Unhate.

November 18, 2011 Leave a comment

Since the Vatican wants to censure the image: here’s the Pope kissing a Muslim imam.

20111118-225625.jpg

Categories: Uncategorized

Näischt gelungen un dësem Video. Guer näischt.

December 16, 2010 2 comments
Categories: Fun, Religion/Philosophy, Video

Post-Apokalypse.

December 15, 2010 Leave a comment

Postapokalyptesch Szenarien faszinéieren jo vill Läit, a mech och.

An deem Kader sinn ech desläscht op zwou interessant Bandes Dessinées-Serien gestouss.

– The Walking Dead, wou no engem (nach net?) näher spezifizéierten Event op eemol d’Läit an/oder die Doudeg sech a Zombien verwandelen. Just e Grapp voll Läit sinn (nach?) net betraff a mussen sech derduerch schloen. Ginn relativ interessant Iwwerleeung ugestalt, wat die real Konsequenzen vun sou enger (oder ähnlecher) Katastroph fir die Iwwerliewend wieren, och am tëschenmënschlechen Beräich. Schwaarz-wäiss Biller.

– Y: The Last Man, wou vun engem Moment op deen aneren op eemol all männlech Wiesen op der Welt stierwen ausser engem Tipp a säin (männlechen) Aaf. Faarweg Biller.

An béiden Fäll hat ech fir d’éischt ëmmer just een Sammelband kaaft fir se mol ze testen mee hunn se awer dunn verschlongen well d’Geschichten imho wierklech matrappen an ech hunn dunn direkt déi nächst Bänn bestallt. Y hunn ech schon ganz gelies, bei TWD sinn ech lo beim drëtten Sammelband. TWD ass och nach ‘fortlaufend’.

Grafesch gefalen se mir allen zwee och gutt (obwuel et bei TWF e bessen schued ass, dass deen Zeechner no der Halschent vum eischten Sammelband – 6 Episoden – wiesselt mee deen zweeten ass awer och pas mal), mee TWD ass deelweis definitiv gory an generell intensiv, also näischt fir kleng Kanner … Fir déi aner, soulaang se sech e bessen fir SciFi, Fantasy an/oder klasseschen Horror interesséiert sinn se definitiv ze recommandéieren. Beid Serien hunn och den Eisner Award gewonnen.

Disney Vault.

December 2, 2010 Leave a comment

Ech wousst guer net, dass Disney hier Filmer regelméisseg fir e puer Joër vum Marché forthëllt!

Ma dann sollen se sech net wonneren, wann een soss Moyen’en sicht fir se ze fannen … an domadder mengen ech net fir se dann iwwerdeiert op eBay ze kafen!?

Categories: TV

Entweder Broder.

November 26, 2010 5 comments

Ech sinn normalerweis nach laang net ëmmer mam Henryk Broder averstan, mee déi hei Sendung ass wierklech gutt/interessant:

Categories: Gesellschaft, Politik, TV

Alt rem eppes iwwert e-books.

November 13, 2010 Leave a comment

Digital Underclass: What Happens When the Libraries Die?

Interessanten Artikel iwwert de Risiko, dass ëffentlech Bibliothéiken verschwannen wäerten an d’Konsequenz, dass zb aarem Läit méi schwéier un Bicher kommen. Och well een elektronesch Bicher jo net einfach sou verschenken oder ausléinen kann. Wat en effet schued an en Nodeel vun e-books ass.

E-books hu menger Meenung no hier Atout’en mee hunn niewent deenen erwähnten Nodeeler och nach déi, dass se sech halt net sou gutt ufillen an och, dass een se net an eng Bibliothéik stellen kann (wat ech perséinlech flott fannen). En plus leeft et dorobber eraus, dass mer just ëmmer nach op en Schierm glotzen wäerten …

Categories: Literatur, Wired world