Stereomood.
Extrem prakteschen Site (opmanst fir een wéi mech, deen sech selwer net esouvill mat Musek beschäftegt): Stereomood.
LP.
Ech hu mer lo d’LP Versioun vun ‘The Doors: 40th Anniversary Mixes’ am iTunes kaaft an fannen de Format nawell mol guer net sou schlecht! Schéin präsentéiert, Fotoen, Liddertexter, Hannergrondinfo, e puer Video’en. Bréngt wierklech deen LP Feeling eriwwer. Ass och en idealt Format fir den ‘iTablet’ deen demnächst erauskommen wäert (an iwwer AppleTV kann een se jo och lo ofspillen).
Mol gespaant, wat lo nach fir Alben an dem Format erauskommen wäerten.
Irreführend.
“1057 Luxemburger an Schweinegrippe erkrankt”
Ok. A wéivill vun deenen sinn an der Tëschenzäit nees gesond … ?
Well einfach sou kléngt dat, wéi wann lo 1057 mat der Schwéngsgripp giffen doheem leien.
Den Ansel Adams konnt och anescht.
Den Ansel Adams ass jo haaptsächlech fir seng schwarz-wäiss Fotoen bekannt, mee hien huet och interessant faarweger gemaach:
Méi faarweg Fotoen fënnt een hei.
Drawing the eye.
Dat hei kéint d’Photographen ënnert iech interesséieren: dräi interessant e-books (10, 10 more, drawing the eye) vum David duChemin fir jeweils 5 Dollar. Zumools mam momentan Dollarkurs e Schnäppchen.
Impfen. Jo oder Nee?
Ech hat zwar mol gesot, ech giff mech net impfen lossen, mee an der Tëschenzäit froen ech mech firwat eigentlech net?
Natierlech ass dat Ganzt en Hype an wahrscheinlech ferme iwwerdriwwen, an natierlech huet d’Pharma-Industrie hier Hänn bei dëser Hysterie mat am Spill, an ech wëll esou eppes net ennerstëtzen mee wat giff ech wierklech riskéieren, wann ech mech giff impfen lossen? Just fir op Nummer Sécher ze goen (keeft een jo och soss Assurancen …)?
An der Tëschenzäit hunn dat jo awer eng Rëtsch Läit weltwäit gemaach an et si jo quasi keng (wann iwwerhaapt?) Niewenwierkungen do?
An de Virdeel ass jo, dass een dann die Gripp net kritt (ok, villäicht awer eng Mutatioun dovunner). Wat méch giff arrangéieren, net well se lo souuuuu geféierlech wier, mee well et einfach nervt an langweileg ass fir e puer Deeg flaach ze leien.
Wat wieren also lo die konkret Argumenter GEINT eng Impfung? Oder sie die Géigenargumenter och usech vill Hype an waarem Loft?
Rezent Kommentarer