HTML5 ass just leider nach ganz am Ufank vum Entwécklungsstadium, an et schwätzt all Mënsch nëmmen vun de Virdeeler fir A/V. Et kéinnt ee mengen, den Internet bestéing just aus YouTube (wat wuel fir ee Groussdeel vun den Useren wahrscheinlech och de Fall ass). Allerdéngs ass et fir net-Geeks wuel och schwéier virstellbar, wéi eng Revolutioun déi éischt nei Versioun vun HTML zanter zéng Joer bréngen wert.
Ech hun HTML 4.01 strict geleiert an och XHTML 1.0. Wannsde dei 2 kanns, dann ännert sech mat HTML5 relativ weineg. Dei grouss Ännerung bei HTML5 ass dass tags fir formattage (dei jo eigendlech deprecated sin) definitiv eraus geholl gin and HTML insgesamt mei struktur soll kreien.
bsp: * text ass net mei erlaabt
* all tags mussen kleng geschriwwen gin
* etc
D’Tags esou zoumaachen ass awer elo och schon ner erlaabt, du fënns eben just Browseren déi deen Feeler “iwwersinn”.
WebKit ënnerstëtzt iwwregens och HTML5, fir Leit déi elo erem mengen Mozilla wier Virreider. ;P
Wat sech bei HTML5 ännert ass, dass et vill méi semantesch gëtt. Et gëtt z.B. en Ennerscheed tëscht dem b Tag an dem strong Tag. Tags ewéi center, u, strike oder font ginn et guer net méi, genausou wéineg wéi frame, frameset oder noframes. An där nach eng ganz Rei (z.B. cellpadding, body background, alink, …).
Ausserdeem ënnerstëtzt HTML5 endlech Offline Databases, déi jo z.B. a Safari schp länger agebaut sinn.
Den einfachste Wee fir ze wëssen, wéini et hei eppes Neies gëtt, ass fir den RSS-Feed z'abonnéieren (zB mam Google Reader)
_
Hei och nach d'Links zu mengen Tumbler Blogs: Nummer 1 an Nummer 2
HTML5 ass just leider nach ganz am Ufank vum Entwécklungsstadium, an et schwätzt all Mënsch nëmmen vun de Virdeeler fir A/V. Et kéinnt ee mengen, den Internet bestéing just aus YouTube (wat wuel fir ee Groussdeel vun den Useren wahrscheinlech och de Fall ass). Allerdéngs ass et fir net-Geeks wuel och schwéier virstellbar, wéi eng Revolutioun déi éischt nei Versioun vun HTML zanter zéng Joer bréngen wert.
hues de en Link, deen déi Virdeeler kuerz illustréiert?
Google Wave ass komplett op HTML5 opgebaut. Soen se am Video. Den Firefox 3.5 kann iweregens schon .ogg-Video an Audio ofspillen.
Richteg. Hat ech schon nees vergiess.
Ech hun HTML 4.01 strict geleiert an och XHTML 1.0. Wannsde dei 2 kanns, dann ännert sech mat HTML5 relativ weineg. Dei grouss Ännerung bei HTML5 ass dass tags fir formattage (dei jo eigendlech deprecated sin) definitiv eraus geholl gin and HTML insgesamt mei struktur soll kreien.
bsp: * text ass net mei erlaabt
* all tags mussen kleng geschriwwen gin
* etc
an well HTML emgewandelt get an net ugewissen…
(b)(i) text (/b)(/i) ass bei HTML5 net mei erlaabt. emmer vun bannen no baussen zou maan.
D’Tags esou zoumaachen ass awer elo och schon ner erlaabt, du fënns eben just Browseren déi deen Feeler “iwwersinn”.
WebKit ënnerstëtzt iwwregens och HTML5, fir Leit déi elo erem mengen Mozilla wier Virreider. ;P
Wat sech bei HTML5 ännert ass, dass et vill méi semantesch gëtt. Et gëtt z.B. en Ennerscheed tëscht dem b Tag an dem strong Tag. Tags ewéi center, u, strike oder font ginn et guer net méi, genausou wéineg wéi frame, frameset oder noframes. An där nach eng ganz Rei (z.B. cellpadding, body background, alink, …).
Ausserdeem ënnerstëtzt HTML5 endlech Offline Databases, déi jo z.B. a Safari schp länger agebaut sinn.
Webkit ass dach emmer nemmen do Virreider, fir irgendwelch Acid3-Texter ze bestoen
Mee déi ganz semantik-Geschichten gouf et jo schon am XHTML net méi, just eben als deprecated. Strong asw. sinn souwiesou déi besser Alternativen.