Archive

Archive for February, 2008

L’union fait la force!

February 28, 2008 1 comment

Dëse Video ass anscheinend net grad nei, mee ech hat bis lo näischt dovunner héieren. Relativ spektakulär Opnahmen aus dem Krüger-Nationalpark: Léiwen vs Büffel vs Krokodilen! An dat Bescht, mat engem ‘Happy End’ (anthropomorphesch geschwat)!

Dat Interessants ass awer, dass obwuel d’Natur natiirlech ‘brutal’ ass, awer keen vun den Acteuren, am Géigensaatz zu eis Mënschen oft, aus Dommheet, Langweil, Gier oder Sadismus agéiert:

D’Léiwen wëllen eppes friessen an mussen dofir e Büffel fänken. Natiirlech stierzen se sëch op dat Jëngst, dat ass jo och clever. D’Büffelen loossen dat Klengt fir d’éischt am Stach, kommen dann awer, zu mengem Erstaunen, ërem. Sinn awer dann nach ëmmer relativ ‘färtereg’ an schéngen net verstan ze hunn, dass hier schier Zuel se iwwerléen mëcht bis op eemol e puer awer ‘Couillen’ hunn an d’Léiwen attackéieren. An och dann geet et am Fong just drëm fir d’Léiwen ze verjoën, net méi. Also nix Vendetta fir die Léiwen lo ze vernichten. D’Léiwen gesinn an, dass se keng Chance hunn a dass se sech halt en aneren Büftek sichen mussen. Erstaunlecherweis huet d’Büffelkallef dat Ganzt iwwerliewt!?

Categories: Natur, Video

Revirginization.

February 28, 2008 1 comment

Oh, die Amerikaner …

Born-again virgins claim to rewrite the past
Through spiritual or surgical routes, women give their first time a do-over

Across the country, “revirginization” appears to be gaining steam. Spiritual efforts to reclaim virginity emerged back in the early 1990s and now, prompted by abstinence-only school courses taught to thousands of girls nationwide, and by religious teachers, there are reports of more and more young women like Watts attempting a sexual do-over. Other women are opting for a more radical route to reclaim their virginity: surgical replacement of the hymen, the small membrane that stretches from the walls of the vagina and that typically breaks when a woman first has intercourse — or for many other reasons, from tampon use to vigorous exercise.

(Artikel)

Dat mëcht den Succès vum Chrëschtentum aus. Eiser Här vergët ëmmer an ëmmer rem, soulaang et ee nëmme seng Feeler agesäit a bereit. Bis die nächst Kéier. An da geet et nees vu vir lass. Sënnegen, bereien, sënnegen, bereien, …

Geet eis jo dann awer net schlecht, oder?

February 27, 2008 21 comments

600000288.jpgEt geet eis jo dann awer net schlecht, wa mer 6 Milliounen Euro am Budget kënne réservéieren fir eng Impf- Kampagne géint de Gebärmutterhalskriebs, un deem am Joer zwou bis drei Fraen dru stierwen an den Vaccin selwer och nëmme zu 70% wirksam ass?

Natiirlech ass all ‘onnëtzen Doud’ deen een verhënnert gutt an ech wier och frou, wann ech eng vun deenen zwou oder dräi Fraen wier oder ech déi kenne giff. Mee sin souvill Suen net e bessen onverhältnisméisseg par rapport zu aneren Problemer/Krankheeten oder gesinn ech do eppes falsch?

(edit: Mäi Punkt ass, et schéngt nees e Geschäft mat der Angscht vun de Läit ze sinn an der Tendenz vun eis alleguer fir 100% Sécherheet ze hunn, déi et jo awer souwiesou an dësem Fall net gët. Och wann d’Gefoor natiirlech wesentlech méi réel ass wéi mat der Vullegripp, op engem extrem nidderegen Level allerdengs)

Categories: Luxembourg, Wëssenschaft

Ginn an den USA endlëch d’Luuchten un?

February 26, 2008 4 comments

religiongraphfull.gif

Ignoranz ass jo usech och net (?) genetesch bedéngt … oder?

Historeschen Antisemitismus zu Lëtzebuerg.

February 25, 2008 5 comments

Ech hat jo dëslescht eng Kéier en Opruff gemaach, op kee mir kéint die Säiten mat den ‘Judde-Wieder’ aus deem indizéierten lëtzebuerger Dictionnaire kéint scannen a mailen. Den Georges huet dat gemaach (aus der Versioun vu 1962), villmools Merci!

An et ass wirklech dichteg, wat dat iwwert eist Land, seng Astellung an d’Religioun zu deem Zäitpunkt ausseet.

Hei e puer Sprechwieder:

  • d’Judden an d’Heescheläit kennen all Pied
  • de Judd haasst 3 Saachen: e Bam virum Haus, Gras virun der Dier an e schlechte Noper
  • e litt a fluucht wéi e roude Judd
  • e knéckege Judd
  • du bass een wéi den éiwege Judd (wann een keng Rou huet)
  • et mengt een, et hätt e Judd séch erhaangen (wann dobaussen e Stuerm tobt)
  • du hues dem Judd an d’Knéi gebass (wann engem Kand e Mëllechzannt feelt)
  • 1, 2, 3, d’ass e Judd kapott, huelt e mat de Been a schleeft e fort
  • zwee Judde wëssen wat e Brëll kascht
  • de Judd kënt déch huelen (fir Kanner Angscht ze man)
  • e Judd an eng Fleeschméck sinn dem Metzler säin Ongléck
  • der Kou hiere laange Schwanz ass dem Judd säin Rousekranz
  • hitt dech virun engem gedeeftene Judd
  • Judd, Judd, späiz Blutt an däi rouden Hutt

Hei e puer Wieder:

  • Juddenaasch
  • Juddebaart
  • Juddendrauf
  • Juddefett
  • Juddefleesch
  • Juddegeschäft
  • Juddenhaus (‘wéi d’Sau am Juddenhaus’)
  • Juddeknuet
  • Juddekrankheet
  • Juddenues
  • Juddepak
  • Juddeschoul (‘en Duerchernaner wéi an enger Juddeschoul’)
  • Juddeséil (‘verluer wéi eng Juddeséil’)

An suguer e Verb:

  • juddsen: ausgesinn a richten wéi e Judd (no Knueweleck)

Wirklech näischt op dat e muss houfreg sinn … Di meescht Wieder ginn jo net méi gebraucht, mee deen een oder anere Cliché liewt awer nach (woubäi verschiddener jo och net ganz mat den Hoer erbäigezunn sinn, mee awer anescht ze erklären sinn, wéi duerch primitiv Virurteeler).

Hei die 3 gescannte Säiten:

judd1.png judd2.png judd3.png

Categories: Geschicht, Luxembourg

What a godforsaken island!

February 24, 2008 1 comment

Over half of Britons claim no religion

An dat hei ass och witzeg, well ech hat nach dëslescht iergendwou geschriwwen, dass ech der anglikanescher Kierch keng 50 Joer méi ginn:

The report also calls for the disestablishment of the Church of England. The role and privileges of the established Church are challenged because they do not reflect “the religious demography of the country and the rising proportion of other Christian denominations.”