Post-Apokalypse.
Postapokalyptesch Szenarien faszinéieren jo vill Läit, a mech och.
An deem Kader sinn ech desläscht op zwou interessant Bandes Dessinées-Serien gestouss.
– The Walking Dead, wou no engem (nach net?) näher spezifizéierten Event op eemol d’Läit an/oder die Doudeg sech a Zombien verwandelen. Just e Grapp voll Läit sinn (nach?) net betraff a mussen sech derduerch schloen. Ginn relativ interessant Iwwerleeung ugestalt, wat die real Konsequenzen vun sou enger (oder ähnlecher) Katastroph fir die Iwwerliewend wieren, och am tëschenmënschlechen Beräich. Schwaarz-wäiss Biller.
– Y: The Last Man, wou vun engem Moment op deen aneren op eemol all männlech Wiesen op der Welt stierwen ausser engem Tipp a säin (männlechen) Aaf. Faarweg Biller.
An béiden Fäll hat ech fir d’éischt ëmmer just een Sammelband kaaft fir se mol ze testen mee hunn se awer dunn verschlongen well d’Geschichten imho wierklech matrappen an ech hunn dunn direkt déi nächst Bänn bestallt. Y hunn ech schon ganz gelies, bei TWD sinn ech lo beim drëtten Sammelband. TWD ass och nach ‘fortlaufend’.
Grafesch gefalen se mir allen zwee och gutt (obwuel et bei TWF e bessen schued ass, dass deen Zeechner no der Halschent vum eischten Sammelband – 6 Episoden – wiesselt mee deen zweeten ass awer och pas mal), mee TWD ass deelweis definitiv gory an generell intensiv, also näischt fir kleng Kanner … Fir déi aner, soulaang se sech e bessen fir SciFi, Fantasy an/oder klasseschen Horror interesséiert sinn se definitiv ze recommandéieren. Beid Serien hunn och den Eisner Award gewonnen.
A recommander (x2).
Sketches of Space am MUDAM
Born to be wild am Musée d’histoire de la ville de Luxembourg
Shaun Tan.
Op der Sich no orginellen ‘graphic novels’ sinn ech op den Shaun Tan gestouss an ech sinn total begeeschtert vun sengen Wierken a sengem Kënnen. Villäicht gefällt et jo soss nach engem:
Tales From Outer Suburbia (Alldeegleches gët ‘magesch’ an poetesch)
The Arrival (eng visuell wonnerschéin Geschicht zum Thema Emigratioun)
The Red Tree (keng Geschicht, et gi just Gefiller als Biller duergestallt)
The Lost Thing (eng léiw, surreal Kannergeschicht)
The Rabbits (eng Fabel iwwert d’Kolonialisatioun vun engem Land)
Vill Suen.
Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.
(via)
Den Ansel Adams konnt och anescht.
Den Ansel Adams ass jo haaptsächlech fir seng schwarz-wäiss Fotoen bekannt, mee hien huet och interessant faarweger gemaach:
Méi faarweg Fotoen fënnt een hei.
Villäicht déi bescht Intro ever vun enger Serie.
Ass net néi, mee ëmmer rem genial:
Rezent Kommentarer