Firwat bloggen?
Hei ‘kuerz’ firwat ech bloggen:
Ech perséinlech interesséiere mëch fir vill Saachen, dacks queesch duerch de Gaart, wëll awer net emmer anere Läit domadder op d’Schlappen goen (an die meescht interesséieren die Saachen och net onbedëngt). Duerfir ass de Blog e gudde Moyen fir mäi Matdeelungsbedürfnis ze befriddegen. An wann ech et da mol bis gepost hunn, da leet sech dat och nees.
De Contenu vun mengen Posts ass verschidden. Op der enger Säit grommelen ech natiirlech iwwer aktuell Evénementer, Läit oder Situatiounen, déi et menger Meenung no verdëngt hunn (an dorausser erginn sëch an der Tëschenzäit och heiandso ganz interessant Diskussiounen mat deenen, déi meng Posts kommentéieren). Mee op der anerer Säit versichen ech awer och fir mat dem Verlinken op interessant Artikelen oder Websiten e ganz bescheidenen Deel dozou bäizedroën, dass Qualitéit a Kultur net komplett géint den Trash an d’Proletentum verléieren.
Heiandsdo publizéieren ech hei och meng Gedanken zu philosopheschen Themen, déi mer grad duerch de Kapp ginn, wéi zum Beispill ‘E puer metaphysesch Gedanken‘ an ‘Ass de Bello en Zombie?‘. Zäitweis tauchen relativ vill religéis ugehauchten Artikelen op, dat awer generell vun engem kriteschen, skepteschen Standpunkt aus. An deem Kader hat ech eng Kéier ugefaangen dat Neit Testament ze bloggen (op englesch), haaptsächlech fir die Irrwitzegkeeten, déi do dran stinn an déi quasi keen vun den Gleewegen wirklech kennt, mol eng Kéier opzewéisen. Dovunner ofgesinn sinn ech awer mam Jesus sengen Love & Peace Usiichten komplett averstan an behaapten och net, dass Religioun nemmen schlecht wier. Et hänkt just dovunner of, wéi een domadder emgeht.
Last, but not least, erlaabt mer den Blog och fir bësse kreativ ze sinn.
An pour info: ech sinn an deem Joër gebuer, wou de Nixon seng Résignatioun eragereecht huet.
Wat ass dann ee Stréihond?
P.S.
Mäin Avatar steet vir “Quetschen och!”
Haha, coolen Avatar.
Straw dog: ‘a straw dog is a scapegoat group, place, person or idea in which we dump our evilness, so we can blame it and then by attacking, dissing or destorying it, we externalize it outside of us so we feel free of sin.’
Ech haat eng Kéier en Buch gelies (‘Straw dogs: thoughts on humans and other animals’ vum John Gray), dofir de Nickname.
Aha, esou eppes wéi e Géigestéck zu enger Woodoo-Popp. 😉
Net ganz, eischter eppes ewéi den sprechwuertlechen Sündenbock. Mee bon, ganz souvill Gedanken hunn ech mer awer rem n et driwwer gemaach 😉
Hohoho!
Wenschen der ganz schéin Chreschtdeeg!
Sangen der dann och nach eppes Klengs:
lölölö lölölö löLÖlölölö
(muss der Music vun Jingle Bells dozou denken)
Merci glaichfalls, Jilibean!
An ech wousst guer net dass du sou schéin sangen kéins … 🙂
cya
Salut Grommel,
Ech wollt emol froen op et meiglech wier, een Link zu eisem Projet http://www.sokrates.lu an dengem Blog beizefügen. Mär geifen dein Blog dann och an eis Link-Sektioun ophuelen.
Daat wier deck toll, well mär brauchen dringend e bessen Traffik op eisem Site, fir dass daat un d’Rullen kennt.
tschüss
ok
hui daat goung awer schnell 🙂 danke
Salut,
ech hunn gesinn, dass de haut ganz fläisseg comments hannerlooss, duerfir kommen ech emol hei kucken. E puer interessant Themen hues de kommentéiert.Wärt dann emol méi oft laancht luusse kommen.
Ander
Wéi wier et mol domat, des Säit hei auszebauen? 🙂
Dorunner hat ech lo och schon geduecht 🙂 Kënt geschwënn, kënt geschwënn ……
Nët schlecht, nët schlecht. Ech hätt mech iwwert e puer méi perséinlech Informatiounen iwwert dech selwer gefreet – alles wat ech iwwert dech wees ass dats de de Grommel bass – mee ëmmerhin, et ass natierlech völleg gerechtfertegt näischt doriwwer ze soen.
Esou gëtt een an engems méi iwwert den Nixon gewuer. 😀
federico: wat wéils de dann méi wëssen? 😉
qwinn: gesäiss de mol! 😉
Däi neie Layout gefällt, an du hues e puer Wuert iwwer dech geschriwwen! 😉
Tiptop!
Merci 🙂
An elo och nach mat Foto. Ech duecht ëmmer, och ouni Helm geséichs du giel am Gesiicht aus. Wéi ee sech awer täusche kann!
Jo, Saachen ginn et 😉
Hallo…
Sin den Dan vun Sandweiler (ben originär vun Zolwer)… Wollt dech froen fir en Link-Exchange ze machen. Mäi blog fenns de op http://blog.kerschen.lu
Héi dréiwen sëch déi Besserwësser erëm..
Wanns du mat besserwësseresch ‘manner ignorant’ mengs, dann jo.
Als Politesch Interesséierten, sin ech zoufälleg op dessen Blog gestouss. Dei nei Bloggkultur schengt zu Letzebuerg am Opwand ze sin…..ech werd dann och mol mein Peffer derbeileen…mol schwaachen mol stark schaarfen je no Thema 😉