Archive

Archive for June, 2007

Fire in the sky.

June 27, 2007 Leave a comment

Ech hunn den Firowend vun Nationalfeierdag jo verpasst, mee die Fotoen vum Charel hei sinn eng gudd Entschiedegung. Respekt!

435_fireworks_07.jpg

Categories: Luxembourg, Photographie

Mäin Trëppeltour.

June 26, 2007 17 comments

meseta.jpg

(klick hei fir meng Fotogallerie)

Die Iddi fir den Jakobswee ze goen hat ech schon virun e puer Joër, allerdengs nie an deem Mooss fir se konkret emzesetzen. Läscht Joër hunn ech dann, wéi anscheinend bal jidereen, dunn dem Hape Kerkeling säin “Ich bin dann mal weg” gelies an beschloss, amplaaz emmer nemmen ze soen ‘Dat kéint ech man, dat misst ech man, dat sollt ech man’ et dach en effet einfach nemmen ze man!

Wéi ech dunn sëcher woer, dass ech mer op der Arbecht och kéint 6 Wochen fräihuelen, ass et mam Plangen lass gaang. An op eemol woer et dunn en effet sou wäit an ech hunn de Fliijer fir op Biarritz geholl. Ech woer mer allerdengs net ganz sëcher op wat ech mech lo agelooss haat. Alleng, 6 Wochen, wat wann ech mech langweilen? Oder main Kierper net matspillt? Die aner Läit all bizarre sinn? etc.

Déi Froen hunn sech allerdengs, wéi sou oft, als net ubruecht erausgestallt. Well eng Saach, déi mir immens gudd gefall huet, ass dass een um Camino direkt Kontakt mat villen interessanten Läit fënnt. Die meescht kommen alleng dohinner an sinn duerfir selwer oppen fir nei Kontakter (am Géigensaatz zum ‘normalen’ Liewen). Sou erginn sech séier Frendschaften an kleng Gruppen. Ausserdem verbënnt een jo eppes Gemeinsames an dat erliichtert d’Mateneen jo enorm. An et gesäit een mat der Zäit emmer rem die selwecht Läit erem (an neier), sou dass et ganz natiirlech ass, dass een op eemol mat quasi jiderengem schnësst. Mol mei, mol manner natiirlech. Mee alles emmer ongezwongen an positiv. D’Gespréicher sinn och manner iwwerflächlech wéi villäicht soss mol an et kënt een relativ séier op méi déifgrënneg an och perséinlech Themen.

Sou dass et engem seelen langweileg ass. Au contraire, heiandsdo hunn ech schon bewosst missten en Break man an e bessen Solitude sichen. Well ech woer jo och dovir do. An wann een alleng wandert, ginn engem Zäit an d’Distanz och wesentlech méi bewosst an et ass méi ustrengend. Anerersäits erlaabt et engem awer och iwwer eegen Saachen nozedenken. Et ass wuel wéi emmer am Liewen, alles an Moossen: mol Deel vun engem Grupp, mol alleng. Fir mech die perfekt Mëschung.

Wat d’Läit ugeht, sou hunn se all, mech abegraff, eng kleng mat der Ratsch (am positiven Sënn). Mee et ass wuel dat, wat se sou sympatesch an interessant mëcht. Ausserdem sinn die meescht wirklech léiw, hëllefsbereet asw. Qualitéiten, déi een soss net emmer direkt iwwerall fënnt. Natiirlech ginn et och e puer Unikum’en, mee och déi sinn am Endeffekt harmlos. Interessant woer och, dass d’Läit aus der ganzer Welt kommen (Europa, USA, Kanada, Mexiko, Japan, Korea, Indien, …). D’Majoritéit ass och aus reflektiven/spirituellen Grënn do, eng Minoritéit aus wirklech traditionell kathouleschen an e puer man et just wéinst dem kierperlechen Effort.

Kierperlech hunn ech et och ganz gudd gepackt. Et gewinnt een sech séier un dat alldeeglecht Goen an deen néien Alldag. An et ass och villes méi einfach. Et brauch een netlaang z’iwwerléen, wat een undoen soll. Et huet een jo nemmen 3 Saachen. Et brauch een net laang z’iwwerléen, wat een man soll. Et muss een just an enger Herberg ukommen. Generell muss een wéineg Décisiounen huelen, an et huet een Zäit fir méi kontemplativ, am Moment, ze liewen wéi emmer eppes missen ze man. Natiirlech gëlt och hei nees d’Saach mat den Moossen. Nemmen kontemplativ ass genausou schlecht wéi nemmen hektesch a gestresst ze sinn. Mee et gesäit een villäicht verschidden Saachen aus engem aneren Bléckwenkel an erkennt, dass et méi wie nemmen een Wee gët säin Liewen ze man, oder, grousst Wuert, glëcklech ze ginn.

An schlussendlech stellt een fest, dass die meescht Läit wuel nemmen dat selwecht wëllen: zefridden/glëcklech ze sinn an Léift ze kréien resp. können ze ginn. Lo klengen ech schon wéi en Hippie. Just dass ech mech regelméisseg duschen, hehe.

Natiirlech ass sou en Liewen um Camino eng Extremsituatioun an an enger gewësser Hinsicht eng Utopie, mee trotzdem seet een sech, dass d’Welt besser wier, wann méi Läit sou giffen denken oder spieren. An net de Besoin hätten fir anerer permanent auszebeuten an just no sech ze kucken oder, dat anert Extrem, Haass ze verbreeden an sech selwer an d’Luucht ze sprengen …

Sou, dat wär dann lo mol main schnellen Résumé.

E schéinen Dag nach!

Ennerschrëft, wgl.

June 24, 2007 Leave a comment

Exzellenten Video vun Amnesty International:

Categories: Design, Gesellschaft, Politik, Video

Back again.

June 24, 2007 7 comments

Sou, ech sinn rem zereck am Ländchen. Wéi die meescht jo lo hei wëssen, sinn ech 800km op Santiago de Compostela getrëppelt. Net aus religéisen Grënn, mee eischter aus Virwetz an fir mol eppes ganz anescht ze man.

An ech muss soen, et woer eng vun deenen beschten Experienzen, déi ech bis lo gemaach hunn. Schräiwen spéider wahrscheinlech eng Keier en klengen Post driwwer. Mee am Moment sinn ech nach ze midd an muss mol alles sortéieren. Meng Fotoen an meng Gedanken.

Ausserdem ass jo haut och nach den Rock-a-Field.

Hasta luego.

cimg0794.jpg