Home > Gesellschaft, Politik, TV > Entweder Broder.

Entweder Broder.

November 26, 2010 Leave a comment Go to comments

Ech sinn normalerweis nach laang net ëmmer mam Henryk Broder averstan, mee déi hei Sendung ass wierklech gutt/interessant:

Categories: Gesellschaft, Politik, TV
  1. November 27, 2010 at 9:02 am

    dat eenzegt guddes wat ech bis elo vun him geliers hun ass paradoxer Weis eng Kritik vun deem onsäglechen Mario Barth:

    http://www.spiegel.de/spiegel/0,1518,519429,00.html

  2. November 27, 2010 at 10:37 am

    De Barth ass och schlëmm …

    Mee kuck der mol déi Video’en un a so mer dann, wat s de dovunner hälls? Giff mech interesséieren.

  3. CK
    November 27, 2010 at 12:12 pm

    De Broder rockt souwieso. Ass genau den richtegen Hoffnarr fir Daitschland. Esou een bréichten mir allerdéngs och emol bei eis am Land.

    Besonnesch herrlech un daer Sendung ass Deel drai wou en déi lächerlech Friddensfraen bloußstellt. 🙂

  4. November 27, 2010 at 3:55 pm

    Hofnarr, am richtegen an ursprünglechen Sënn, ass en effet déi richteg Bezeechnung. Ass mer och an de Kapp komm, wéi en als Holocaust-Denkmal verkleed ronderem gelaf ass …

    Ech hunn déi Szene mat den ‘Friddenfraen’ traureg fonnt. Déi Fraen méngen et am Fong gutt mee ginn déi Saach komplett falsch, irrational a verblend un.

    Op der anerer Säit muss een och soen, dass d’Amerikaner net per se an op éiweg en Fräifahrtsschäin hunn just well sie deemools an den 2. Weltkrieg agegraff hunn. Eppes wat se och net just aus altruisteschen Grënn gemaach hunn … An och wann ech frou, sinn, dass sie deemools, aus wat fir Grënn och ëmmer, agegraff hunn, heescht dat net, dass een dofir ëmmer muss mat den Amerikaner hieren Decisiounen a Point-de-Vue’en muss averstan sinn oder se net a Fro stellen därf. Awer eben mat Verstand an mat ordentlechen Argumenter.

  5. CK
    November 27, 2010 at 6:36 pm

    Dei Fraen hun iwwerhapt keen Plan. Se verstinn net wat d´Völkerrecht ass, obwuel se dat iwwert alles stellen, se entscheeden net teschent fraien Nationalstaaten an Diktaturen, se wessen net emol wat Taliban wirklech sin, se verstin net wat eng oppressiv Besatzung an wat eng Befraiung ass bzw. wat Fraiheet iwwerhapt ass etc. Do feelt all Fundament.

    Am schlemmsten ass allerdengs hir falsch Prioriteitensetzung. Se demonstréieren géint USA an Israel an daat wou vill Länner op deser Welt honnertmol Schlemmeres maan.

    Déi Fraen stin einfach symbolesch fir alles wat an eiser irrationaler Gesellschaft haut schiefleeft. Keng Logik, keng Vernonft, blann Gefiller als moraleschen Guide an nemmen Chaos am Kapp.

    Jo, se mengen et gutt. Esou wéi kleng Kanner et gutt mengen wann se sech Fridden wenschen. Mee wat ech bei Kanner enorm léiw fannen, ass bei Erwuessener nemmen nach peinlech. Mir erzeugen eis ower effektiv emmer méi eng infantil Gesellschaft.

    “Eppes wat se och net just aus altruisteschen Grënn gemaach hunn … “

    Kloer. Gesin daat och net als Virworf. Au contraire.

    Vernünfteg Kritik un den USA gett et leider net méi wirklech. Et gett haptsächlech jhust nach Antiamerikanismus an naiven Pazifismus an Europa. 😦

    Schued amfong, well ech giew mir een stuarkt Europa wenschen, wat wichtegen Verbündeten vun den USA ass, mee mat eegenem Profil.

  1. No trackbacks yet.

Leave a comment