Archive

Archive for December, 2008

Viva la Pop.

December 27, 2008 2 comments

Net schlecht:

A Mashup of the Top 25 Hits of 2008, according to Billboard.


Categories: Fun, Musek, Video

Harold Pinter.

December 27, 2008 Leave a comment

Zum Doud vum Harold Pinter, hei säin impressionanten Nobel Speech (2005):

Vodpod videos no longer available.

Hei gët et den Speech och als Transkript an verschiddenen Sproochen.

Categories: Literatur, Politik, Video

Louis CK.

December 26, 2008 2 comments

Net schlecht dee Jong.

Deen hei ass fir de Popst:

Categories: Fun, Video

Gedankenexperiment.

December 26, 2008 55 comments

Stellt iech fir ët existéieren zwee Universen, déi absolut identesch sinn. An béiden gët et en Jong, deen Jhemp heescht. Béid Jhempen hunn absolut dat selwecht erliewt bis elo an denken an fillen och absolut gläich. An deem exakt gläichen Moment ginn se dann lo gefrot op se wëllen Member vun den Scouten ginn.

Lo d’Fro: Giffen se d’selwecht äntwerten oder net?

Äntwerten mat Begrënnungen an den Comments wgl. Merci.

Categories: Religion/Philosophy

Current Reading (3)

December 25, 2008 Leave a comment

En weidert Buch, wat ech absolut nëmmen recommandéieren kann ass ‘Outliers‘ (däitschen Titel: Überflieger) vum Malcolm Gladwell. Ech hat jo een Kapitel schon eng Kéier op dësem Blog ugeschwat: ‘Warnung: Ferien gefährden die Intelligenz‘.

No ‘Tipping Point‘ an ‘Blink‘ ass dat hei dat drëtt Buch, wat ech vum Gladwell gelies hunn an et ass menger Meenung no säin bescht. Obwuel besonnesch ‘Tipping Point’ wirklech en ‘close second’ ass.

An dësem Buch analyséiert hien verschidden Succes Stories an probéiert eraus ze fannen, wéi et zu hinnen komm ass. Die üblech Äntwert “Well den XYZ en Genie ass/woer!” geet him net duer. An zu Recht.

Firwat sinn souvill Staraffekoten an Amerika Judden, firwat sinn d’Asiaten generell sou gutt an der Mathé, wat erkläert dem Bill Gates säin Succès, wat deen vun den Beatles, vun gewëssen Sportstaren, etc?

D’Erklärungen wëll ech lo hei net einfach sou verroden, well et ass faszinant d’Analysen ze liesen.

D’Conclusioun generell ass, dass Genialitéit nëmmen en Deel vum Ganzen ass an dass Genialitéit alleng net duergeet (dofir huet en och Géigenbeispiller). Die aner wichteg Fakteuren sinn: de richtegen Kader, die richteg Plaz, de richtegen Moment an VILL Schaffen. Deemno falen opmanst 4 vun dësen 5 Elementer eischter an d’Rubrik ‘Chance’ an gouffen net bewosst geplangt. Duerno hunn se sech natiirlech, an dësen Fäll, als extrem favorabel Kombinatioun erausgestallt. Mee dat huet virdrun keen konnten wëssen an och keen erwaart.

Meng Note: 9/10

Categories: CurrentReading, Literatur

Oh, Heng …

December 24, 2008 22 comments

Eise Grand Duc schéngt eng Tendenz ze hunn fir erratesch ze handelen …

De Grand-Duc huet ziort ee Mann begnodegt, dee wéinst Abroch an Déifstal zu festem Prisong veruerteelt war. Dat ass exceptionnell bei Prisongsstrofen. Am Januar 2007 gouf ee 50 Joer alen Awunner vu Miersch wéinst Abroch an Déifstal zu annerhalwem Joer festem Prisong veruerteelt. Een déckt halleft Joer duerno, ugangs Oktober 2007 huet d’Commission de Grâce sech mam Fall beschäftegt. De Vueruerteelten hat eng Demande fir eng Begnodegung agereecht. Vun deene 5 Memberen, déi an der Sëtzung vun der Comissioun waren, hunn se all géint eng Grâce gestëmmt. Trotz dësem kloren negativen Avis ass de Mann grâciéiert ginn. D’Dokument gouf vum Grand-Duc Henri a vum Justizminister ënnerschriwwen. Als Motivatioun vun der Décisioun goufen humanitär Grënn invoquéiert. De Mann huet ee Certificat vun engem Dokter présentéiert, wou et dran heescht, dass en eng schwéier psychiatresch Krankheet huet.

Die 5 Läit an der Kommissioun woeren also net-humanitär? Wéi kënt et, dass 5 Läit esou komplett anerer Meenung sinn, wéi de Grand Duc? Eng vun deenen zwou Säiten muss jo dann awer eppes gesinn, wat die aner soit iwwersinn oder express verdrängt huet … ?

An EEN Zertifikat vun ENGEM Dokter geet am sou engem Fall, wéi deem hei, duer?

Anscheinend gouff den Typ awer nach wéinst aneren Saachen en plus ugeklot. Den Xavier Bettel huet lo mol puer Ufroen beim Justizminister (sengem Lieblingsminister schéngt et, hehe) gemaach. Gutt sou. Si mol gespaant, wat do nees rauskënt.

Villäicht huet den Tipp jo Relatiounen zum Opus Dei oder den Charismatiker, lol.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg