Archive

Archive for May, 2006

Arbeit macht frei.

May 31, 2006 7 comments

Hei woer keen Photoshop am Spill. Daat ass eng reel Reklamm fir eng Episode vum Oprah Winfrey.

Die Amerikaner mussen och emmer laachen oder grinsen! An die Flaamen am Hannergrond sin och ganz subtil. Net ze gleewen …

Oprah

Categories: Gesellschaft, Medien

Old school entertainment.

May 30, 2006 4 comments

Jo, et ass baal net ze gleewen, mee d'Läit hunn sech och schon ameséiert kritt éier ët d'Playstation an den Internet gouff. Natiirlech net ganz sou spekakulär, mee bon.
camel

Categories: Fun, Gesellschaft

In vino veritas.

May 28, 2006 4 comments

Emporer Palpatine

Eiser aller Hellege Paparatzi ass jo grad op enger Tournée an Polen ennerwee, dem Hoffnungsland vun der kathoulescher Kierch. Sie hoffen jo dass d'Polen, well se jo lo och an der EU sinn, die aner Länner och nees mam Glaawen infizéieren. Naja, schau'n mer mal. Mee die erzkonservatir, reaktionär Regierung déi se momentan hunn, wärt et allerdengs sëcherlech probéieren.

An déi Regierung kënt och generell op immens gudd Iddien. Wie zum Beispill die hei: Komplett Alkohol-Verbued während deem den Papamobil duerch d'Ländchen jauwt.

Seit dem Eintreffen des Papsts herrscht in den Provinzen, durch die der Oberhirte kommt, striktes Alkoholverbot. Ministerpräsident Kazimierz Marcinkiewicz höchstselbst hatte es verhängt. Eine offizielle Begründung von Regierungsseite gab es nicht.

Firwaat och eppes erklären? Mir sinn jo net an enger Demokratie.

In Warschau spürten die Alkoholschnüffler einen Mann mit einer Plastiktüte auf. Darin trug er mehrere Bierdosen. Als er zugab, diese gerade gekauft zu haben, wurde die Verkäuferin, die geständig war und sich reuig zeigte, polizeirechtlich vernommen. Dem Käufer wurde auferlegt, sich zur polizeilichen Verfügung zu halten.

Op d'Police och bei richtegen Kriminellen sou sec ass?

Am selben Tag machten sich Journalisten im polnischen Parlament einen Spaß. In einem Restaurant für die Abgeordneten des Sejm bestellten sie Whiskey und Bier. Und siehe da: Die Kunden gingen nicht leer aus.

Nee, waat eng Iwwerraschung. Déi die d'Gesetzer maan fillen sech net verpflicht sech drun ze haalen.

Hei nach eng Kostprouw:

Das Verbot trifft keineswegs jeden. Papst Benedikt selbst hat gleich am ersten Tag seines Besuchs einen edlen Tropfen kredenzt bekommen. Und mit ihm etliche kirchliche Würdenträger und der Urheber der Prohibition, Ministerpräsident Marcinkiewicz.

Ah jo, wéi die aal Ägypter schon woussten: Desto mei konservativ, desto méi hypokritesch!

Der begleitende polnische Priester teilte den verblüfften Reportern mit, der Papst selbst habe sie davon dispensiert, am Freitag kein Fleisch essen zu dürfen.

Majo dann, gudden Appetit!

Sex, drugs and R’n’R.

May 27, 2006 3 comments

Bon, opmanst gesäit een hei mol wéi fetzegen Rock'n'Roll entsteht.

Categories: Film, Fun

Mulder & Scully.

May 27, 2006 4 comments

Ja, is' denn heut' schon Sommerloch?

Right there, in the duck's ventriculus, or gizzard, is the shocking image of a grimacing, bald-headed being. How it got there, nobody knows, but when an autopsy was performed after the bird died of unrelated causes, the alien had mysteriously disappeared.

Wann de Kapp opmanst dem Jesus oder dem Maria geglach hätt, dann hätt een die Int fir Milliounen kéinten op ebay versteigeren! Sou ass et jhust fir e puer T-shirten duergaang.

quaak

Categories: Fun

Go fug yourself.

May 24, 2006 4 comments

Exzellenten Site iwwert die 'Schönen und Reichen'

Daat hei nennen ech Stil:

Britney trash

Categories: Fun

Carte blanche.

May 24, 2006 4 comments

Bei der 'Carte blanche' bei RTL de Moien huet den Paul Hammelmann sëch iwwert den Dan Brown opgereegt. An waat seng Trivialliteratur dach fir en Schund wier. Lektüre fir op der Sonnenbänk. Hien soot suwuel den 'Da Vinci Code' wéi och den "Angels & Demons"  an den "Digital Fortress" (obwuel hien die däitsch Titelen genannt huet) wieren um Niveau vun engem Jerry Cotton. Obwuel ech deen eischten sinn deen zougët dass den Dan Brown en relativ schlechten Auteur ass waat Personagen etc ugeht, sou kann een awer net soen seng Themen wieren oninteressant, trivial oder net recherchéiert.

An all vun deenen Bicher gët ët originell, an reel, Sujet'en wéi eben die Legenden déi sech em die chrëschtlech Mythen handlen (DVC), die Zort Spiggelschreft wou en Wuert op der Kopp gelies en anert gët (A&D) an d'digital Encryptioun (DF). Die jeweileg Personagen an die Liebesgeschichten déi en drunhänkt sinn awer en effet ultraschrottesch.

Ech wees zwar net waat dem Här Hammelmann seng réligéis Astellung ass, mee hien klengt wéi en beleidegten Chrëscht. An well en wees dass oppen Konfrontatioun an Agitatioun nemmen nach mei Reklamm sinn, probéiert hien en, wéi en wuel mengt, méi subtilen Wee: en mëcht den Film, an déi die e kucken gin, gär lächerlech.

Op daat klappt sief dohin gestallt. Op alle Fall ass de Film amgaang e groussen Succès ze gin. Och wann e cinematographesch net deen beschten ass.