Archive

Archive for the ‘Perséinleches’ Category

Weidergoen.

January 9, 2010 Leave a comment

Advertisements

Schéi Feierdeeg!

December 24, 2009 Leave a comment

Ech wënschen jidferengem da mol schéi Feierdeeg!

Egal op een se als Fest vun der Famill, vun der Léift oder vun der Gebuert vun engem kosmeschen Superbaby mat enger Selbstmordmissioun gesäit.

Alles Gudds also.

Categories: Perséinleches

Soundtrack?

November 9, 2009 11 comments

Ech misst eng Foto-Slideshow (10 min) mat Musek ënnerléeën. Wees een villäicht e Site, wou een sech sou (am beschten instrumental/generic) Musek gratis zesummenbastelen kann? Vun mir aus och eng Schleif, déi sech widderhëllt. Oder huet soss een eng Iddi, wéi een sou eppes ugeet?

Villäicht wier och Filmmusek eng Optioun, an déi Titelen sinn jo och oft méi laang …

All Suggestioun ass awer wëllkomm!

Update: mengen ech exportéieren d’Slideshow (ouni Musek) aus dem iPhoto als Quicktime an importéieren de Fichier dann an den iMovie, wou een dann anscheinend mat der Musek méi flexibel ass … ?

Categories: Musek, Perséinleches

Vergänglechkeet.

September 17, 2009 3 comments

Hei am Westen verdrängen mer den Doud jo gréisstendeels. A wann da mol een gestuerwen ass, da gët en oft och nach schéin ugedoen a maquiéillert, sou dass en halt sou lieweg wéi méiglech ausgesäit, éier et dann an de Buedem geet. Awer och do net egal wéi. Am Beschten an engem en Sarg aus Edelholz an net just Kiefer, et wëll een sech jo net virgeheien loossen, dass een knéckeg wier oder dass deen Doudegem engem näischt bedéit huet! An och en riesegroussen Grafsteen muss jo wuel sinn … Kee Wonner, dass Bestattungsunternehmen e krisenséchert Geschäft ass. Wat natierlech och eng Rëtsch (mënschlech) Aasgeieren unzitt, déi engem e schlecht Gewëssen man, just fir nach méi Suen an d’Täsch ze kréien.

A wou mer schon bei Aasgeieren sinn, dat bréngt mech zu enger alternativer Perspektive op dës Saachen: den buddhisteschen ‘Himmelsbestattungen‘ am Tibet. Buddhisten gleewen jo un Reinkarnatioun, also ass de Kierper fir sie usech just e Vehikel an de Kierper vun engem Doudegen definitiv just e Stéck Fleesch. Wat usech jo och mol guer net sou falsch ass. A fir der ‘Séil’ ze hëllefen sech nach méi séier vun deem doudegen Kierper ze léisen, verfidderen sie en un Geieren. Spektakulär Fotoen vun sou enger Bestattung, wann och net fir iwwersensibel Naturen!, fënnt een hei (am beschten och mat engem Adblocker kucken).

funeral_02 funeral_20 funeral_61

Dat ass jo definitiv eng ganz aner Mentalitéit, wéi déi, die mir gewinnt sinn. An die Fotoen sinn och op den éischten Bléck schockéierend, villäicht suguer verstéirend fir verschidden Läit. Menger perséinlecher Meenung no sinn se iwwerraschend, krass, awer och an engem gewëssen Sënn schéin (am Géigensaz zu üblechen Gore-Fotoen, déi ëmmer un Akzident, Krich, Verbriechen, etc gekoppelt sinn a primär sensationalistesch sinn oder primitiv Instikter befriddegen). Sie illustréieren einfach immens gutt, wat en doudegen Kierper ass: doudegt Fleesch, eng Usammlung vun Atomer, déi drop waart fir sech nees mat aneren Atomer zu neien Formen ze vermëschen. Ech kéint mer virstellen, mech sou verfidderen ze loossen. Allerdëngs wéist ech net op ech sou einfach nokucken kéint, wann do ee Familjenmember oder sou géing leien. Wat dorunner läit, dass mir manner séier lass loossen wéi sie a mir dat doudegt Stéck Fleesch nach méi laang als Persoun gesinn.

