NatGeo International Photography Contest.
Ech sinn eng Legend.
Nujee, ech net wirklech. Eischter de Will Smith.
Fir den Film ‘I am Legend’ gët et nët nemmen en Trailer, mee och zousätzlech kleng Animatiounsfilmer, déi net schlecht sinn. Hei gët et lo deen drëtten.
Dës Filmer wärten awer leider wuel besser sinn, wéi deen eigentlechen Film usech …
Politesch Korrektheet …
Ass witzeg, wann een verschidden Bibel-Versiounen mateneen vergläicht (jo, ech hunn momentan naischt besseres ze dinn …):
Luther Bibel (1545)
1 Chronik 20:3 Aber das Volk drinnen führte er heraus und zerteilte sie mit Sägen und eisernen Dreschwagen und Keilen. Also tat David in allen Städten der Kinder Ammon. Und David zog samt dem Volk wider nach Jerusalem.
Elberfelder (1855)
1 Chronik 20:3 Das Volk aber, das darin war, holte er heraus und stellte es an die Steinsäge, an die eisernen Pickel und an die Beile. So machte es David mit allen Städten der Söhne Ammon. Und David und das ganze Volk kehrten nach Jerusalem zurück.
Am hebräeschen Original gët d’Wuert ‘suwr’ benotzt, wat souvill heescht wéi ‘to reduce into pieces’. Et weess een also, wat fir eng Iwwersetzung méi no um Original ass … Keen Wonner, dass all die weichgespült Chrëschten vun haut näischt méi wirklech mat der Bibel, geschweige denn dem alen Testament wëllen ze dinn hunn, hehe.
Badass!
The 9 most badass Bible verses.
Herrje, die Religiounsstonnen an der Schoul hätten awer interessant kéinten sinn …
Euthanasie (2).
Artikel am Spiegel. Muss en den Owend doheem liesen.
Know yourself!
Sorry, dass ech an der Läscht bessen vill iwwer religéis Themen posten, mee sou Zäiten ginn et halt.
Hei en neien Video vum Pat Condell, deen net schlecht ass. Och wann ech natiirlech awer een vun deenen méi ‘doucen’ Agnostiker/Atheisten wier … De Problem ass, et muss een den Läit eng adequat Philosophie amplaaz vun religéisem Dogma ginn, an net just den Dogma ofschafen. Den Besoin fir dat Iwwernatiirlecht, en Sënn am Liewen, etc besteht numol.
“He can know himself. In the biblical sense.” Hahahahahah! Wärt och cool op engem T-shirt: ‘Hey, know yourself! In the biblical sense.’
Rezent Kommentarer