HDR.
D’HDR-Funktioun um iPhone4 (iOS 4.1) ass net schlecht a ka schon oft ferme praktesch:
An jo, mat enger ‘richteger’ Kamera kann een nach vill besser (HDR an net-HDR) Fotoen maachen.
Mee dat hei ass einfach super EINFACH. A geet oft duer.
Sou kleng!
Ech si ‘grad’ aus Liechtenstein erëm an et woer eng witzeg Experienz fir an engem Land ze sinn, dat méi kleng ass wéi Lëtzebuerg an dat een vum Bierg aus quasi ganz iwwerkucken kann! An do kann och e Lëtzebuerger soen: sou kléng! An do kënt engem Lëtzebuerg dann en effet am Verglach op eemol wierklech rieseg fir. Alleng eis Haaptstad huet jo +- duebel souvill Awunner wéi hiert Land. An sie hunn ganzer 3 Kinossäll (op zwee Kino’en verdeelt). Mee dofir awer en ländlechen Charme, deen och pas mal ass: an der Kees hung zb, nodeems d’Traileren ugefaangen haten, en Ziedel mat ‘Die Vorstellung hat schon angefangen. Tretet ruhig ein und bezahlt einfach beim Hinausgehen.’ I ❤ such things.
Et ass awer wierklech e léift Land an et läit an engem immens schéinen Dall. Souwäit een dat beurteelen konnt, well leider relativ vill Wolleken do woeren … A wéi mer an hierem Schigebitt op 1600m spazéieren woeren si mer suguer an e Schnéistuerm komm. Och pas mal Mëtt Mee.
Mech huet de Bierg-Virus lo nees gepaakt! Am Summer geet et zwousch zereck an d’Alpen.
The view from Heaven.
Nach en genialen Tiltshift-Video:
Rezent Kommentarer