Archive

Archive for October, 2007

Dia de los muertos.

October 31, 2007 4 comments

Ech fannen d’Mexikaner ginn besser mat deenen Deeg, an dem Thema, ëm, wéi mir generell:

Though the subject matter may be considered morbid from the perspective of some other cultures, celebrants typically approach the Day of the Dead joyfully, and though it occurs roughly at the same time as Halloween, All Saints’ Day and All Souls Day, the traditional mood is much brighter with emphasis on celebrating and honoring the lives of the deceased, and celebrating the continuation of life; the belief is not that death is the end, but rather the beginning of a new stage in life.

dia.jpg

Awwwwww …

October 30, 2007 Leave a comment
Categories: Film, Fun, Video

Kopplabunz.

October 30, 2007 6 comments

Ah, eis Ministeren, wann  se lass sinn!

Categories: Luxembourg, Video

Jo, sou demokratesch an gerecht!

October 30, 2007 Leave a comment

Ech kéint katzen, wann ech sou eppes liesen:

17 Zivilisten starben, die irakische Regierung protestierte, Washington gab sich kleinlaut – doch nun werden die Ermittlungen zu dem Vorfall vom 16. September wohl im Sande verlaufen: Das US-Außenministerium hat – nach Informationen der Nachrichtenagentur AP – den beteiligten Angestellten des privaten Sicherheitsunternehmen Blackwater Immunität zugesichert.

Onkontrolléiert, ballerwüteg Söldner, déi en Heedengeld verdëngen, vun all Responsabilitéit fräischwätzen an awer die ganzen Zäit selbstgerecht iwwer Demokratie, Mënschenrechter an Fräiheet schwafelen.

Dem Dubbelyou seng USA sinn esou en kriminell Bananerepublik, dass et wéi deet.

Categories: Gesellschaft, Politik

Der Name der Rose.

October 28, 2007 10 comments

cimg1778.jpgVu dass ech an der Läscht suwuel ‘Against the stream‘ (Buddhismus) wéi och ‘Was in zwei Koffer passt‘ (Liewen am Klouschter) geliess hunn, dierft et net iwwerraschend sinn, dass ech interesséiert woer, wéi am Télécran desläscht eng Kéier eppes iwwert ‘Schweigemeditations-Wochenenden’ am Klouschter Himmerod hei vir an Däitschland stung an mëch direkt fir dësen Weekend ugemellt haat.

cimg1768.jpgAn ech muss soen, et huet mer enorm gudd gefall. Eischtens ass de Kader genial, et fillt een sech wirklech an der Zäit zereck versaat. Die Maueren strahlen pur Kulturgeschicht aus (och wann d’Klouschter an d’Kierch Ufank 20. Johrhonnert nees deelweis hunn missen opgebaut ginn well den Napoleon se zerstéiert hat). En plus läit et immens schéin an et ass immens roueg do. Pathetesch ausgedréckt: eng Oase der Stille. Perfekt fir ofzeschalten an eng wellkom Ofwiesselung zu eiser schnelllieweger Konsum- a Mediengesellschaft. Zweetens woer et flott fir mol net alleng, mee mat aneren Läit zesummen an an engem aneren Kader wéi doheem, ze méditéieren. Mir woren zu sechs, plus de ‘Zen’-Pater, engem wirklech sympatheschen eeleren Här mat engem decken Rauschebaart an suwuel Eescht wéi Humor.

Den, deelweis fakultativen, Programm woer folgenden (well opwuel keng Hektik woer, ass awer eng gewëss Urdnung ugesot):

– Fréides um 17.00 Anchecken, um 18.00 Owesiessen, um 19.30 eng hallef Stonn Schweigemeditatioun an engem flotten klengen Sall, duerno fräi.

– Samsdes um 8.30 Kaffi, um 10.00 nees 30min Meditatioun, um 12.00 Mettegiessen (an hëllefen Tonnen Teller, Dëppen an Geschier oofzedrëchnen!!!), um 15.00 nees 30min Meditatioun, um 18.00 Owesiessen an um 20.30 nach eng Kéier 30min Meditatioun, mee dës Kéier an der Kierch (wat sauflott woer, well déi eidel an däischter woer, bis op den Altor deen beliicht woer. Cool Atmosphär.)

