Archive

Archive for January, 2008

Traureg.

January 31, 2008 5 comments

Ech sinn wirklech keen Fan vum Britney (bon, et gouffen e puer Fotoen fréier, wou et en effet net schlecht aus gesinn huet, dat woer awer schon alles) an ech lästeren och heiandsdo gären iwwer Läit, mee seng ‘Descente aux enfers’ ass einfach traureg. Et ass definitiv komplett vum Rullo an et schëngt keen him richteg hëllefen ze können oder ze wëllen … Am allermannsten natiirlech d’Medien an d’Paparazzien. Bis et sëch dann wirklech eng Kéier embrëngt an dann stierzen se sech op dat nächst Opfer. Dichteg.

Ausserdem schengt die ganz Famill jo relativ dysfunctional ze sinn …

Categories: Gesellschaft, Medien, Musek

Mens sana in corpore sano.

January 30, 2008 12 comments

Ass lo keng revolutionär Erkenntnis, well deen Verdacht konnt een jo schon selwer hunn:

450_1.jpg

450_2.jpg

Mee den krassen Ennerscheed bei den Fraen huet mech schon iwwerrascht!

Lo misst een kucken, wéi een dat Gefüge do veränneren kéint, sou dass jidereen sech bewosst gët, dass d’ganzen Zäit Cola drenken, Chipsen iessen, Tele kucken an XBox spillen villäicht net dat Allergesondst ass … Jo, ech wees, bei verschiddenen Läit ass dat och genetesch bedengt, mee bei der Majoritéit jo wuel kaum.

Into the woods.

January 30, 2008 Leave a comment

Net oninteressanten Artikel vun engem relativ spacey Blog.

If we look at our civilized self, we find a creature that is soft, insulated, and afraid. And we’re so protective of our insulation that we’ll wage violence to protect it.

Ech giff natiirlech wuel kaum sou eng ‘wilderness immersion’ mat maan (héichstens eng Dag oder zwee), mee deen Artikel schneit Themen un, iwwert déi ech och schon nogeduecht hunn:

  • Wéi halen indigène Völker ët aus, oft einfach nemmen ronderem ze setzen ouni wirklech vill ze man (opmanst am Verglech mat eis)? Mir sinn dach schon no 10 Minutten näischt maachen gelatzt.
  • Die Vitesse mat der sech bei ass alles dréint ass verrëckt, genau wéi d’Offer un Informatiounen.
  • Et ass een wirklech kaum nach richteger Pëng ausgesaat (wat awer och keen Fehler ass!!). Wann meng Dusch op eemol kaal gët, sou ass dat schon mat dat désagréabelst, wat ech deen Dag erliewen wärt (wéi einfach wier et mëch ze folteren, wann ech eng Informatioun rausrécken sollt??)!
  • Ass den Mënsch grondsätzlech gudd oder schlecht?
  • etc

Nach interessant Passagen:

Boredom, we discover, is nothing other than the sensation of slowing down. It has an opposite sensation – stimulation – which is the sensation of speeding up. Because we’re surrounded by influences that urge us to speed up, most of us get used to the feeling of stimulation. And since our culture gives us the message that boredom (which we might also call ‘quietness’) is negative, we seek to avoid it, and get very uncomfortable with it.

What do you think would be left if you stripped everything away? Would you discover a bloodthirsty beast eager to ravage the world? Or would you discover a quiet, peaceful creature who is intelligent and aware? This is the ‘you’ who has complete freedom. No laws. No responsibility. No society to tell you what is right and wrong. What would you become?

Categories: Gehir, Gesellschaft, Natur

Nei Client’en fir eBay.

January 30, 2008 2 comments

chimp.jpg

Wildlebende Schimpansen kennen kein Eigentum und damit auch keine Tauschwirtschaft. Zwar tauschen die Affen in der Natur nicht – aber im Labor können sie es lernen.

Firwat och tauschen, wann een an engem Environnement liewt, wou fir jidereen genuch do ass?

(via)

Categories: Natur, Wëssenschaft

Prunkbauten II

January 29, 2008 6 comments

420_arch.jpg

Wou mer grad beim Thema sinn: Der Speerfaktor (Spiegel Online).

Sie bauen Parlamentsgebäude, ganze Städte und am liebsten im gigantischen Maßstab: Deutsche Architekten sind weltweit tätig – vor allem in autoritären Staaten wie China, Vietnam und Libyen. Doch wie halten es die Baukünstler mit der Moral?

Perséinlech fannen ech generell sou Mega-Projet’en faszinant, och wann se en ‘faschistoiden’ Charakter hunn. Mee d’Politik interesséiert mech dee Moment net. D’Pyramiden gouffen och net grad mam Accord vum LCGB oder dem OGBL gebaut.

Indizéieren!?

January 29, 2008 22 comments

An soss geht et nach?

Im Oktober 2007 kam das satirische Kinder- und Erwachsenenbuch „Wo bitte geht’s zu Gott? fragte das kleine Ferkel” von Michael Schmidt-Salomon und Helge Nyncke auf den Markt und fand sehr bald eine große Fangemeinde. Auch Pädagogen und Psychologen waren von der frechen, kleinen Geschichte („Dawkins for Kids”) angetan. So urteilte der renommierte Kinder- und Jugendpsychiater Prof. Dr. Peter Riedesser, Direktor der Universitätsklinik für Kinder- und Jugendpsychiatrie und Psychotherapie am Universitätsklinikum Hamburg-Eppendorf, das Buch sei „als Gegengift zu religiöser Indoktrination von Kindern pädagogisch besonders wertvoll”. Ursula von der Leyens Bundesministerium für Familie, Senioren, Frauen und Jugend sieht die Sache jedoch völlig anders: Das Ministerium beantragte die Indizierung des Kinderbuchs als jugendgefährdende Schrift.

Ech hunn dat Buch doheem, an och, wann ech et net onbedengt lo giff Kanner ginn oder virliesen, well ech net sëcher sinn, op dat an deem Alter wirklech eppes brëngt an op et nët villäicht besser an méi subtil Methoden ginn fir Kanner en kriteschen Geescht bäizebrengen, sou ass en Indizéierung dach komplett iwwerdriwwen.

Liewen mer nees am Mëttelalter?

An die Hypokrisie! D’Bibel huet deelweis extrem gewalttäteg an ongerecht Szenen, déi och net fir Kanner optimal sinn an awer gouff se net zenséiert. Sou argumentéiert och den Verleger:

Die Argumentation des Ministeriums sei über weite Strecken derart grotesk, dass er am Anfang gedacht habe, es handle sich um einen „dummen Scherz”, erklärt Schmidt-Salomon: „So wird uns vom Ministerium doch allen Ernstes vorgeworfen, dass während der Sintflut Omas, Babys und Meerschweinchen ertrinken! Ja, um alles in der Welt, haben diese Leute denn noch nie die Bibel gelesen?! Wenn dies ein Grund sein sollte, um ein Buch zu verbieten, so müsste man doch zuerst einmal die Bibel auf den Index der jugendgefährdenden Schriften stellen! Unser Buch hebt diese biblischen Ungeheuerlichkeiten doch auf humorvolle Weise auf! Es sagt den Kindern augenzwinkernd: Nur keine Sorge, ihr braucht wirklich keine Angst zu haben! Diese Geschichte vom biblischen Rachegott, der Omas, Babys und kleine Meerschweinchen ertränkt, ist frei erfunden!”

Reckstänneg, bornéiert, fundamentalistesch Idioten.