Archive

Archive for the ‘Reklammen’ Category

Schleichwerbung?

April 30, 2009 1 comment

Firwat ass der Post hieren ‘Deel’ op der Homepage vun RTL eigentlech net als ‘Publicité’ gekennzeechent? Oder ass dat einfach sous-entendu an ech sinn nees just klenglech?

Touché.

February 26, 2009 4 comments

Gutt gemaach:

Allerdëngs wees ech net, op deen Blackberry wirklech besser ass wéi den iPhone. Mee ëmmerhin huet een vun hieren Haaptdevelopperen fréier bei Apple, an mat um iPhone, geschafft?

Categories: Reklammen, Video

Hail Mary!

December 13, 2008 4 comments

maria_cover_playboy_1212-thumb1

Den Playbox Mexiko huet dat altbekannten Rezept fir bëlleg Reklamm ze kréien benotzt: eng Kontroverse krééieren.

An dësem Fall fir hieren Dezember-Cover dem Maria ze widmen. Natiirlech hierem Model, deen María Florencia Onori heescht …

Gutt gefall huet mer och dat hei:

(reuters) A nude model resembling the Virgin Mary on the cover of the Mexican edition of Playboy magazine, published only days before a major Mexican festival dedicated to the mother of Jesus

an die indirekt Äntwert doropper op engem aneren Site:

That is, if the Virgin Mary was Photoshopped, fair-skinned, blue-eyed and didn’t own proper clothing.

Wéi wann irgendeen wéisst, wéi die faméis ‘Jongfra’ en effet ausgesinn hätt. Mee natiirlech kann ech novollzéien, dass gleeweg Läit net immens ‘amused’ iwwert esou eppes sinn. Nujee, dann soll Gott halt mol rem en Donnerblëtz op Soddom % Gomorrha rofgeheien. En ass do an der Läscht e bëssen noléisseg ginn …

Ah jo, d’Biller fënnt een hei. Fir dass een wees, em wat et geet.

Virgins.

December 12, 2008 5 comments

Whopper Virgins an dësem Fall.

Usech eng originell Iddi a gutt emgesat, mee et bléiwt natiirlech en liicht schalen Nogeschmaach vun ‘Globalisatioun, US-Dominanz vun Allem, Risiko vun Eenheetsbräi, etc’.

Perséinlech fannen ech den Whopper och tonnen besser wéi den Big Mac.

Ah jo, an ass eigentlech lo zu Belval en Burger King oder net? Wuel net, soss hätt ech schon eppes dovunner héieren mengen ech …

Categories: Food, Reklammen, Video

Eng Illusioun manner.

September 9, 2008 7 comments

E Kolleg huet grad erzielt, hien hätt an enger Zeitung aus der Marketingbranche gelies, dass die sëlleg Irish Pubs ausserhalb vun Groussbritannien haaptsächlech op eng Marketingsinitiative vun Guinness an de 70er Joeren zereckzeféieren sinn. D’ass se also net ‘natiirlech’ entstaan sinn, mee artifiziell, mam But fir Guinness ze verkafen. Deen d’Läit jo och seelen an engem aneren Kader oder Café drénken. Die Erklärung mëcht Sënn.

An anscheinend kann een sou Pubs ‘bestellen’, wou dann d’Miwwelen, de Bueden, etc kënschtlech op aal an benotzt getrimmt sinn fir den typeschen Flair riwwer ze bréngen. Faszinant. Wéi echt ass eis ‘echt’ Welt eigentlech? Alles fake …

Categories: Gesellschaft, Reklammen

Gudden Appetit.

June 18, 2008 8 comments

Ech wëll lo hei net iwwert d’Vir- an Nodeeler vun Genfood diskutéieren, mee die Affichen hei fannen ech gutt gemaach:

Categories: Natur, Reklammen, Wëssenschaft