– Sonndes um 4.15 (Hallelujah fir d’Zäitemstellung!! eng Stonn méi Schloof) eng Andacht, usech well ech firwetzeg woer, awer haaptsächlech well een aus dem Grupp wousst, wou den Schlëssel fir den Kräizgang verstoppt woer an deen Nuets och Mauer ass, quasi ganz däischter, just puer kleng Luuchten, nees eng cool Atmospähre. D’Andacht usech woer surreal: 10 aal Männer, déi aus der Bibel virliesen (éischter grommelen) an Psalmen sangen (éischter grommelen), an dat während enger Stonn. An déi man dat ALL Moien!? Schon bizarr, mee bon, wann et hinnen eppes brëngt … Dann rem an d’Bett bis ët um 8 nees Kaffi gouff. Um 11.15 woer die läscht Meditatioun an duerno ass et zu Metteg z’iessen ginn. Gudden Schnitzel, jawohl! An duerno sinn ech nees heemgetuckert (an ech wärt mer lo définitiv geschwënn en GPS zouléen!!).

Ech ginn sëcher nach eng Kéier op sou eng Weekend dohinner.

Nach puer Remarken:

  • Die aner 5 Läit woren 2 jonk Educatricen, eng esoteresch ugehauchten Schickimicki-Madamm (awer usech fein), een iwwerraschend witzegen Steierberooder an deen läschten wees ech mol net, ausser dass hien regelméisseg fir die Meditatiounen kënnt
  • Keen Internet, keng Tele, keng Nouvellen. En néideg Détoxication vun Zäit zu Zäit. Relativéiert villes.
  • Ech sinn net an eng Mass gaang, halen dat net aus, dat geht guer net.
  • Den Peace & Love – Deel vum Chreschtentum mëcht Sënn, die aner Deeler awer iwwerhapt keen.
  • Religioun erfëllt den Besoin vun villen Läit no Sënn an Sëcherheet. De Problem ass, dass béides sech bei genauer Analyse net rechtfertegen léisst, mee bon … Ignorance is bliss?
  • Et muss een zouginn, dass Chrëschten sëcher net perfekt sinn, mee awer generell mei motivéiert sinn Läit an Nout ze hëllefen wéi anerer. Een vun den Mönchen huet zb en impressionnant Projet am Sudan. Emmerhin ännert en wirklech eppes sur place zum Positiven. An ech schwätzen lo vun Schoul- an aneren Hëllefsprojet’en. Net Vatikan-Schrott wéi keng Gummi’en, blann Indoktrinatioun, komplett Zerstéirung vun lokaler Kultur, etc.
  • D’Mönchen hei woren quasi all sympatesch, mee sie sinn jo och haut an enger anerer Situatioun wéi fréier, wou sie d’Soen haten, wou niewent all deenen kulturellen Glanzleeschtungen och vill Leed produzéiert gouff, wou vill Politik gedriwwen gouff, etc. Die Mönchen hei erschëngen mir op alle Fall méi éierlech, buedemstänneg an sympathesch, wéi irgendwelch geldgäil, falsch Televangelisten oder aner religéis Fanatiker (mee bon, et gouffen lo och keng kritesch Themen ugeschwat …). Och wann ech hieren Glaawen net novollzéien kann an deelweis extrem naiv fannen. Nujee, mir sinn all just kleng Männercher op engem bloen Punkt am riesegen Weltall an probéieren irgendwéi eens ze ginn. Et soll een net souvill jugéieren.
  • Deenen, quasi all, alen Mönchen nozekucken hat eppes wéi wann een engem bedrohten Volk am Dschungel giff nokucken. Interessant, kuriéis, sympathesch an awer (wahrscheinlech?) dem Ennergang gewéiht. Eng traureg Konsequenz dovunner wier, dass emmer méi sou Kléischter missten zougemaach ginn oder an Hoteler emfunktionnéiert ginn. Mee do geht Authentizizéit an Charme verluer.

Huet een et bis heihinner ausgehal?

Religulous.

October 25, 2007 4 comments

Ha, dat versprecht gudd ze ginn!

405px-religulous_poster.jpg

Categories: Film, Fun, Religion/Philosophy