues an deier … am Verglach. Bei eis kritt een fir dee Präiss 2 Mbit?

Categories: Luxembourg, Wired world