Archive

Archive for September, 2009

Carl Sagan ft. Stephen Hawkins.

September 30, 2009 Leave a comment

De Carl Sagan woer en ziemlech bekannten amerikaneschen Astronom (ënner anerem) an huet extrem vill fir d’Populariséierung vun wëssenschaftlechen Themen op der Tele an den ’80er gemaach.

Lo huet een hien zum ‘Sangen’ bruecht. Ah, die Wonner vun der moderner Technik:

Mir gefällt et.

PS. Dësen ‘autotune’ Effekt gët och vill vun ‘richtegen’ Sänger benotzt, wat erkläert firwat der vill live sou Schrott sinn an een net méi wierklech muss sangen kënnen …

Categories: Fun, Musek, Video, Wëssenschaft

Sou kleng.

September 30, 2009 8 comments

Mir mengen mir wieren sou grouss/wichteg an dobäi si mir sou kleng.

Categories: Video, Wëssenschaft

Polanski.

September 29, 2009 17 comments

Kann ee mer erklären firwat souvill ‘normal’ Läit en Tipp verteidegen, deen zouginn huet en 13jähregt Meedchen vergewaltegt(*) ze hunn awer nie richteg dofir bestrooft gouff?

Oder ass dat usech keen Crime, wann een dat Meedchen henno finanziell dofir entschiedegt?

Ech soen lo net, dass en misst bis un säin Liewensenn an de Prisong, mee ech fannen et schon bizarre, wann d’Läit lo fir hien kämpfen, wéi wann hien e Märtyrer oder sou eppes wier … Egal wéi gutt oder schlecht seng Filmer sinn, hien bléiwt en Pädophilen Perversen/Gestéierten, deen als 44jähregen en 13 Joër aalt Meedchen voll gemaach an vergewaltegt huet.

Keen Kavaléiersdelikt a mengen Aan … ?

(*) Ok, ‘Sex mat enger Mannerjähreger gehat ze hunn’, mee dat ass kee Riesenënnerscheed a bléiwt egal wéi pädophil gestéiert, zumools wann een souvill méi aal ass.

Categories: Gesellschaft

Yes, please.

September 21, 2009 1 comment

Eng ziemlech cool, nei Aktioun vun den Yes Men.

Ps. Ass dee Bop wierklech sou domm oder ass dee fake? Wahrscheinlech ass dee sou domm.

Schnéileopard.

September 20, 2009 2 comments

apple-snow-leopard-wallpapers-outed-24

Hunn de Snow Leopard lo problemlos op mengem Mac installéiert. De Finder etc sinn en effet nach e bësse méi séier ginn. Cool!

Keng riese Changementer, mee eng Rëtsch nëtzlech kleng Verbesserungen.

Categories: Wired world

Edukatioun.

September 20, 2009 1 comment

Pour info: die aktuell Ausgab vum ‘Lëtzebuerger Land‘ huet eng Bäilag zum Thema Edukatioun, déi wierklech interessant an gutt gemaach ass. Sou kritt een mol en ziemlech breeden Iwwerbléck iwwert die aktuell Situatioun, an dat aus verschiddenen Bléckwénkelen.

Generell kann ech d’Land och, als national Wochenzeitung, nëmmen recommandéieren! Genau wéi d’Newsweek als international Wochenzeitung.

An et ass einfach eng Freed Artikelen offline, ouni Hyperlinks an ouni Animatiounen ze liesen, hehe. Fillt een sech richteg zen.