Archive

Archive for August, 2008

MJ.

August 27, 2008 1 comment

Net ze gleewen, lo gët den Michael Jackson (oder opmanst Deeler vun him) och schon 50 Joer … Zäit vergeet awer!?

Categories: Gesellschaft, Musek

Ubiquity.

August 27, 2008 Leave a comment

Potentiell immens interessanten Firefox Plug-in. Kuckt iech de Video op dëser Säit un.

Wäert deen lo mol testen.

Command lines still rule! 😉

Categories: Wired world

Aaaah …

August 27, 2008 Leave a comment

Haha, nees exzellenten britischen Humor (en plus stellen se valid theologësch Froen).

‘Sunday Heroes’ (hunn déi virdrun net kannt):

– Judas

– The Last Supper

– Lazarus

– The Sinful Woman

Categories: Fun, Religion/Philosophy, Video

WTF!?

August 26, 2008 9 comments

WTF!?

Wann een wees, wat een bei deem eischten man muss, wann den ‘Helikopter’ kënt, kann e Bescheed soen …

Categories: Fun, Konscht

H**ren Firefox!?

August 26, 2008 4 comments

Zënter der Versioun 3 vergësst en an regelméissegen Ofstänn meng Passwieder an sou!? Firwat? Dat nervt …

Categories: Wired world

Move it!

August 25, 2008 Leave a comment

Mengen ech hat dee Video hei scho gepost, mee egal. Emmer rem impressionnant an einfach, eh, genial einfach!

Categories: Geschicht, Video, Wëssenschaft

Peking vs London.

August 24, 2008 3 comments

Ech si jo kee Frënd vun der chinesescher Politik an och net vun hieren Methoden soss, mee Show’en organiséieren, dat kënnen se! Wéi d’Nordkoreaner jo och … Den Briten hieren Intermezzo fir London 2012 virzestellen huet do am Verglach ausgesinn wéi Kannertheater: ambitionnéiert, mee net wirklech qualitativ héichwäerteg an éischter amateurhaft. Mee et woer jo just eng Intro … Sie kënnen jo nach besser ginn. Hoffentlech.

Well suwuel d’Eröffnungsfeier wéi och d’Ofschlosszeremonie vun Peking hunn éischter un eng Weltklass-Oper erënnert, wéi un soss ëppes. Ech kann mëch net méi erenneren, wéi dat bei deenen viireschten woren. Villäicht hat ech déi och net gekuckt, well ech ëmmer duerch déi bei den Fussball-Weltmeeschterschaften ofgeturnt woer … Mee die hei woeren super. 1A. (Massenszenen sinn natiirlech ëmmer bëssen beängstend, mee awer och onmosseg spektakulär a faszinant.)

Ech sinn wirklech gespaant, wéi d’Englänner die Olympiad organiséieren wäerten. Toppen wäerten se Peking jo net kënnen, sie mussen schon hieren eegenen Stil fannen. Ech hoffen just, dass se net zevill ‘freestyle’ an hierer Approche ginn, well dat wierkt och éischter schrotteg. Dann léiwer mat klassesch-britisch Referenzen. Bëssen Pathos, Klassik, etc muss scho sinn (*). Oder eng gutt Mëschung aus Traditioun mat modernen Elementer. Mee wann modern falsch verstan gët, dann ass et séier bëlleg an egal wat. Brauch een just mol en groussen Deel vun der moderner ‘Konscht’ ze kucken.

Opmanst an mengen Aan. Allerdëngs freet mech jo keen, hehe.

(*) Allerdëngs ouni Zaldoten, déi fändelen apaaken an sou!

Categories: Gesellschaft, Sport