PlayBook?
RIM (Blackberry) huet gëschter säin Tablet-Prototyp virgestallt an probéiert däitlech ze maachen, dass hieren Tablet vill besser fir de professionellen Marché ugepasst wier wéi en iPad. A wéi nënnen sie hieren Tablet?
PlayBook. Dat kléngt en effet superprofessionell.
Reminder
Ech sinn an der Tëschenzäit hei mei ‘aktiv’.
Telefonsbicher?
Editus ass jo lo ‘on tour‘. Mee WTF?
Ween benotzt nach Telefonsbicher aus doudegen Beem? A soll sou eng ‘on tour’ Aktioun Telefonsbicher aus Pabéier nees cool oder hipp man? Firwat sollt iergendeen dohinner goen? Ausser well en en Handy gewannen wëll?
Gottvertrauen?
Keine Panik nach dem Terroralarm
Benedikt zeigt die Gelassenheit dessen, der in Gott vertraut. Etwa, als Terroralarm in London herrscht und die Zeitungen schon schreiben, Islamisten wollten wohl den Papst ermorden. Benedikt weicht nicht von seinem Programm ab.
Jo, mat engem gepanzerten Papamobil duerch d’Géigend ze gondelen zeugt schon vun enormen Gottvertrauen …
HDR.
D’HDR-Funktioun um iPhone4 (iOS 4.1) ass net schlecht a ka schon oft ferme praktesch:
An jo, mat enger ‘richteger’ Kamera kann een nach vill besser (HDR an net-HDR) Fotoen maachen.
Mee dat hei ass einfach super EINFACH. A geet oft duer.
lol @ Apple
Wahrscheinlech wäerten lo verschiddener mengen an der Häll wier lo eng Äiszäit ausgebrach, mee Apple huet en effet seng AppStore-Regelen geännert an gelockert. Allerdëngs behalen se sech nach ëmmer vir verschidden Apps ze refuséieren. An sie hunn sech dobäi ziemlech amüsant ausgedréckt (oder villäicht och just den Jobs verbatim opgeschriwwen):
- “We have over 250,000 apps in the App Store. We don’t need any more Fart apps.”
- “We have lots of serious developers who don’t want their quality Apps to be surrounded by amateur hour.”
- “If your app is rejected, we have a Review Board that you can appeal to. If you run to the press and trash us, it never helps.”
- “This is a living document, and new apps presenting new questions may result in new rules at any time. Perhaps your app will trigger this.”
- “If it sounds like we’re control freaks, well, maybe it’s because we’re so committed to our users and making sure they have a quality experience with our products.”
D’Aktien vun Adobe sinn doropshin em 8% an d’Luucht gaang …
Rezent Kommentarer