Archive

Archive for December, 2007

Gudden Rutsch!

December 29, 2007 4 comments

Nach e bessen fréi, mee well ech die nächst Deeg manner bis guer net online sinn: Gudden Rutsch an nëmmen dat Bescht fir 2008!

Categories: Perséinleches

Photographs of unknown origin.

December 28, 2007 Leave a comment

Interessanten Projet.

Parker aus NYC sammelt Fotos unbekannter Herkunft. Er kauft sie bei eBay, auf Flohmärkten und sonstwo. Das klingt nicht besonders spannend, aber wer sich die Werke zu Gemüte führt, wird eines Besseren belehrt. Ästetik und namenlose Intimität vergangener Tage. Photographs Of Unknown Origin. Schön, aber auch beklemmend und traurig. Die Fotos erzählen Geschichten, die berühren. Ohne ein Wort zu verlieren.

(via Spreeblick)

Do ass d’Dier!

December 28, 2007 12 comments

Am Kader vun där Attack op deen Pensionär zu München (Video hei, an der Mëtt vun der Säit) ginn ech deenen Recht, déi soen, dass esou Läit mussen FERME bestrooft ginn. Idealerweis missten een natiirlech kucken, firwat déi sou ginn sinn an bei den Ursaachen Verännerungen an d’Wéer leeden fir sou gestéiert Läit an der Zukunft ze verhënneren.

Mee bestrooft muss ginn, egal firwat sie sou Saachen man. An et kann net sinn, dass do aus verblendener politescher Korrektheet en Auslännerbonus herrscht! Wann een eng Strofdood begeht, dann gehéiert en adequat bestroft. Egal op Auslänner oder Einheimesch.

An dann soll keng Asti oder sou domm braddelen kommen. Ech froen mech, wéi die sou en Video giffen verteidegen …

Kannererzéihung.

December 27, 2007 Leave a comment

Haha, net schlecht.

Categories: Fun

Den Internet ass einfach nemmen dat Bescht.

December 26, 2007 7 comments

420_kagan_home_poster.jpg

Grandios. Einfach nemmen grandios, wat een haut fir Méiglechkeeten huet fir un qualitativ héichstwärtegt Léiermaterial ze kommen (lo muss een just nach Zäit hunn fir et duerch ze huelen)!

Wier ech je zu Yale gewiescht, ech hätt mëch direkt an dësem Cours ugemellt. Sujet: faszinant, Prof: schengt déck cool. Et ass einfach genial an fantastesch, dass sie sou Material dem groussen Publique fräi zur Verfügung stellen. Wëssen soll jo usech och fräi sinn.

Zwar huet een henno keen Zertifikat an der Hand, wann een all déi Lectures gekuckt an d’Texter aus dem Syllabus gelies huet, mee et ass een a. wahrscheinlech trotzdem e gudd Stéck méi gescheit an b. huet een jo och keng 40.000 Dollar pro Joer missten bezuelen, eeeeks …

Allerdengs froen ech mëch grad, woumadder Philosophen henno wirklech hiert Geld verdéngen ausser selwer Schoul ze halen an/oder Bicher ze schräiwen?

Categories: Gehir, Religion/Philosophy

Schéin ellen.

December 25, 2007 Leave a comment

Interessanten Artikel iwwer Schéinheet an Succès.

Ass natiirlech kontrovers, mee wann eppes sëcher ass, dann, dass et en effet einfach Läit ginn, déi besser ausgesinn, wéi anerer (wat natiirlech oft och eng Saach vun Chance ass). An dat och no objektiven Critèren. An dat sollt jo och net wonneren. Kuckt een jo och (opgepasst krassen Verglach, ass awer net sou gemengt) z.b. generell léiwer en Sonnenennergang wéi eng Mülldéponie.

Mee natiirlech ginn et tëschent ganz Uewen an ganz Ennen jo awer glécklecherweis och nach vill Ennerstufen, hehe.