Archive

Archive for May, 2008

Himmerod.

May 31, 2008 Leave a comment

Woer mol ërem kuerz zu Himmerod. Dës Kéier als Tourist an mat Fotoapparat.

Dass et dat nach gët.

May 30, 2008 Leave a comment

E Stamm, dee nach autark an ofgeschnidden vun all Zivilisatioun am Dschungel existéiert. Allerdëngs sinn se sech natiirlech bewosst, dass ët irgendwelch komesch ‘Donnervögel’ um Himmel ginn, déi heiandsdo iwwert se hinwegfléien …

(source)

Korsika.

May 29, 2008 3 comments

Ech wollt mol de ‘Gallery’-Feature vu WordPress testen. Hei also e klengen ‘Best of’ vun mengen Fotoen aus Korsika. Sie goufen 2005 mat enger hongerecher 2MP-Kamera gemaach.

Wieso? Weshalb? Warum?

May 28, 2008 13 comments

Normalerweis attackéieren ech jo ëmmer religéis Läit, oder Religiounen, déi behaapten, sie hätten op alles eng Äntwert. Ouni dat awer ze beweisen können oder logesch ze sinn.

Allerdëngs nerven mech och Wëssenschaftler, déi behaapten, dass sie alles erklären kéinten (oder dat an Zukunft kéinten) an déi refuséieren fir zouzeginn, dass et och Froen ginn, déi hinne Schwieregkeeten maachen. An dass een fir verschidden wëssenschaftlech Theorien ze akzeptéieren och eng Zort Glaawen brauch.

Schwiereg Froen wieren zum Beispill (an ween huet sech déi eng oder aner vun deenen nach net gestallt?):

  • Wou genau huet den Big Bang statt fonnt?
  • Wat vor VIRUM Big Bang?
  • Wat ass während dem Big Bang explodéiert?
  • Wou ass dëst Material hierkomm, dat schlussendlech an Galaxien, Planéiten an Liewewiesen resultéiert huet?
  • Wat huet den Big Bang ausgeléist?

Ech verstinn, dass Wëssenschaftler dës Froen net immens gären hunn an dann direkt defensiv ginn, well all Kéiers wann se eppes net hieb- an stichfest erkläre kënnen, gët automatesch vun der anerer Säit den ‘God of the gaps’ ërem an d’Spill bruecht. Wéi wann dat wirklech irgendeppes erkläre géiff. Gott (am traditionellen, anthropomorphen Sënn) ass just eng bëlleg Excuse, ein einfach Äntwert op schwéier Froen. Déi duerfir awer net richteg, oder probabel, muss sinn. Opmanst net am traditionelle Sënn.

An wann och zB eise Big Bang duerch d’Kollisioun vun zwee aneren Universen entstaan wier oder sou, dann erklärt dat nach ëmmer nët firwat déi zwee Universen eigentlech existéieren. Et verleet den Problem just ëmmer méi no vir. An die uewe genannten Froen bléiwen.

An fir dass mech lo keen falsch versteet: ech vertrauen, oder ‘gleewen’, der Wëssenschaft wat hier Theorien NOM Big Bang uginn. An d’Wëssenschaft, am Géigensaz zu der Religioun, verbëssert sëch jo och stänneg selwer.

Et misst dach méiglech sinn ze soen: ‘Jo, mir hunn doropper keng Äntwerten’ ouni dass dorausser geschlussfolgert gët, dass en Bopi mat engem laangen, wäissen Baart, deen irgendwou op engem gëllenen Troun schwieft, alles geschafen huet. D’Wëssenschaftler missten sech an deem Sënn endlech dem Problem stellen an sëch emanzipéieren.

Photoshops.

May 28, 2008 7 comments

Ech hu lo mol 4 verschidden Fotoservicer getest fir ze kucken, wou ech meng Fotoen an Zukunft am Beschten soll entwéckelen loossen.

Hei lo mäi Fazit:

4. Plaz: Den Fotoservice vum Auchan.

Plus: Rapid (20 Minutten) an bëlleg
Negativ: Keng super Qualitéit, bëssen komesch Faarwen an online dauert et anscheinend eng Woch bis een d’Fotoen kritt

3. Plaz: photoservice.com.

Plus: Rapid (1 Stonn) an qualitativ gudd
Negativ: Iwwerdriwwen deier, wann ët keng online Commande ass! Mee wann een se online upload ginn se net méi direkt an de Buttek hei am Land, mee an enger Zentral an Frankräich an dann kann ët anscheinend tëschent enger an zwou Wochen daueren bis een se an der Bréifkëscht huet. Fir mëch net akzeptabel.

2. Plaz: Photo Dichter.

Plus: Bëlleg, gudd Qualitéit an séier Online-Liwwerung (2 Deeg)
Negativ: Den Online-Interface ass net wirklech top an ët kann een net genau soen, wéi en Foto soll geschnidden ginn, falls néideg (oder ech woer nees blann).

1. Plaz: fotocommunity prints

Plus: Bëlleg, exzellent Qualitéit, gudd Faarwen, séier Online-Liwwerung (2-3 Deeg), top Upload-Interface, detailléiert Explikatiounen um Site
Negativ: Duerch de Porto muss een halt méi wie just 2 oder 3 kleng Fotoen bestellen pro Commande. Ass awer keen wirkleche Problem.

Categories: Photographie

Science vs Religion.

May 27, 2008 2 comments

Gudde Comic.

An deen hei ass jo och ëmmer rem gudd: