An deen Nächsten …
Réaliséieren grad, dass ech een an mengem Alter (32), deen virun Kuerzem un Kriebs gestuerwen ass, awer kennen. Zwar net wirklech gudd, an haaptsächlech vun fréier aus dem Melu an sou, mee fillt sech trotzdem komesch un …
Zumools en ganz gudden Kolleg vun mir och virun 4 Joer un Kriebs gestuerwen ass. An en aneren deemols mat 16 Joer.
Et kann wirklech jidereen allzeit erwëschen …
Duerfir: méi genéissen an manner jéimeren. Richteg schlecht geht et jo wuel deenen Mannsten.
Oktav.
Nerv! Lo héieren ech rem während, wéi laang?, zwou Wochen nees permanent die Marschmusek vun den Oktavpilgeren …
Nazi-Laf.
Den Staffellaf fir d’olympescht Feier aus Griechenland an den jeweilegen Olympiastadion ze brëngen gouff vun den Nazi’en ageféiert:
The Berlin Olympics also saw the introduction to the ceremonies of the Olympic Torch bringing the Olympic Flame by relay from Olympia.
Léiert een all Dag eppes Neies bäi.
Wat e Kabes.
Natiirlech ridicule. Mee einfach Geeschter gleewen numool gären einfach Geschichten.
Dat Schlemmst ass wann Medien onkritesch iwwer sou Saachen berichten. An net erklären firwat dat am Détail keen Sënn ergët an onméiglech ass.
Gudden Appetit.
Die Asiaten …
Dann bléiwen ech dach léiwer bei enger Grillwurscht. Déi wibbelt wéinstens net méi.
Rezent Kommentarer