Ech verstinn dat einfach net.

October 13, 2010 4 comments

“Gott war mit mir und der Teufel”, sagt Mario Sepúlveda über die Zeit in der Mine. “Ich habe schon viel erlebt, aber noch nichts wie das.” Aber zu keinem Zeitpunkt habe er daran gezweifelt, dass Gott den Männern helfen werde. Sepúlveda nutzte die Gelegenheit auch, um eine Botschaft an die Minenbesitzer des Landes zu übermitteln: “Wir können so nicht weiter machen. Es muss sich etwas ändern.”

Ech verstinn einfach net, wéi een sou denken oder raisonnéieren kann??

Wéi huet ‘Gott’ hinnen gehollef? Ech gesinn just Menschen, déi alles Méigleches gemaach hunn fir sie nees aus dem Bierg ze kréien! Mee keen ‘Gott’? A firwat huet hiere ‘Gott’ dann net verhënnert, dass se iwwerhaapt do stieche bliwwen sinn??

Argh, the stoooopid. It burns.

Mee bon, sinn halt einfach Geeschter (opmanst an deem Punkt), deenen een keen wierklechen Virworf kann man. An trotzdem.

Advertisements

Wousst de Raoul Follereau dat net?

October 7, 2010 1 comment

God’s cure for leprosy:

Get two birds. Kill one. Dip the live bird in the blood of the dead one. Sprinkle the blood on the leper seven times, and then let the blood-soaked bird fly away. Next find a lamb and kill it. Wipe some of its blood on the patient’s right ear, thumb, and big toe. Sprinkle seven times with oil and wipe some of the oil on his right ear, thumb and big toe. Repeat. Finally find another pair of birds. Kill one and dip the live bird in the dead bird’s blood. Wipe some blood on the patient’s right ear, thumb, and big toe. Sprinkle the house with blood 7 times.

– Leviticus 14:2-52

Schéngt dach einfach.

Categories: Religion/Philosophy

PlayBook?

September 28, 2010 1 comment

RIM (Blackberry) huet gëschter säin Tablet-Prototyp virgestallt an probéiert däitlech ze maachen, dass hieren Tablet vill besser fir de professionellen Marché ugepasst wier wéi en iPad. A wéi nënnen sie hieren Tablet?

PlayBook. Dat kléngt en effet superprofessionell.

Categories: Aktuelles, Wired world

Reminder

September 25, 2010 Leave a comment

Ech sinn an der Tëschenzäit hei mei ‘aktiv’.

Categories: Perséinleches

Telefonsbicher?

September 21, 2010 5 comments

Editus ass jo lo ‘on tour‘. Mee WTF?

Ween benotzt nach Telefonsbicher aus doudegen Beem? A soll sou eng ‘on tour’ Aktioun Telefonsbicher aus Pabéier nees cool oder hipp man? Firwat sollt iergendeen dohinner goen? Ausser well en en Handy gewannen wëll?

Categories: Luxembourg

Gottvertrauen?

September 20, 2010 4 comments

Keine Panik nach dem Terroralarm

Benedikt zeigt die Gelassenheit dessen, der in Gott vertraut. Etwa, als Terroralarm in London herrscht und die Zeitungen schon schreiben, Islamisten wollten wohl den Papst ermorden. Benedikt weicht nicht von seinem Programm ab.

Jo, mat engem gepanzerten Papamobil duerch d’Géigend ze gondelen zeugt schon vun enormen Gottvertrauen …

HDR.

September 9, 2010 3 comments

D’HDR-Funktioun um iPhone4 (iOS 4.1) ass net schlecht a ka schon oft ferme praktesch:

An jo, mat enger ‘richteger’ Kamera kann een nach vill besser (HDR an net-HDR) Fotoen maachen.

Mee dat hei ass einfach super EINFACH. A geet oft duer.

Categories: Photographie