Archive

Archive for the ‘Architektur’ Category

Vegetal City.

August 16, 2009 2 comments

07_bz

Woer lo gëschter zu Bréissel an hunn endlech dës Ausstellung gesinn: Vegetal City (vum Luc Schuiten).

Brilliant! Ech kann se nëmmen jiderengem recommandéieren deen sech fir Architektur an/oder Futurismus a Punkto Stadt-Design interesséiert. Seng Zeechnungen sinn fantastesch an seng Iddien wéi Stied kéinten an Zukunft aussinn sinn extrem poetesch, voire magësch. Natierlech sinn et Utopien, mee duerfir sinn se jo sou attraktiv. Gewëss Aspekter dovunner, zumools natierlech déi die d’Integratioun vun der Natur betreffen, kéint een awer en effet beim Design vun de Stied méi consideréieren.

(Ech sinn frou, dass Lëtzebuerg schon vun sech aus sou eng grëng Stad ass.)

An engem Interview sot hien och, dass d’Globalisatioun nët nëmmen zu enger Diminutioun vun der biologescher Artenvielfalt féiert, mee och zu enger architektonescher. D’Stied ähnlechen sech ëmmer méi, lokal Eegenvarianten ginn ëmmer méi rar. A Recht huet en. Leider.

D’Ausstellung leeft nach bis den 30. August.

06_az

01_az

02_az

Oder awer net?

April 1, 2009 1 comment

Anscheinend geet die Rallonge vun 8 Milliounen fir de Festungsmusée net duer:

Eng drëtt Rallonge ass néideg, fir datt de Projet vum Festungsmusée op den Dräi Eechele ka realiséiert ginn. Dat sot d’Statssekretärin am Kulturministère, d’Octavie Modert, jo e Méindeg virun där zoustänneger Chamberkommissioun. Offiziell geet et ëm bal 9 Milliounen Euro, déi feelen.

RTL-Informatiounen no läit dee Montant awer nach méi heich an dofir gëtt et elo eng nei Idee fir de Finanzement. Nämlech, datt Privatleit hei zu Lëtzebuerg sech souzesoen e Stéckelche Festungsmusée kënne kafen …

Aha … wee wëll dann lo en Stull oder en Träpplek an deem super Musée sponsoren?

Et gin eng ganz Partie Méiglechkeeten, sou war um Bord vun där Chamberkommissioun ze héieren. Et kann een zum Beispill Parrain vun engem ganze Sall ginn, da kënnt den Numm vun der Fra oder vum Mann goldgerummt an Aenhéicht bei d’Entréesdier vum Sall hänken. Wee wëll, kann awer och just nëmmen een Träpplek parrainéieren oder eng Vitrine oder eng vun de sëllege Sëtzgeleeënheeten am Musée. D’Octavie Modert schwëtzt op alle Fall vun enger gudder Iddi …

Déi mat de wirklech villen Suen woren op alle Fall net sou begeeschtert:

Iert een hei elo d’Iddi hat, fir u Privatleit erunzetrieden, hunn d’Responsabel vum Festungsmusée bei de groussen Nimm aus der Wirtschaft ugeklappt, ouni Erfollg, esou d’Kultur-Statssekretärin am RTL-Interview.

Erstaunlech!

Categories: Architektur, Luxembourg

Mir hunn et jo.

March 31, 2009 13 comments

Alt nach e puer Milliounen fir en Musée, dee kee wierklech brauch (firwat net eppes Flottes iwwert d’Festung am Geschichtsmusée man?).

D’Gebäi usech ass awer natierlech flott. Hätt dat net kéinten mat an de Mudam mat agebonnen ginn? Da géiff et opmanst genotzt ginn. Och wann do och net souvill terribles steet …

Djö.

March 17, 2009 2 comments

Lo wäert ech dach net eng Kéier dem Robert Mehlen misse Recht ginn?

A 40 Milliounen fir wat genau am Endeffekt? Eng schéin Maquette vun der Festung? Ok, d’Gebäi selwer ass och schéin renovéiert ginn, mee die Geschicht hei leeft jo schon säit Joren an et schéngt ëmmer nach keen Konzept ze ginn, wat dann usech mam Gebäi lo soll gemaach ginn a wat soll dra gewiesen ginn?

Urban discovery.

March 7, 2009 9 comments

Ech si momentan op sou engem Trip fir nei Saachen an menger Géigend ze entdecken. Well et brauch een net ëmmer wäit ze goen oder ze fueren fir eppes Neies oder Iwwerraschendes ze gesinn.

Haut de Mëtten sinn ech esou iwwert den Circuit Mansfeld zu Clausen gefall, deen duerch déi Hiwwelen/Fielsen vis-à-vis vun de faméisen Rives de Clausen féiert. Mir huet en super gefall: e bëssen Mëllerdal, e bëssen vun der Natur iwwerwuchert Festungsruinen. Top a méngen Aan! An dat an der Stad. A recommander.

Dunn sinn ech och nach bëssen op der Rhum ronderem getrëppelt, obwuel do lo en Riesenchantier ass. Déi Rëtsch Festungstierm déi do stinn sinn och net vun schlechten Elteren. An net grad kleng, vue dass se lo nees ganz fräigeluecht sinn. Muss cool gewiescht sinn deemools, wéi déi a. gebaut an b. benotzt gouffen … ech wéilt SOU, dass et eng Zäitmaschinn géiff ginn!

Categories: Architektur, Luxembourg, Natur

Wees een, wat dat hei ass?

February 26, 2009 12 comments

Wees een, wat dat ‘hufeisen-förmegt’, wäisst Gebäi op der rietser Säit ass? Déi sinn jo komplett am Bësch, souzesoen, hoho. Lenks uewen gët nach un der Philharmonie gebaut.

hufeisen

Categories: Architektur, Luxembourg