An eisen Kulturkreesser wier esou en Ritual jo wuel kaum dran an usech ass dat jo och ok, schon alleng aus ästhetëschen Gesiichtspunkter. Mee den Doud, an d’Vergänglechkeet och vum mënschlechen Kierper, bléiwt doduerch awer trotzdem irgendwéi mei abstrakt. Et kënt engem éischter vir, wéi wann d’Bomi halt lo ënnert dem Buedem schléift, wéi dass een sech bewosst gët, dass en Läichnam usech jo just nëmmen nach en physeschen, inaniméierten Objet ass, an net déi Persoun, déi en virdrun eng Kéier gehollef huet duerstellen.

Eis Mentalitéit, an d’Fixéierung op de Kierper als essentiellen (an ‘hellëgen’?) Deel vun der Persoun, huet natierlech mat eiser Religioun ze dinn, déi dovunner ausgeet, dass die doudeg Kierperen irgendwann rem eng Kéier operstinn (wann och die genau Konzepter diesbezüglëch extrem vague sinn an bei genauer Betruechtung direkt die schéinsten Paradoxen an Froen opwerfen).

Mee mat sou enger Iddi kann ech näischt ufänken. Wann et mol sou wäit ass, wëll ech, dass ee mäin Kierper verbrennen léisst an dann irgendwou an der Natur verstreet (Geieren sinn jo hei keng Optioun). An déi Suen, déi doduerch gespuert ginn, solle benotzt ginn fir e Fest ze feieren. Meng Famill a Frënn solle frou sinn, dass ech do woer an net (ze) traureg sinn, dass ech nees fort sinn. Et kann een et jo souwiesou net änneren.

Den Doud ass Deel vum Liewen. An all Dag kommen mer deem Deel vun eisem Liewen méi no.

An desto méi een sech däers bewosst gët, desto méi kann ee sech doropper astellen oder virbereeden. Op deen eegenen Doud an deen vun aneren Läit. An desto méi een déi Vergänglechkeet erkennt an akzeptéiert, desto méi intensiv a bewosst kann een, menger Meenung no, säin eegent Liewen genéissen an desto méi gët den Doud dat wat en ass: eppes Natierleches.

DE-CH-I.

September 10, 2009 4 comments

Falls een un Landschafts-Fotoen aus menger Vakanz interesséiert ass an och wëll gesinn, wéi mäin Geotagger GT-01 funktionnéiert huet, sou kann en dat hei maachen. An den GT-01 usech kann ech nëmmen recommandéieren!

IMG_0762

A presto, ragazzi!

August 27, 2009 6 comments

Lago_Maggiore_MS2.351222749

Categories: Perséinleches

Ubuntu.

August 5, 2009 4 comments

Ech hu lo zënter e puer Wochen den Ubuntu op menger Mamm hierem alen Laptop lafen (deen ech lo niewent mengem mac mini hunn) a muss soen, dass ech ganz zefridden domadder sinn. D’Vitesse ass wierklech ordentlech, wann ech dat mat virdrun ënner XP vergläichen (an dat läit nët nëmmen dorunner, dass ech em e bëssen méi RAM ginn hunn an den HD ausgewiesselt hunn), den Interface superschéin an d’Gestioun erstaunlech onkomplizéiert (wann een Standardprogrammer benotzt oder installéieren wëll).

Et ass lo mäin mobilen Mediacenter fir all Zorten vun Video (via Podcasts, Boxee oder Torrent Download), suguer am HD, ze kucken.  Mailen a surfen geet natierlech och.

Scho cool, wat een aus sou enger ‘aler’ Këscht nach maachen kann, wann een wees, wéi een sech uléeën muss. Usech sinn et jo och haaptsächlech just 3D Spiller, déi ëmmer méi séier a méi deier Computer verlaangen …