Archive

Archive for July, 2008

Opgepasst, lo wackelt et …

July 30, 2008 3 comments

Opgeholl während dem rezenten Äerdbiewen zu Los Angeles:

Muss scho komesch sinn!

Categories: Video

Emmer nach aktuell.

July 27, 2008 1 comment

De Carl Sagan woer wirklech aussergewéinlech. Missten méi Wëssenschaftler ginn, déi sou mat de Läit kommunizéieren kënnen.

Dësen Video ass och ëmmer rem super:

Time travellers!?

July 27, 2008 Leave a comment

Endlëch sinn Preuven fonnt ginn, dass suwuel den Elvis wéi den Michael Jackson am Fong Zäitresender sinn.

Den MJ gouff an Ägypten veréiwegt:

an den Elvis zu Roum:

(link)

Categories: Fun, Geschicht, Musek

Grrrrr …

July 26, 2008 9 comments

Woer am Auchan an wollt mer do eng nei, zousätzlech Späicherkaart fir meng Nikon d70s kafen, mee sie haten just nëmmen nach 4 an 8 Gb Compact Flash Cards. Meng Nikon kann awer anschéinend just maximal 2 Gb Kaarten schlécken … Super!?

En richtegen Fotosbuttek wiert jo wuel nach sou ‘aal’ Kaarten hunn? Kann mer jo net dowéinst en neien Apparat kafen. Och wann dat wuel bestëmmt Taktik ass …

Categories: Luxembourg, Photographie

Clausen & Gronn.

July 25, 2008 2 comments

Just e puer Fotoen.

Categories: Luxembourg, Photographie

Do woer awer een hongereg!

July 23, 2008 Leave a comment

Leopard fänkt Krokodil!

ps. ech haassen all die Video’en, wou Läit verschidden Déierarten openeen hetzen, mee dat hei ass einfach Natur.

Categories: Natur, Photographie