Wehret den Anfängen!
WTF? D’Vereenten Natiounen hunn och net nëmmen gutt Iddien!?
Sie wäerten jo lo net och nach geschwënn proposéieren d’Scharia iwwerall anzeféieren?
Update: Ass wirklech net ze gleewen.
Wees een, wat dat hei ass?
Wees een, wat dat ‘hufeisen-förmegt’, wäisst Gebäi op der rietser Säit ass? Déi sinn jo komplett am Bësch, souzesoen, hoho. Lenks uewen gët nach un der Philharmonie gebaut.
Touché.
Gutt gemaach:
Allerdëngs wees ech net, op deen Blackberry wirklech besser ass wéi den iPhone. Mee ëmmerhin huet een vun hieren Haaptdevelopperen fréier bei Apple, an mat um iPhone, geschafft?
Exzellent!
Mengen ech hat deen nach net gepost:
Children of the Evolution.
Haha, net schlecht:
An d’Giordano Bruno Stëftung an Däitschland huet eng Petitioun ugefaang fir aus Christi Himmelfahrt (erënnert mech un den Jesus Astronaut, deen ech eng Kéier als Avatar hat …) en Dag vun der Evolutioun ze man.
Meng Stëmm hätten se!
Newspeak?
Lokales: Mann zu Betebuerg ënner en Zuch komm
Zu Betebuerg ass um Dënschdeg am fréien Owend en déidlecht Accident geschitt, an dat en Zuch verwéckelt war.
Géint véierel vir 6 huet sech e Mann op d’Gleiser gestallt, wéi just grad en Zuch koum, dee vu Betebuerg aus an d’Stad gefuer ass. Obwuel de Machinist nach gebremst huet, krut den Zuch de Mann ze paken.
D’Accident ass géint 20 fir 6 bei enger Barrière an der rue Lentz geschitt.
Firwat nennt een d’Kand net einfach beim Numm an schräiwt ‘Selbstmord’? Oder ass dat aus irgendengem bizarren Grond net politesch korrekt?
Well en Akzident gët esou definéiert: “Ein Unfall ist ein unvermutetes, von außen auf einen Menschen rasch einwirkendes Ereignis (Unfallereignis), das zu einer Verletzung, einer Gesundheitsschädigung oder zum Tod führt. Unfälle sind für den Betroffenen unvorhersehbar und unfreiwillig. Sie erfolgen meist plötzlich, ihre Ursache kann aber längerdauernd sein.”
Wat jo awer wuel kaum de Fall kann sinn, wann en Mann sech, selon selwechten Artikel, “op d’Gleiser stellt”.
Kann sinn, dass ech en Ierzenzieler sinn, mee mech nerven sou Detailer.
Rezent Kommentarer