Archive

Archive for the ‘Wëssenschaft’ Category

Grausam.

June 24, 2010 Leave a comment

An enger rezenter Episode vun der exzellenter Dokumentarserie ‘This American Life’ gouff vun engem Mann erzielt, deen eng seelen Krankheet huet, déi hien vun Zäit zu Zäit buchstierflech paralyséieren léisst. Den Ausléiser: Gléck a positive Emotiounen!

Wierklech extrem hannerhälteg. En muss sech lo konditionéieren fir alles, wouriwwer hien sech am Fong giff fréeën, +- gläichmüteg ze gesinn fir ze verhënneren, dass en nees eng Attack kritt, déi hien paralyséiert. Wat natierlech och d’Zesummenliewen mat senger Fra an d’Interaktioun mat Famill a Frënn nët méi einfach mécht …

Einfach just grausam an traureg.

Categories: Wëssenschaft

Myrmecos.

May 6, 2010 Leave a comment

Interessanten Blog (mat oft super Fotoen) zum Thema Sejomessen: Myrmecos.

Zoufall a Probabilitéit.

April 20, 2010 21 comments

Witzegerweis ass den Zoufall usech, à la longue, jo alles anescht wéi zoufälleg.

Sou kommen jo zb die eenzel Säiten vun engem Wierfel, wann een et oft genuch widderhëllt a well jo all Ziffer déi selwecht Probabilitéit huet, ongeféier gläich oft vir. An dat kann jo keen Zoufall sinn, oder?

Also ass och den Zoufall irgendwéi determinéiert. Freet sech just duerch ween oder wat.

Faszinant ass et egal wéi.

Nature by numbers.

March 26, 2010 2 comments

Ass jo net nei, dass mathematesch Regelen an der Natur eremzefannen sinn, mee hei gouff et wonnerschéin illustréiert:

Categories: Video, Wëssenschaft

Closer to Truth?

March 9, 2010 Leave a comment

Ween huet se sech nach net gestallt, die Grouss Froen?

Duerfir kéint deen hei Site eng Rëtsch Läit interesséieren: Closer to Truth.

A just fir et direkt kloer ze stellen: dat ass keen esotereschen Site.

D’Froen ginn vun engem Wëssenschaftler gestallt a seng Gespréichspartner sinn Wëssenschaftler, sekulär an religéis Philosophen, Priesteren/Priedeger, etc.

Déi meescht Froen sinn menger Meenung no extrem faszinant. D’Äntwerten, wann et se iwwerhaapt kann ginn, par conter net ëmmer well zumools religéis Läit hunn d’Tendenz ronderem de Bräi ze schwätzen an ze schwafelen ouni wierklech eppes ze soen (ganz schlëmm: den Richard Swinburne – Emeritus Nolloth Professor of the Philosophy of the Christian Religion, University of Oxford). Meeschtens stellt den (interesséierten mee skepteschen) Interviewer awer dann pertinent Froen, haakt no oder wéist d’Lücken op.

Hei dann e puer vun de Froen (ënnerdeelt an d’Kategorien ‘Cosmos’ – ‘Consciousness’ – ‘God’):

Cosmos

  • Must the Universe Spawn Life and Mind?
  • How Vast is the Cosmos?
  • How Big Can the Cosmos Get?
  • How Far Does the Cosmos Go?
  • Did Our Universe have a Beginning?
  • How did Our Universe Begin?
  • Why Did Our Universe Begin?
  • Why is an Inflationary Universe So Astounding?
Consciousness
  • Is Consciousness an Ultimate Fact?
  • What is the Mind-Body Problem?
  • Why a Mind-Body Problem?
  • Solutions to the Mind-Body Problem?
  • What are Brains?
  • How are Brains Structured?
God
  • Does Evil Refute God’s Existence?
  • Is Evil Necessary in God’s World?
  • Did God Create Evil?
  • What is God Like?
  • Is God a Person
  • Does God have a Nature?
  • Does God have Traits?
  • Is God All Powerful?
  • Is God All Knowing?
  • Is God Perfect?
  • Can God Change?
  • How Free is God?

Do you know what time it is?

February 27, 2010 1 comment
Categories: Video, Wëssenschaft