Quantum.
Wäert zwar kee Quantesprong sinn an ech woer och net wirklech vun deem läschten iwwerzeecht, trotzdem wäaert ech deen neien Bond ‘Quantum of Solace’ kucke goen.
GAP.
Nee, domadder ass lo heinët e Kleederbuttek gemengt, mee den Great Ape Project.
D’Spuenier wëllen lo an deem Sënn e Gesetz erloossen. Fannen ech gudd.
Spain’s parliament voiced its support on Wednesday for the rights of great apes to life and freedom in what will apparently be the first time any national legislature has called for such rights for non-humans.
Parliament’s environmental committee approved resolutions urging Spain to comply with the Great Apes Project, devised by scientists and philosophers who say our closest genetic relatives deserve rights hitherto limited to humans.
Ech hat mer jo och schon eng Kéier generell Gedanken iwwert nët-mënschlech Déieren gemaach (‘Ass den Bello en Zombie?‘, zumools den zweetläschten Paragraph ass an dësem Zesummenhang relevant).
Hei och nach eng Kéier den Artikel iwwer Kommunikatioun tëschent Mënsch an Aaf.
Keele spillen.
Wéi ech kleng woer, sot een mir ëmmer, dass d’Engelcher giffe Keele spillen, wann et donnert. Wat mëch lo giff intéresséieren ass, ween dat (oder soss en anert Sprëchwuert) als éischt gesot huet. Well ët muss jo ëmmer een ginn, deen eppes fir d’éischt seet oder mëcht. An mat Chance bléiwt dat am Sproochgebrauch (oder kollektiven Gediechtnis oder wat och ëmmer). Wier interessant verfollegen ze kënnen, wéi sou Konzepter sech ausbreeden …
RIP.
George Carlin (1937-2008).
Respekt.2.
Die Russen sinn wirklech gudd. Respekt. Dat konnt een och schon beim Schweden-Match gesinn.
Déi kënnen sou suwuel d’Spuenier wéi d’Italiener rauskicken. Besonnesch, wann se nach e bëssen un hierer Chanceverwertung schaffen!
Dann gët et jo awer nach ‘meng’ Final Russland-Tiirkei.
De Mätt.
De Matt ass mol nees um Tour gewiescht:
Wat e Liewen!!!
Rezent Kommentarer