Mir hunn et jo.
Alt nach e puer Milliounen fir en Musée, dee kee wierklech brauch (firwat net eppes Flottes iwwert d’Festung am Geschichtsmusée man?).
D’Gebäi usech ass awer natierlech flott. Hätt dat net kéinten mat an de Mudam mat agebonnen ginn? Da géiff et opmanst genotzt ginn. Och wann do och net souvill terribles steet …
An elo matsangen!
Alternativ Versiounen sinn och net schlecht.
Et sollt een dat mol den Taliban schécken.
Kannergebuertsdag.
Ech froen mech jo, wéivill EU-Gelder an den ‘Design’ vun deem absolut schrottegen, debilen an infantilen Logo vun der tschechescher EU-Presidence gefloss sinn:
Well sou eppes hätt jo en Kand kéinte man. Suguer en mannerbemëttelt.
Hiere Site ass net besser.
Erënnert mech och grad un e Buch wat ech liesen: ‘Big Babies. Or why can’t we just grow up?‘ (e puer Thesen an deem Buch fannen ech iwwerdriwwen, mee generell sinn d’Reprochen mol guer net sou falsch).
Mëllech.
Exzellenten Film! A recommander.
Swimming with lions.
Nee, dat ass net d’Suite vun ‘Dancing with wolves’.
Dat ass gläichzäiteg cool an crazy …
Rewriting history. Vun Betzder aus.
Een vun den skurrilsten Momenter während der Debatt iwwert d’Stierfhëllef woer jo wéi eis Madame Marie-Josée ‘Ech sinn méi helleg wéi den Poopst’ Frank sou en passant erzielt huet, dass sie fréier am Spidol eng Kéier eng stierweskrank Patientin méi oder manner bewosst ofgemuerkst hat:
Sie bedauerte zunächst, dass es immer noch Ärzte gibt, die Patienten im Endstadium unnötig lange therapieren und leiden lassen, weil sie noch nicht über den „palliativen Reflex“ verfügen, wie es im kürzlich veröffentlichten schriftlichen Kammerbericht heiβt. Gleich danach zitiert sie ein Beispiel aus ihrer Erfahrung als Krankenschwester, das belegen soll, dass es zum Glück schon immer Ärzte gegeben hat, die genügend Augenmaβ und Humanität besaβen, unheilbar kranken Patienten das Sterben zu erleichtern, auch ohne Gesetz. Wörtlich sagte sie: „Et as eng Patientin, déi hat ganz vill Pein. Ech si bei den Dokter gaangen an hu gesot : Di Fra, déi muss gehollef kréien, déi muss méi Morphium kréien. Den Dokter sot zu mir : Sprëtz dräivéierel Dipidolor. D’Madame Stein wees, wat dat ass. Ech kann Iech soen, ech hunn dat gemaach, war nach e bësse bei der Patientin, sinn erausgaang, sinn ob eng aner Schell gaangen, sinn no 10 Minutten erakomm an d’Patientin war dout.“
Mee sie hat sech och nach an aner Widdersprëch verwéckelt. Dat kann een alles an deem Artikel vun der Madame Chillon aus dem Tageblatt liesen.
Den eigentlech Skandal momentan ass awer, dass sie lo die geschriwwen Versioun vun hierem Speech an kruzialen Punkten nodréiglech geännert (an entschärft) huet!
Rezent Kommentarer