Archive

Archive for January, 2009

Köstlech.

January 31, 2009 12 comments

Beim googelen no deem Ratzi-Bild sinn ech op folgenden Site gestouss.

Sou Verschwörungstheorien sinn ëmmer rem köstlech. Liesen ech léiwer wie offiziell Fantasy. An ech hoffen jo kee vun äre Papp ass an enger Rotary … ? lol

An de Ratzi leet nach eng Schëpp dobäi!

January 31, 2009 Leave a comment

Papst ernennt Ultrakonservativen zum Bischof.

Dat schëngt och en ganz Cleveren ze sinn:

Der 54-jährige Wagner hatte mit seinen kontroversen Äußerungen in der katholischen Kirche Österreichs immer wieder für Aufregung gesorgt. Als der Hurrikan “Katrina” im Jahr 2005 die US-Küstenstadt New Orleans zerstörte, verkündete Wagner im Pfarrblatt seiner damaligen Gemeinde: “Es ist wohl kein Zufall, dass in New Orleans alle fünf Abtreibungskliniken sowie Nachtclubs zerstört wurden.” Nach der Tsunami-Katastrophe 2004 merkte er an, dass die Flutwelle nicht zufällig zu Weihnachten aufgetreten sei, wenn die Leute aus dem reichen Westen ins arme Thailand flüchteten. Zuvor hatte Wagner bereits junge Leute vor der Harry-Potter-Lektüre gewarnt, da er hinter den Büchern von Joanne K. Rowling “Satanismus” vermutete.

Wat fir en total inkompetenten Dämel muss säi Gott sinn, wann en eng ganz Regioun musst verwüsten an Tausenden vun Läit embrëngen fir säi Message eriwwer ze bréngen? Firwat net einfach e Blëtz op déi 5 Kliniken schléideren, e Statement op CNN und gut is’? Argh, die onendlech Idiotie vun religéisen Fanatiker …

Mee su lues kënt jo dann awer de richtegen Ratzinger rem zum Virschäin.

devil-pope

Supply Side Jesus.

January 31, 2009 Leave a comment
Categories: Fun, Religion/Philosophy

Pesché-Initiativ fir en Referendum en Riesesuccès!

January 31, 2009 13 comments

Natiirlech net.

Bis lo hunn se anscheinend just 550 Stëmmen zesummen kritt. Schéngt, wéi wann die meescht Läit halt aner Prioritéiten hätten, wéi eng weider Krise ze provozéieren.

Categories: Luxembourg, Politik

Copy Cats.

January 31, 2009 3 comments

Die amerikanesch Republikaner schéngen ëmmer nach verzweifelt ze sinn. Genausou wéi se probéiert haten den Demokraten mam Sarah Palin als Kandidatin fir d’Vize-Präsidentschaft Stëmmen ofzehuelen, probéieren se ët lo an deem se en Schwaarzen un d’Spëtzt vun fir hieren Nationalkomitee wielen! Ween hätt dat nach virun engem Joër geduecht, lol!

Da sinn ech mol gespaant, wéi den Süden drop reagéieren wäert … An och wann et hinnen net onbedengt vill méi schwaarz Wieler brëngt, sou hëlleft et villäicht opmanst fir den Rassismus och bei den Repulikaner ofzebauen?

Categories: Gesellschaft, Photographie

Kein Anschluss unter dieser Nummer.

January 30, 2009 Leave a comment

Cool Lëscht vun originellen ‘404 pages’!

Categories: Design, Wired world