Archive

Archive for the ‘Design’ Category

iPad.

January 30, 2010 38 comments

Ech hunn mech zwar schon hei zum Thema geäussert, mee ech wëll awer nach e puer Gedanken zum iPad lass ginn an och op e puer ganz interessant Zitater, déi ech um Internet sou fonnt hun, hiweisen.

Fir d’éischt emol ass et ziemlech witzeg ze gesinn, wéi die meescht Geeks (meeschtens och oft professionell Apple-Haasser) nees e Gerät zerappen, dat se mol nach selwer net am Grapp haten an fir dat sie selwer mol net d’Zielgrupp sinn.

Den iPad ass, an dat huet den Jobs oft genuch betount, keen Laptop. Duerfir wäert en och an deenen wéinegsten Fäll, wou en Laptop wierklech gebraucht (an ausgereizt) gët, deen ersetzen. Mee doniewent ginn et immens vill Läit, déi en Laptop hunn mee deen net wierklech brauchen oder suguer wierklech gebrauchen kënnen. Sie hunn e Laptop well sie gären mobil am Internet surfen, hier E-Mail checken oder Filmer kucke wëllen. A net well sie lo do irgendwelch geeky Saachen dropmaachen wëllen. Fir esou Läit ass en iPad geduecht: einfach, stabil, keng Viren. An den Interface kennen se jo schon vun hierem iPhone, deen se, obwuel se keng Geeks sinn, extrem gären hunn a super fannen.

Dat sinn och Läit, déi sech DVDen kafen ginn amplaz Filmer iwwer Torrents erofzelueden. Gëff deenen e schéinen, einfachen Interface an déi kafen och Filmer a Serien online. Suguer ech giff dat man (aus Einfachheet awer och aus Respekt virum Kreativen, deen et gemaach huet – wann de Präis stëmmt).

Perséinlech wäert ech zwar wahrscheinlech waarden bis déi zweet Generatioun vum iPad erauskënt (obwuel ech mer villäicht aus Virwëtz awer deen bëllegesten iPad wäert kafen, ass jo net sou eng riesen Investitioun). Well et ass jo bekanntlecherweis déi zweet Generatioun vun den Apple Produiten, déi wierklech de Marché duerch hier Genialitéit emkrempelt. An dann wäert en jo och endlech zb eng Webcam hunn.

Witzeg fannen ech och die ‘Fehde’ tëschent Apple an Adobe. Natierlech beschränkt dat am Ufank d’Siten, déi en iPad, an och iPhone an iPod, kënnen usteieren, mee et däerf een och net vergiessen, dass Flash a. proprietär ass an b. op Mac an Linux extrem vill CPU verbraucht. Duerfir kann ech verstoen, dass Apple probéiert den HTML5 & CSS ze pushen. Fannen ech gutt. Am Géigensaatz natierlech zu Adobe, déi verzweifelt probéieren dogéint ze halen an souguer deelweis esou wäit ginn, ze behaapten, dass jo dann och zb die meescht Pornositen net méi accessibel wieren, lol! Wéi wann d’Porno-Siten den iPhone verschlof hätten oder nëmmen op Flash ugewiesen wieren …

Ah jo, a wat den Multitasking ugeet, sou stéiert deem seng Absence mech op mengem iPod Touch just, wann eppes net séier genuch gelueden gët a well ech dann waarden muss! Wier dat awer de Fall, firwat misst, oder wéi kéint, ech zum gläichen Zäitpunkt eppes anescht man?

Dat kéint een lo alles nach vill méi am Detail diskutéieren, mee lo mol zu den Zitater:

The Old World: In the Old World, computers are general purpose, do-it-all machines. They can do hundreds of thousands of different things, sometimes all at the same time. We buy them for pennies, load them up to the gills with whatever we feel like, and then we pay for it with instability, performance degradation, viruses, and steep learning curves. Old World computers can do pretty much anything, but carry the burden of 30 years of rapid, unplanned change. Windows, Linux, and Mac OS X based computers all fall into this category.

The New World: In the New World, computers are task-centric. We are reading email, browsing the web, playing a game, but not all at once. Applications are sandboxed, then moats dug around the sandboxes, and then barbed wire placed around the moats. As a direct result, New World computers do not need virus scanners, their batteries last longer, and they rarely crash, but their users have lost a degree of freedom. New World computers have unprecedented ease of use, and benefit from decades of research into human-computer interaction. They are immediately understandable, fast, stable, and laser-focused on the 80% of the famous 80/20 rule.

Is the New World better than the Old World? Nothing’s ever simply black or white.

(source – villäicht een vun deenen beschten Artikelen zum Thema)

Today Apple finally unveiled its tablet computer, the iPad. Thus concludes Phase 1 of the standard Apple new-category roll-out: months of feverish speculation and hype online, without any official indication by Apple that the product even exists.

Now Phase 2 can begin: the bashing by the bloggers who’ve never even tried it: “No physical keyboard!” “No removable battery!” “Way too expensive!” “Doesn’t multitask!” “No memory-card slot!”

That will last until the iPad actually goes on sale in April. Then, if history is any guide, Phase 3 will begin: positive reviews, people lining up to buy the thing, and the mysterious disappearance of the basher-bloggers.

(source)

Once you hit that power button, though, and start looking at apps, you begin to feel the difference. No longer restricted by a 480px x 320px resolution, applications begin to approximate their desktop counterparts in a way we’ve never seen. Instead of focusing on adding a camera or dishwasher, Apple put all of its effort into software, by redefining the UI iPod, Mail, Calendar, Contacts, andevery other default app. They then went a step further and ported all of the iWork apps, including Pages, Keynote, and Numbers to function on the iPad. They did this to set a bar, a standard. To show that it does things that the iPod touch will never be able to do. Think of the apps you use on the desktop—most of these could/will function on the iPad. Apps like Photoshop, OmniGraffle, Coda/Espresso. Even existing mobile/desktop apps, like Tweetie, will become immensely more powerful and usable.

(source)

Categories: Design, Wired world

Shaun Tan.

December 15, 2009 Leave a comment

Op der Sich no orginellen ‘graphic novels’ sinn ech op den Shaun Tan gestouss an ech sinn total begeeschtert vun sengen Wierken a sengem Kënnen. Villäicht gefällt et jo soss nach engem:

Tales From Outer Suburbia (Alldeegleches gët ‘magesch’ an poetesch)

The Arrival (eng visuell wonnerschéin Geschicht zum Thema Emigratioun)

The Red Tree (keng Geschicht, et gi just Gefiller als Biller duergestallt)

The Lost Thing (eng léiw, surreal Kannergeschicht)

The Rabbits (eng Fabel iwwert d’Kolonialisatioun vun engem Land)

Categories: Design, Konscht, Literatur

Vill Suen.

November 10, 2009 4 comments

Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.

(via)

 

Categories: Design, Konscht, Video

Sexy Maus!

October 20, 2009 2 comments

Déi do gët sech awer direkt kaaft!

hero_1_20091020

An och soss nees eng Rëtsch cool Upgraden vun Apple. Präisser sinn och ok (fir dat wat een am Endeffekt kritt).

Categories: Design, Wired world

Villäicht déi bescht Intro ever vun enger Serie.

October 17, 2009 6 comments

Ass net néi, mee ëmmer rem genial:

Categories: Design, Konscht, TV, Video

Shady.

October 7, 2009 2 comments

Cool optesch Illusioun:

Categories: Design, Gehir, Video, Wëssenschaft