Archive

Archive for the ‘TV’ Category

Disney Vault.

December 2, 2010 Leave a comment

Ech wousst guer net, dass Disney hier Filmer regelméisseg fir e puer Joër vum Marché forthëllt!

Ma dann sollen se sech net wonneren, wann een soss Moyen’en sicht fir se ze fannen … an domadder mengen ech net fir se dann iwwerdeiert op eBay ze kafen!?

Categories: TV

Entweder Broder.

November 26, 2010 5 comments

Ech sinn normalerweis nach laang net ëmmer mam Henryk Broder averstan, mee déi hei Sendung ass wierklech gutt/interessant:

Categories: Gesellschaft, Politik, TV

Touch Nonsense.

June 19, 2010 Leave a comment

Do hat jo een bei der ARD wierklech eng super Iddi fir die Schiermer an hieren Studioen (WM, Meteo, …) touch-fäheg ze maachen!!

Gesäit genial aus, wann de Beckmann oder e Wiederfräsch op sou engem Riesenschierm dräggen-an-droppen. An et mécht souvill Sënn. Chapeau.

Wéini integréieren se dat an d’Tagesschau?

Categories: TV, Wired world

My newest addiction.

June 4, 2010 5 comments

BBC iPlayer.

Nächst Woch soll d’Wieder jo rem méi schlecht ginn, da gët lo mol nach massiv erofgelueden. Zum Beispill Luther, Stephen Fry on Richard Wagner, The Genius of Design, …

An all déi Sendungen sinn alt rem e gudd Beispill, dass ëffentlech-rechtlech Tele à la BBC, Arte oder ZDF bestoen bleiwen muss! Soss fënnt een sou eng Qualitéit (opmanst wat Documentairen, Reportagen, etc ugeet) just op gewëssen PayTV Senderen, an dat schreckt vill Läit of. Wat schued ass, an der Gesellschaft als Ganzt och net hëlleft.

Categories: TV

SATC.

May 28, 2010 14 comments

‘Sex and the city’ (an den Hype ronderem) verkierpert fir mech villes, wat an eiser Gesellschaft schief leeft. An domadder mengen ech mol net, dass ët Läit ginn, déi behaapten, dass d’Sarah Jessica Parker an die aner gutt Schauspillerinnen wieren.

Categories: TV

VPN.

May 24, 2010 19 comments

Well den Torrent Download vun der läschter LOST Episode extrem lues woer, a mir jo och keng legal Alternativ zur Verfügung stung, hunn ech et dës Kéier mol iwwert eng (bezuelten) VPN Connectioun probéiert (bei BlackVPN). Fir 5 Euro kommen ech dann lo e Mount laang un de Contenu vun Siten, déi soss ëmmer just fir Amerikaner sinn. Funktionnéiert erstaunlech gutt an och d’Vitesse ass impecabel. Kann ech jiderengem recommandéieren, deen sech net vun Lännerrestriktiounen wëll ofhalen lossen.

Allerdëngs muss een awer d’Reklammen, zb via ABCPlayer, iwwert sech ergoen loossen. Mee et sinn der nach net sou vill … a vill manner wéi op hierer regulärer Tele. Ech kéint do keng Filmer oder Serien kucken!?

Wat Lost selwer ugeet: gutt, dass et endlech riwwer ass! An et wier schéin gewiescht, wann d’Story wierklech vun Ufank un geplangt gewiescht wier. Dat hei woer lo nëmmen nach Gewurschtels zum Schluss.

Categories: TV, Wired world

The end is near.

May 19, 2010 6 comments

Fir ‘Lost’. An et gët och héich Zäit.

Ech hoffen allerdëngs ëmmer nach, dass de ‘Man in black’ de Gudden ass. Den Jacob an den Desmond gi mer nämlech ferme op de Kichelchen. Mee ech fäerten ganz et gët en ultrakitschegen Schluss …

Categories: TV