Archive

Archive for the ‘Sport’ Category

Videobeweis.

June 27, 2010 4 comments

Et ass lächerlech, dass de Sepp Blatter an seng Kumpanen sech weiderhin sou vehement géint de Videobeweis beim Fussball stäipen! Wéi de Match haut gewiesen huet*, ass et absolut néideg deen elo endlech (opmanst fir Goalsituatiounen) anzeféieren. De 4ten, oder och e 5ten, Schiedsrichter giff dann mat Hëllef vum Video decidéieren op eng grad getraffen Decisioun richteg oder falsch woer.

Well et ass jo absurd, dass all Mënsch am Stadion op den Ecran’en gesäit (oder mat eegenen Aan gesinn huet), dass et keen Goal woer mee d’Schiedsrichter mussen sech forcéieren net dohinner ze kucken fir bei hierer Decisioun bleiwen ze kënnen!?

Dovunner ofgesinn hätt Däitschland awer egal wéi gewonnen haut.

* Den regulären Goal vun den Amerikaner desläscht deen hinnen net unerkannt gouff wär en anert Beispill. Oder den Abseitsgoal vun der Argentinier haut.

Categories: Sport

Vuvuzela.

June 12, 2010 12 comments

Verbuede sollt se ginn. Zerstéiert all Stadionsatmosphäre.

Categories: Sport

Les Bleus.

November 19, 2009 19 comments

Die Blo schéngen nach ëmmer méi schwaarz ze ginn, wann een d’Spiller vun der Equipe kuckt … Just eng Feststellung, keen Urteel.

Dovunner ofgesinn sinn se allerdéngs nees onverdéngt weider komm. Mat dem Fund wäerten se jo da lo Weltmeeschter ginn.

Categories: Sport

Clever.

July 28, 2009 Leave a comment

Anscheinend wëll den Armstrong den Andy fir säin neit Team rekrutéieren (awer net de Fränk well deen e Klotz um Andy sengem Been ass – wou ech dem Lance Recht ginn). Domadder giff en natierlech een groussen Konkurrent fir 2010 ausschalten (duerno hätt den Andy dann awer freie Bahn bei RadioShack)! A nëmmen mat engem Andy kéint hien villäicht den Contador schloen.

Den Andy misst sech halt een Joër gedëllegen, giff awer Tonne Frick verdéngen. A kéint sech dann 2011 den Titel huelen.

An dat permanent Gebridders geet mir perséinlech souwiesou e bëssen op de Coco. Den Andy hätt den Ventou kéinte gewannen, wann en net ëmmer op de Fränk gewaart hätt …

Categories: Luxembourg, Sport

YMCAball.

May 15, 2009 2 comments

naismith.jpgHei mol rem eppes interessantes (opmanst a mengen Aan):

Am Hierscht 1891 ass de James Naismith, e jonke Kanadier, vun der International YMCA Training School zu Springfield, Massachussetts agestallt ginn a sollt e neien Sport erfannen. E Sport, deen een sollt an enger Hal spillen kënnen ouni se ze beschiedegen, wou d’Spiller keen Kierperkontakt sollten hunn (am Géigesaz zum American Football*) an wou all Spiller d’Chance hätt un d’Réi ze kommen. Eraus komm ass Basketball, oder ‘basket ball’, wéi et bis 1912 offiziell geschriwwen gouff. Um Ufank huet den Naismith och en effet Kierf, mat deenen se normalerweis Pije agesammelt hunn, un déi zwee Enn vun der Hal gehaangen an de Läit e normalen Fussball ginn, deen se probéieren sollten dran ze schéissen.

Dat éischt Spill woer dunn am Dezember 1891 an ass mat deem sagenhaften Score vun 1:0 ausgaang.

D’Pijekierf zwar relativ séier duerch Netzer ersat ginn, mee witzegerweis ass bis 1912 ass keen op d’Iddi komm fir déi och ennen opzeschneiden, sou dass no all Kuerf een op eng Leeder huet missen klammen fir de Ball nees erauszehuelen!

* Den American Football woer am Ufank wierklech rau an dass mat der Zeit Rüstungen komm sinn, woer och kee Fehler. 1902 sinn zB 12 Football Spiller aus der Liga un hiere Verletzungen gestuerwen, 1905 suguer 71! Et woren dunn och haaptsächlech Männer, déi souwiesou schon kierplech haart geschafft hunn, déi deen Sport ausgeübt hunn. Duerfir och Nimm wéi Pittsburgh Steelers and Green Bay (Meat) Packers.

(source)

Categories: Geschicht, Sport

Olé!

March 1, 2009 1 comment

Léiert een awer och ëmmer eppes bäi:

Anscheinend stammt ‘Olé‘ vun Wa’llah (‘bei Gott’) an soumadder aus der Zäit, wou d’Mauren Spuenien occupéiert haten.

Wetten, dat wëssen déi mannsten Fussball-Fans, déi Olé, Olé, Olé grölen?

Hei nach bëssen méi Erklärung:

The Moors of Northern Africa ruled the area of the Iberian peninsula known as Spain for nearly 700 years. Their language was Arabic, and no language other than Latin had a more profound effect on the history and evolution of Spanish. Today, over 4000 Spanish words come directly from Arabic, nearly 8% of the Spanish lexicon. One of those words is Olé.

As Gilbert explains in the lecture, there existed an ancient tradition among many Moors to have great celebrations that included dancing. When a dancer performed at the highest levels of grace and intensity, for that moment, they were believed to be vessels through which Allah was acting, and the moment allowed the witnesses to see a glimpse of Allah’s power through the artist. So, it was customary for the Moors of Northern Africa centuries ago to exclaim Allah! when a dancer was performing in such an inspired and moving way.

Categories: Etymologie, Geschicht, Sport