Archive

Archive for November, 2009

Bird.

November 29, 2009 Leave a comment

Originell ass dem Andrew Zuckerman seng Technik resp. Präsentatioun an der Tëschenzäit (no sengem Bicher ‘Creature‘ an ‘Wisdom‘) net méi, mee trotzdem sinn och d’Fotoen aus sengem neisten Wierk ‘Bird‘ nees faszinant. Déi Faarwen, Formen an Detailer, einfach phantastesch!

Categories: Natur, Photographie

Ass Moral relativ?

November 28, 2009 39 comments

Geet mol rem eng Kéier em d’Moral an wat richteg oder falsch ass. An firwat.

Szenario 1:

Du bass um Wee fir op eng Hochzäit. Du hues en déieren Fummel an déier Schong un (ca 1000 Euro zesummen). Du kënns laanscht e Séi/Weier an héiers en Meedchen, wat um Erdrénken ass, em Hëllef jäitzen. D’Situatioun ass urgent. Fir bei hatt ze kommen, muss de duerch fermt Gestrëpp a Bulli, wat deng Kleeder a Schong ruinéieren wäert. An d’Waasser wäert och net hëllefen. Du kanns deng Saachen henno fortgeheien. Probéiers de trotzdem d’Meedchen ze retten oder net? Firwat?

Szenario 2:

Du kriss doheem e Bréif vun enger ONG, déi sech fir sudanesesch Meedercher an liewensbedrohlechen Situatiounen asetzt. Mat 1000 Euro kanns de eent vun hinnen retten an him e neit Liewen erméiglechen. Hëllefs de oder hëllefs de net? Firwat?

Falls d’Äntwerten zu 1 an 2 sech ennerscheeden, wéi ass dës Differenz moralesch ze rechtfertegen?

Categories: Moral

Och e Poopst brauch en Hobby.

November 27, 2009 2 comments

Anscheinend huet den JP2 sech selwer gegäisselt (mat enger Peitsch). Fir säin onsichtbaren Frënd méi gnädeg ze stëmmen. Ok … whatever makes you happy.

Categories: Religion/Philosophy

EU-Präsident?

November 20, 2009 9 comments

Wéi soll dat lo eigentlech goen? Wéini kontaktéiert zb en Obama lo den Van Rompuy a wéini d’Merkel, den Sarko oder den italieneschen Playboy resp. wéini an concernant wat fir Sujet’en schwätz den EU Präsident lo fir déi aner?

Categories: Politik

Les Bleus.

November 19, 2009 19 comments

Die Blo schéngen nach ëmmer méi schwaarz ze ginn, wann een d’Spiller vun der Equipe kuckt … Just eng Feststellung, keen Urteel.

Dovunner ofgesinn sinn se allerdéngs nees onverdéngt weider komm. Mat dem Fund wäerten se jo da lo Weltmeeschter ginn.

Categories: Sport

Schwéngsgripp.

November 19, 2009 5 comments

Ass dat Thema nach aktuell? Schéngt roueg ginn ze sinn?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg