AAI 07.

November 13, 2007 Leave a comment Go to comments

Ech sinn zwar eischter Agnostiker wéi Atheist, mee die Video’en vun der dësjähreger AAI sinn awer derwert. Vill gudd Speechen vun bekannten Läit: Richard Dawkins, Christopher Hitchens, Sam Harris, Ayaan Hirsi Ali, …

  1. November 13, 2007 at 6:37 pm

    Ech war laang agnosteschen Theist (i.e. zwar der Iwwerzeegung, dass ee Gott net beweisen/widderleen kann, mee trotzdem un e Gott gegleewt). Domatter sinn ech eigentlech zimlech gudd duerch d’Liewen komm (well et d’Méiglechkeet ophällt, dass nom Doud awer nach iergendeppes ass). Mee wat ech mech méi mat der ganzer Thematik beschäftegen an Bicher vum Dawkins an Hitchens liesen, ginn ech emmer méi zum Atheist. All rationellt Argument schwätzt onweigerlech géint ee Gott. Dat mécht mer zwar Angscht, well et heescht dat heite Liewen ass “as good as it gets” (lëtz. Expressioun well mer grad net afalen sorry), mee ech fannen keen eenzegt Argument wat mech géing dovunner iwwerzeegen, dass do baussen iergendeng Art vu Gott kéinnt sinn.
    Merci, dass de mech mam Link op déi Videoen nach méi wäit ewech vun sou engem Argument drécks. 😛 Nee, am Eescht, ech hunn se zwar nach net all gekuckt, mee si sinn verdammt gudd. Zumols den Hitchens géing ech wierklech gären eng Kéier live erliewen.

  2. November 13, 2007 at 8:12 pm

    Jo, den Hitchens giff ech och gären eng Kéier live gesinn! Am beschten bei enger Debatt mat engem chreschtlechen Apologet 🙂

    Fir de Rescht, ech considéieren mëch en pan(en)theistesch Agnostiker. Ech gleewen net un e Bopi am Himmel, eischter dass alles wat existéiert, Deel vun eppes méi Grousses ass. Wat an wéi dat och emmer sinn mag, op alle Fall muss et ganz anescht sinn, wéi alles wat mir eis de Moment virstellen können. Soumadder gesinn ech den Doud als dat läscht grousst Rätsel virun der Léisung (falls et eng Léisung gët). Loose mer eis also iwwerraschen … mee d’Opléisung presséiert awer nach net 😉

  3. November 13, 2007 at 8:56 pm

    Grommel:

    ouni der wëllen ze no trieden ze wëllen, kanns du vläicht ganz kuerz wéi den Thierry soen, zënter wéini dass du dech sou considéréiers? Huet sech déi Erkenntnis (ech wees, dass dat dat falscht Wuert ass, mä et fält mer keen anert lo an) vläicht aus unerzunnenem kathoulesche Glawen (ass dee Moment och dat falscht Wuert) erginn (dat ass sou ongeféier wéi et sech bei mir entwéckelt huet, ech ka mech nämlech gutt mat denger Siicht identifizéieren)?

  4. November 13, 2007 at 9:56 pm

    blogeescht:

    zenter winni genau weess ech lo net méi … ech woer fréier Massendënger, hunn d’Communioun an d’Firmung gemaach (awer ouni grouss Iwwerzeegung), dunn während dem Secondaire woer ech einfach anti-Religioun, an ech giff soen sou em die 20 hunn ech ugefaang kritesch Bicher iwwert d’Bibel ze liesen, Bicher déi d’Bibel vun engem historeschen Point de vue ugaangen sinn, déi Zesummenhäng an Symboler erklärt hunn, etc. Zenter dem ass fir mech kloer dass d’Chreschtentum wéi all die aner Religiounen nemmen e beschränkten Versuch ass fir dat Onerklärlecht ze erklären an dass all die iwwernatiirlech Elementer aus der Bibel Mythen an Aberglauben aus längst vergaangenen Zäiten sinn.

    An der Läscht hunn ech mëch méi mat Buddhismus beschäftegt, well ech fannen, dass deen eng ganz Rescht Saachen richteg erkannt hunn, och wann ech net mat Allem averstan sinn. Ausserdem fannen ech Meditatioun ganz nëtzlech an entspaanend.

    An meng pan(en)theistesch Tendenz kënt dohier, dass ech halt op eng Erklärung fir dat Ganzt hei hoffen an dass also net einfach mam Doud alles eriwwer ass. An well jo souwiesou keen dat genau wëssen kann, firwat soll ech net einfach op des Rätsels Lösung hoffen? 😉

  5. November 13, 2007 at 10:48 pm

    Merci fir däi Feedback, ech fannen du hues eng gesond Astellung zu deem Ganzen. 🙂

  6. November 14, 2007 at 8:19 am

    Merci, fannen ech och 😉

  1. November 16, 2007 at 3:46 pm
  2. December 21, 2008 at 4:47 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: